Haut ass elo also esou wäit. 8 Joër Bush/Cheney ginn op en Enn an no iwwer 2 Joër Wahlkampf kritt Amerika mam Barack Obama säin 44. President. Hien ass déi 43. Persoun déi sech dierf President vun den USA nennen an den alleréischten Schwarzen. Enner aanerem ass hien den 3. President vun Illinois a schwiert op déi nämlech Bibel wéi säin Virbild den läschten Mann aus dem Illinois deen President waar: Abraham Lincoln.

Deem séng 2. Inauguration Ried gellt haut nach als déi beschten déi je vun engem President gehaale gouf. An och wann d’Sasha Obama se zimlech laang fonnt huet, esou ass se dach eng vun deenen kierzten déi je gehaale goufen. [Lincoln Second Inaugural Address] Den Barack Obama sëlwer huet sech d’Ried vum Lincoln an deenen läschten Deeg zimlech oft ugekuckt. Ob séng Ried esougudd wäert sinn ewéi déi vun sengem Idol bléiwt nach ofzewaarden, mee jiddefalls huet d’Malia Obama séngem Papp kloër gemaach dass se jiddefalls muss gudd sinn. „First African American President… better be good”, huet hatt sengem Papp gesoot. Séng Fra, déi nächst First Lady d’Michelle Obama haat jo och bekanntlech e Samsden e Lapsus wéi sie den Medien gesoot huet, dass d’Ried vun hierem Mann wäert gudd ginn an sie sech schons drop frëet se en Dennschten zehéieren. „Sshh… that’s not what you supposed to say in front of the press”, waat d’Reaktioun vum Barack Obama.

D’Laat, déi hien sech sëlwer zwar scheinbar héich setzt, dierf net ze héich sinn. Scho vill Presidenten sinn dunn un hierer Ried geschéitert. Politologen hoffen, dass den Barack Obama haut dem Abraham Lincoln séng Ried mat däer vum Franklin D. Roosevelt [hei] an däer vum John F. Kennedy [hei] combinéiert. Den David Axelrod haat e Sonnden dem George Stephanopoulos (ABC) an dem John King (CNN) gesoot, dass sie [Obama-Favreau-Axelrod] déi dréi Rieden “méi no” gekuckt hunn. Am beschten wäer ewuel och wann den Obama an dëser Ried dat mescht waat hien an deenen läschten och gemaach huet: “lower expectations” an no fir kuckt, wëll wéi den Thomas Jefferson schons soot: „I like the dreams of the future better than the history of the past.”

Mol gespannt, waat den Favreau dann do zesumme schriwwen huet. An eent ass jiddefalls elo schons kloër, och wann déi ganz Inauguration, déi mat Partys e Samsden ugefaangen huet, wuel iwwer 150 Milliounen US Dollar wäert kaschten, wäert et ewuel e gudden Daag fir d’Wirtschaft sinn. Den Verkaaf vun Dixie Toiletten an Iessen am Allgemengen ass an deenen läschten Deeg esou staark an d’Luut gaang wéi nach nie. 1 bis 4 Milliounen Léit ginn an der Haaptstaat Washington D.C. haut erwaard, méi wéi jeemols. D’Amerikaner hoffen, dass vun haut un bis den 1. Februar (Super Bowl) hier Wirtschaft nach eng Kéier an d’Luut geet.

Egal wéi kann ech (elo nach) nemmen soen,
Good Luck Mr. President Elect. Good Luck Mr. Vice-President Elect.

Ab 18 Auer (MEZ) ass et dann endlech,

Good Luck Mr. President. Good Luck Mr. Vice-President.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. “Mol gespannt, waat den Favreau dann do zesumme schriwwen huet.”

    Yo, mama (esou as hien op der Stroos och heiantdo genannt gin): “I’m standing right in front of you as a uniter not as a divider, and I’m glad and honoured to accept this privileged duty to be the prez of all Americans at all times…Yes, got a can!…Yes, got a can!…” duerno zitt de Bruce séng show af mat “Born in the USSA”…;)

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s