Lo sinn et nach genee 3 Méint bis dass d’Lëtzebuerger driwwer entscheeden ween hei am Land an deenen nächsten 5 Joër soll d’Verantwortung iwwerhuelen. Dräi Méint kléngt elo villeicht nach laang, mee eigentlech ass den 7. Juni schon vrun der Diir.

Dofir huet sech dëse Blog dann elo och an de Wahlkampf gebucht an an deenen nächsten 3 Méint wäert een hei vill Informatiounen iwwert d’Partei’en an d’Kandidaten fannen.

Nierft dem néien Layout gett et awer elo och nach vill aaner néi Saachen. Et goufen néi Weeër gewielt souzesoen 🙂
Esou fennt een beispillsweis e puer Video’en an der Spalt (do wäerten der a regelméisseschen Ofstänn dobäi kommen), et fennt een de Link zum Twitter-Account vun “Wahlen 09.” Do gett een méi séier informéiert iwwert d’Wahlen vum 7. Juni.
E ganz néie Wee ass dëse Blog mat der Rubrik “Lauschter op mech!” gaangen. Déi Rubrik erméiglecht et iech mat am Wahlkampf zebedeelegen. Nemmen esou funktionnéiert eis Demokratie richteg. Nemmen esou ass et méiglech déi grouss Aufgaben vun der Zukunft zebewältegen. Schwätzt oder schréiwt mat bei “Lauschter op mech!” Wéider Informatiounen fannt dir hei.

Da ginn et och nach e puer Changementer an der Blogroll mat e.a. enger néier Blogroll. An och déi laang eidel Säit Iwwert mech ass elo e besschen gefëllt.

Op den 7. Juni! 🙂

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

3 Comments

  1. Déi blo Faarw passt och besser zum Contenu. 😉

    Reply

  2. Ech si grad réicht ob dee Blog hei gestouss.
    Oppenen Bréif wielt nei Weer, ass dat Synonym fir OB wielt DP?

    Reply

  3. @ Chris
    Virdrun war de Blog greng, giel an liicht blo, dat waar awer och schons eng kléng Undéitung. Lo ass et jhust mei explicit. 🙂

    @ Thorben
    Welcome um Blog.
    All Iwwerschnéidung mat realen Wahlkampfsloganen ass rengen Zoufall. 😀

    (“Lauschter op mech!” ass awer fräi. Jhust adr Supporteren dierften et wuel schwéier kréien fir an engem Commentaire net géint déi Homosexuell an géint d’Auslänner zeklappen)

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s