Ech hu mech emol duerch sëllegen Artikelen an Fernsehbeiträg gelies/gekuckt an wëll emol e puer Zifferen nennen déi am Zesummenhang mam 20. Januar 2009 stinn a méi konkret mat der “Inauguration” vum néien US-President Barack H. Obama.

* 5,000 Dixie Toiletten waren op der “Mall” vrum Capitol Hill.

* Eng 10,000 Busser goufe gebraucht fir d’Léit op Washington D.C. zekréien. Dat heescht wann déi Unzuel vu Busser een hannert deem aaneren giff fueren, hunn se eng Schlang vun 137 Kilometer.

* Iwwer 8,000 $ huet en Ticket fir eng “gudd” Plaatz bei der Zeremonie kascht.

* Den Internet gouf an Nordamerika 20% méi oft benotzt wéi op “normalen” Deeg. Hei an Europa ass et souguer em 22% an d’Luut gaangen.

* Twitter haat 5 mol méi Tweets an der Sekonn ewéi “normal.”

* CNN haat zesummen mat Facebook den Event live um Internet iwwerdroen an ganzer 7,7 Milliounen Menschen waar dobäi. Iwwer 27 Milliounen Menschen hunn d’Saït vun CNN a Facebook um Dennschten opgeruff.

* NBC huet ebenfalls um Internet e Live Stream gemaat, a méi ewéi 9 Milliounen Menschen hunn et do gekuckt.

* Den „iReport” vun CNN haat um Dennschten méi wéi 12,000 néi Béiträg.

* Facebook meld dass sie ganzer 4,000 Status Updates haaten während der “Inaugural Address” vum Obama haaten an et goufen alt pro Minutt néi 8,500 Kommentarer.

* Eppes manner wéi 2 Milliounen Menschen hunn déi ganz Zeremonie live op der “Mall” vrum Capitol Hill verfollegt.

* 37,8 Milliounen Fernsehen an den USA hunn en Dennschten den Barack Obama gewissen. Domatter ass dat déi 2 héchsten Einschaltquot fir d’Inauguration vun engem President. Do war nemmen den Ronald Reagan 1981 ‘besser’. Mee et ass leider net gewousst wéivill wirklech nogekuckt hunn, wëll et honnerten vun “Inauguration Parties” a ganz Amerika gouf. Et kann een also wuel nach déi eng oder aaner Millioun dobäi zielen. 🙂

* A Frankräich waaren knapps 9 Milliounen Léit vrum Fernseh fir den éischten schwarzen President zegesinn.

* Bei eisen Nooperen déi Säit der Mousel waaren eppes méi wéi 10 Milliounen Léit vrum Fernseh.

* Am Kenya oder fir méi genee zesinn am kléngen Duerf Kogelo, wou dem Barack Obama säi Papp gebuer gouf, hunn 3,000 – dat ass dréimol déi normal Bevölkerung vun dohannen – an enger ‘Schoul’ hierem “son” séng Ried gelauschtert.

An den Barack H. Obama an den Joseph R. Biden Jr. hu jo schons e richtegen Start dohinner geluecht: Schléissung vu Guantanamo, keng Foltermethoden méi an och d’Lobbyisten hunn d’Wäisst Haus missten verloosen. Verschiddener sinn iwwerascht, waat och iwweraschend ass, gouf dach “alles” am Virfeld ugekennegt vun Obama a Biden awer och vun hierem Staff. Egalwéi den 20. Januar 2009 wäert an d’Geschichtsbicher agoen, wëll souvill Menschen e kléngen Bléck op dat “promised land” gesinn hunn. Nemmen e kléngen Blëck wëll Amerika ass nach net do, wou den Dr. Martin Luther King Jr. säi Land gesinn huet. Zum Beispill sinn nach emmer duebel souvill “Schwarzer” an de Prisongen wéi op den Unien. Mee e kloëren Message vun den USA ass awer do. An wéi den Obama gesoot huet sie wéillten erem d’Welt leeden. Waat den Haas op “Auslänner” a “Schwarzer” ugeet sinn se et jiddefalls erem an déi aaner Länner op der Welt kennen sech e grousst Stëck ofschnéiden.

“God bless the first Family and God bless the United States of America and the World.” (Dat huet einfach elo missten kommen :))

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s