Dëse Post kennt zwar leider mat e puer Stonnen Verspéidung (ech war leider am Ausland), mee interessant fir d’Wahlen an iwwerhaapt fir d’Politik ass een allemool.

Nodeems ech jo schons oft vum Jean-Claude Juncker sénger Aussoe iwwert d’Lëtzebuerger (“Hei am Land gett net méi richteg getickt”) geschwaat hunn, huet dann dës Woch an der Chamber d’CSV Députéiert Marie-Josée Frank wuel nach eng Kéier kloër gemaach waat d’Partei, déi den “C” sou grouss an hierem Numm dréit, vun de lëtzebuerger Bierger hällt. Et woar eng Interpellatioun vun der DP Députéiert Anne Brasseur déi eng wuel emstridden Aussoe vun der Madame Frank als Conclusioun haat. D’CSV Politikerin haat nämlech am Chamber-Blaat hier Ried, déi sie beim 2. Vote iwwert d’Euthanasie an der Chamber ginn haat, ännere geloos.

“Wann ech hei d’Tageblatt liesen, da kucken ech waat d’Madame Frank hei engersäits op der Tribüne gesoot huet – a mir woren all Témoin – an esou wéi et duerno am Bericht gedrëckt ginn ass, wou Modifikatiounen koumen vun hierem Text waat awer net deem entsprecht waat hei gesoot ginn ass, waat ech ganz staark bedaueren. Ech hoffen dass dat nemmen eng Kéier geschidd ass an net nach eng Kéier bei dëser Debatt fir kennt.”

Esou en Deel vun der Interpellatioun vun der Madame Brasseur. Nodeems sech dunn déi liberal Politikerin erem gesaat huet, wollt d’CSV Députéiert, déi nach beim Riednerpult stung, drop änweren. An d’Madame Frank wollt wuel minimun genee sou gudd sinn wéi hieren Idol(?) Juncker. Hier Begrennung fir hier Ried anescht ofzedrecken wéi se gesoot gouf:

“Ech hu gemengt et wier… zwee Seetz… dran, déi net sou wieren datt den normale Bierger dat goud genug kéinnt verstoen.”

“Den normale Bierger”?!?!?!
Fir d’éischt also kréien d’Lëtzebueger vum Jean-Claude Juncker gesoot, sie géifen net méi richteg ticken. Da kréien déi Jonk vum Fränz Biltgen firgeworf am “Hotel Mama” zelaang zeliewen. Da kennt erem den Jean-Claude Juncker deen déi Jonk als Lidderhänessen bezeechent, déi nodeems se hieren Diplom kritt hunn léiwer willten e puer Deeg Paus maachen ier se sech bei d’ADEM melle ginn. Während der Euthanasie Debatt goufen dann vun der ganzer CSV Aussoen déi beleidegent waaren. An elo ass et dann esou, dass den “normale Bierger” net ka verstoen waat eng CSV Députéiert gesoot huet.

CSV ass weder sozial nach chrëschtlech an eng Vollekspartei ass se schons laang net méi. Sie huet jo – wann een d’Begrënnung einfach mol als wouer unhellt – méi wéi nemmen de Kontakt mam Bierger verluer. Op sou ee Fudament well d’CSV dann laut hierem Slogan “bauen.” Et ass e Fundament waat Futti ass.
Lëtzebuerg brauch definitiv en néit Fundament. Lëtzebuerg brauch endlech en Opbroch. Lëtzebuerg brauch néi Weeër.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

9 Comments

  1. CSV ass scho laang net mei Partei vum klengen Bierger! Hächstens dann wann et drems geet se kleng ze kréien, dann trieden se ganz grouss op.

    Reply

  2. Sou gesin ech daat och, mais wann een de Politbarometeren kann gleewen schengt daat di meescht Leit awer net ze steieren! Wei lang kann een e Vollek fir domm haalen? Di Euthanasiegeschicht war eng eenzeg Frechheet, d’ CSV huet matt ALLEN Mettelen geint de Wellen vun der Majoriteit vum Vollek geschafft. An d’ Wort huet gudd gehollef. An elo de Skandal matt der Frank…wiesou heiert een schon deeglang naischt mei? Sichen se en Teppech wu nach Plaaz drenner as? Souweit ECH weess huet nach keen vun der CSV Stellung dozou geholl.

    Reply

  3. Déi zitéiert Anne Brasseur wor jo o net grad bekannt dofir, dat se d’Leit fir besonneg intelligent gehaalen huet – siehe hier Éducatiounspolitik nom Motto “Disziplin an Rigueur” … Sie as genee sou reaktionär wéi sou munchen CSV’ler. Wollt ech just emol umierken zu ménger allerléiwsten “liberolen” Députéierten.

    Reply

  4. @ Sven
    Also mir huet der Madame Brasseur hier Educatiounspolitik besser gefall wéi déi vun der Madame Delvaux. Madame Brasseur wollt wéinstens den Niveau erem hiewen, während d’Madame Delvaux… je… ech mengen souguer sie weës net richteg waat sie lo wollt a 5 Joër réaliséiern. 😉

    Reply

  5. Wat huet dann Mme Brasseur gemaach fir den “Niveau” ze hiewen?

    Reply

  6. D’Delvaux as awer definitiv daat méi geréngt Iwwel par rapport zur Brasseur. D’Brasseur haat en immens autoritären Toun drop an mol net usaatzweis probéiert, iergendeppes ze verbesseren – ech hun zimlech hier gesamt Amtszäit am Lycée verbruecht an ech hun an denen 5 Joer keng eenzen positiv Verbesserung gespuert. Een den sech “liberol” nennt, dierft dach net sou autoritär drop sen wéi sie oder?

    Reply

  7. Brasseur war secherlech mei pragmatesch wei d’Optrieden an d’Herausschielen vun faulen Kompromesser dei Delvaux dei lescht Joeren ausgeschafft huet. Vu Pilotprojet zu Pilotprojet Gepiddels an der Experimenteller Sandkaul – zu sennlosen Resultater dei derzou féiren dass den Schüler hächstens den Sand aus der Kescht rausscheppt.
    Kuckt ierch einfach an verschiddenen Schoulen em waat do an den Klassensäll oofleeft, mat Bildung an Wessenswermettlung huet daat hautesdaags net mei ganz vill ze din. Ouni minimal Disziplin, Rigeur an Acribie huet haut souguer den beschten Prof e schwéiren Stand d’Schüler an Schülerinnen ze motivéiren , an daat geet quesch duerch all Fach mettlerweile.

    Reply

  8. Di 2 lescht Eduktatiounsministeren brauche sech net ze bretzen, well allebéid hu si d’Kar net vill aus dem Dreck bewegt kritt. A wie se an den Dreck gesteiert huet, dorun erënnert sech natierlech haut kee méi. Ech si gespaant wien di nächst 5 Joer um Steier sëtzen däerf…

    Reply

  9. Also d’Madame Brasseur huet alt wéinstens probéiert den Secondaire erem riicht zebéien. Zum Beispill an deem d’Moyenne fir zekompenséieren op 27 gehéicht gouf. Bei der Madame Delvaux war dat Thema erem direkt vum Desch, dat war ganz kloër e Schrëtt zereck. Dat huet als Konsequenz dass vill Schüler net méi op d’Uni kommen (wëll hinnen hier Première näischt méi wäert ass) resp. wann se bis do sinn, kommen kanns vill erem zereck.
    Fazit bleiwt awer an do ginn ech dem Georges Recht, dass d’CSV – alt erem d’CSV – déi Kar do an den Dreck gefouert huet. Lo sinn déi 30 Joër an der Regierung, kuckt emol wou mer lo stinn. Kee Wunnraum, déier Wunnengen, Arbeschtsplaatzen schecke mer mam Ikea an d’Ausland, eis Banken fänken un zesummenzegoen (nodeems den Häerr Juncker nach so schéin gemengt haat déi Kriis giff niimools bei eis ukommen), eise Schoulsystem ass am A***, an eis Justiz sicht nach emmer no de Bommeléer. 30 Joër CSV an der Regierung waaren 50 Joër zevill.

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s