Den Chômage ass laut der ADEM am Dezember em 700 Léit an d’Luut gaangen. Dat heescht et sinn elo 11.500 Léit hei am Land op der Sich no enger Schaff, vrun 12 Méint waaren et der nach 9,815. Mir hunn also d’Mark vun 10,000 kloër iwwerschratt. A waat mech op esou engem Daag den Jean-Claude Juncker, dee jo emmer alles zur “Chefsaach” erklärt an de groussen Held spillt? Hien geet a säi Lieblingsland: Däitschland. Hien gouf vun den däitschen Gréngen fir hieren Europakongress invitéiert. Ech wëes dat war sëcherlech alles schons geplant, mee symbolesch passt et einfach bei déi läscht Joëren. De Léit hei am Land geet et emmer méi schlecht, de Jean-Claude Juncker seet hinnen, dass se net méi richteg ticken, a verschwend dann erem an d’Ausland. Fir d’éischt waaren et Virstellungsgesprächer fir de grousse Posten an der EU, elo wuel éischter als Defence géint den franzéischen President Sarkozy, deen probéiert dem Juncker séng Roll anzehuelen.

Mee zum Glëck huet hien jo säi kléngen Gordon Brown hei geloos: de Luc Frieden. De Luc Frieden huet haut an der Voix du Luxembourg gemengt, dass 2008 e ganz gudd Joër fir d’Finanzplaatz Lëtzebuerg waar an seet dass hien schons d’Zäit no der Finanzkriis virbereed. Optimistesch ass gudd, mee realistesch muss een och bléiwen. Et bréngt näischt de Lëtzebuerger Sand an d’Aa zestrëen fir dass se am Wahlkampf net méi richteg a kloër gesinn. Waat Lëtzebuerg elo brauch si Léit, déi sech em hier Land kemmeren, déi hei bléiwen. Déi hei schaffen. Déi ganz kloër de Léit soen wou eis Land drun ass a waat vun der Zukunft z’erwaarden ass.
„We are saving the world”, soot de Gordon Brown am Dezember bei der wöchentlecher PMQ. De Luc Frieden huet genee ewéi den Gordon Brown Problemer realistesch zebléiwen.

Lëtzebuerg brauch weder e Jean-Claude Juncker nach eng lëtzebuergesch Versioun vum Gordon Brown. Lëtzebuerg brauch keng Baustell CSV. Lëtzebuerg brauch e néit Fundament, wëll dat waat d’CSV an deenen läschten 30 Joër gebaut huet ass ganz kloër “Einsturzgefährdet.”

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. Gelungen, gelungen…den Här J.-C. J. bei de Gréngen an Däïtschland (mat Standing Ovations?)…Op der Sich no Ënnerstezung als alleréischten (?) “EU-Präsident”? oder eng hoffnungslos Laag vun deenen déi op der “diamétralement-opposéierter Säit” vum politesche Spektrum sëtzen?
    Schätzen wuel e bessi vu béides…

    Die Hoffnung, ist die Mühe wert…anscheinend…

    P.S.: Esouguer den Daniel kënnt vu séngem utopësch-gréng-ugehauchtenen Trip mëttlerweil erof (laang Zäit nom Joschka…mä awer emmerhin…)…d’Zäit vun den “Realisten”, as ménger no elo gefroot…

    Hasta

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s