Iwwer 4 Méint léien lo schon d’Wahlen an den USA hannert eis, mee ganz sinn se nach emmer net eriwwer. Et gett nach emmer 1 Rennen waat nach net fäerdeg ass. Minnesota.

Den Demokrat Al Franken huet do nom Recount eng Avance vun 225 Stëmmen. D’Republikaner puchen him awer fir d’Wahlen “geklaut” zehunn, e.a. sollen verschidden gülteg Bréifwahlziedelen als “ongülteg” gerechent gi sinn. Den Gov. Pawlenty (R) and den Demokrateschen Secretary of State Ritchie hunn alle béid ugekennegt d’Wahlresultat net offiziel unzerkennen bis déi Saach geklärt wäer.
Et ass dann elo vrun d’Minnesota High Court komm. Den Franken wollt eng Unerkennung vum Wahlresultat, ceci dit vun sénger Victoire. Vergebens. D’Gericht huet ofgeléent an sou geet de Kampf em den zweeten Senatorposten vun Minnesota wéider. D’Campaign vum Ginsberg nennt d’Entscheedung vum Gericht “e Succès fir d’Léit vun Minnesota” während op der aanerer Säit sech keen aus der Equipp em den Franken wollt äusseren.

Demokraten hunn momentan 58 vun 100 Sëtz am US Senat. 60 Sëtz giff déi absolut Majoritéit bedéiten, mee déi ass duerch d’Nidderlag am Runoff zu Georgia net méi meiglech. Demokraten kennen hechsten nach op 59 Sëtz kommen, déi hinnen et dann lo schon erméiglecht hätten deen groussen “health care” Project vum Obama duerchzekréien. Et huet nämlech nach 1 Stëmm gefeelt (e Republikaner haat sech kuerz vrum Vote awer erem em entscheed). Dëst huet verschidden Hard-Conservatives dozou bruecht wéider géint de Project zeknuppen, e.a. den Rush Limbaugh deen mengt, dass den Senator Edward M. Kennedy net méi wäert erliewen wéi säin Liewenswierk wäert emgesaat gett (“Before it’s all over, it’ll be called the Ted Kennedy memorial health care bill.”). [via]

Fir dëse Project – an nach vill aanerer gréisser Projecten – wirklech duerchzekréien, brauch den Barack Obama definitiv nach dee Setz aus Minnesota. Mee wahrscheinlech muss den President, deen momentan 62% vun den Amerikaner hannert sech huet, nach laang waarden bis déi Saach do geklärt ass.

Eng Affaire à suivre demno…

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s