Jo, ech schéisse mech grad op déi Léit mam “C” a mam “S” a mam “V” an hierem Parteinumm an. Ech haat mer op dësem sonnegen Sonndenowend geduercht, dass ee jo mol roueg kéinnt eng Kéier kucken waat sie dann sou op hierem Internetsite dréiwen. Schons beim Header “Mat Iech am Gespréich” si mer dem Joël seng zwee Kollegen Anscht a Schrecken begéint.
Mee bon, ech wollt der Säit jo eng Chance ginn an hu mech emgekuckt. No 2 Sekonnen hu meng Aan eng Emfro op der Startseit gesinn. Et ass em d’Weltwirtschaftskriis gaangen, déi jo vum Premier Jean-Claude Juncker nach vrun e puer Méint als “einfach amerikanesch Imobiliekriis” bezeechent gouf déi nie hiere Wee an Europa giff fannen an wann dach nie hei am Land giff fir Schued suergen. Ech wollt dann bei der Emfro matmaachen an hu mer d’„Äntwerten” méi genee ugekuckt. Ech si mer emmer méi wéi de Joël firkomm, deen séng 2 Kollegen wuel fir den éischten sonnege Weekend vum Joër fräi ginn haat an sie mech dann eben elo nerve komm sinn. D’„Äntwerten” waaren keng Äntwerten.
Waat dunn nach bliwwen ass, waar d’Flucht an déi haat alt e besschen Hoffnung – Hoffnung dass d’CSV Politikerin Frank erem eppes ännert fir dass den “normale Bierger” d’Emfro versteet an matmaache kann – an huet hei um Blog mat engem Post opgehaal.

[Den Text ass e besschen inspiréiert um Joël séngen “Angscht a Schrecken” Texter, déi ech mengen Lieser och heimatter wëll recommendéieren. :)]

Mee zreck zum Politeschen. Ech froen mech wirklech wéi een op dës Emfro soll äntweren:
CSV Emfro

Esou eppes nennt sech dann “Mat Iech am Gespréich”? Sou eppes ass dann eng Vollekspartei? Sou eppes soll de Kontakt zum “normale” Bierger sinn?
D’CSV hätt besser wann sie hier biergerfeindlech an homophob (Octavie Modert) Hennere giffen op d’Oppositiounsbänk setzen. De Wahlkampf wäert fir sie jiddefalls méi wéi nemmen schwéier ginn.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

6 Comments

  1. Ech hunn daat gescht och gesinn an et ziemlech komesch fonnt. Virun allem och, well d’Äntwerten sou lusch formuléiert sinn. Definitiv A&S!

    Reply

  2. Et kann een effektiv scho baal nemmen en faveur vun der Regierung entwerten. Jippie, vive d'”Emfroen”! ^^

    Reply

  3. hehe jo et hätt een och kéinte Froen: CSV, CSV, CSV oder awer CSV?

    Reply

  4. Soll daat do e Witz sin?
    Ech brauch e cours d’appui, d’ Froen sin ze komplizeiert.

    Reply

  5. haha, dat doten ass dach eng typesch lëtzebuergesch Ëmfro wéi se och ëmmer bei de ‘Kollegen’ vum Radio gemaacht gëtt. D’CSV ass eben dach eng Volleks-Partei. Vox populi … 😉

    Reply

  6. Wann et dann alt wéinstens Äntwerte wäeren. Wann ech lo bspw. fannen, dass de Konjunkturpak net de richtege Wee waar, clicken ech et dann lo un oder net. Normalerwéis besteet jo eng Emfro doraus, dass een eng Fro gestallt kritt an dann aus verschiddenen Äntwerten séng kann erauswielen. Mee bon, d’CSV ass eben CSV an am “Gespréich” mat éis all. ^^

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s