Lëtzebuerg huet e grousse Problem weder hier gréissten a meescht geliesten Dageszeitung “Luxemburger Wort – Für Wahrheit und Recht” ass kompetent [hei] nach de meeschtgekuckten nationalen Fernsehsender RTL.

Während den Peter Klöppel an Däitschland éischter Problemer huet fir méi interlektuell Themen fir d’Noorichten zefannen, esou hunn d’Journalisten vun RTL Télé Lëtzebuerg nach vill méi grouss Problemer.
Schons während dem Virwahlkampf hunn se Problemer gehaat fir den Numm vum Barack Obama richteg auszeschwätzen. Ganz oft gouf dann alt gesoot “Bäräck” am plaatz “Berack” (wéi et eigentlech ausgeschwaat gett). Zumools d’Madame Mariette Zenners haat nawell dacks Schwieregkeeten domatter an huet e puer “Journalisten” vum Radio ugestach gehaat déi dunn alt heiandsdo d’Saach mam Numm op den Héichpunkt gedriwwen hunn a gesoot hunn “Bäräck Obéima”. Ganz oft liest een och nach emmer op hierem Internetsite, dass deen 44. President vun den USA “Barak” heescht am Plaatz “Barack”.

Mee bei RTL Télé Lëtzebuerg huet een nawell och ganz oft Problemer fir d’Norichten richteg den Léit matzedeelen. Schons e puer Mol hunn se dat enner Beweis gestallt, sou dass beispillsweis laut hierem Internetsite den Barack Obama scho laang President wäer [Beweisfoto]. Bekanntlech gett den Barack Obama jo erréicht muer Dennsten den 20. Januar als President vereedegt.

Alleguerten déi déi geduercht hunn, dass d’Léit vum Kierchbierg et net nach méi schlemm kéinnten maachen ginn alt emmer eppes aanescht beléiert. Sou waar haut beim Beitrag am “Journal” iwwert d’Inauguration alt erem eng Haaptnooricht vum Beitrag komplett falsch. Den Jeannot Ries huet nämlech hei am Beitrag behaapt dass den Barack Obama séng “Inauguration Speech” sëlwer geschriwwen huet. Elo ass et awer esou, dass dëst haut mat den Speechwriter keen President méi giff maachen an et ass och esou, dass déi amerikanesch Medien awer alleguerten an de läschten Deeg dovunner schwätzen, dass den Obama et zesummen mat sengem Speechwriter Jon Favreau a séngem Advisor David Axelrod zesummen schréiwt. Eng ganz Réi vun Artikelen wéi deen hei vun Der Standart soen och ganz kloër:

An der Inaugurationsrede, die von aller Welt mit Hochspannung erwartet wird, arbeiteten David Axelrod, Jon Favreau und Obama selbst bereits seit Mitte November. Favreau verbrachte seine Weihnachtsferien mit der bereits jetzt als historisch bezeichneten Ansprache.

Also Häerr Ries wéi komm dir drop fir zebehaapten den Obama hätt déi sëlwer geschriwwen? Wou hudd dir dat matkritt? Wou hudd dir dat gelies?

Wann een duerch d’Sonndessendungen geschter gekuckt – vun “Meet the Press” iwwer “This Week” bis hin zu “State of the Union with John King” – freet een sech dat wirklech an ganz éierlech et ass een gespaant op eng (méiglech) Äntwert.

Lëtzebuerg huet definitiv e Medienproblem an eis Demokratie ass op engem extremen Déifpunkt ukomm, wëll

“Without an informed public the democracy ceases to exist”

———————————————————————————————————-
Links an Tipps fir d’Léit vun RTL Télé Lëtzebuerg:
ABC News – This Week with George Stephanopoulos (Table ronde iwwert d’Inauguration Speech)
NBC – Meet The Press (emmer gudd fir richteg Informatiounen zekréien)
– CNN – State of the Union with John King (all Sonnden mat gudden Interviews an enger Table ronde mam “best political team on television”)
CNN – The Situation Room (an der Woch vun Méindes bis Fréides mam “best political team on television”)
CNN Politicalticker (deen meescht geliesten politeschen Blog iwwerhaapt)

An e besschen Reklamm an eegener Saach. Falls e Beitrag iwwert den Jon Favreau oder den David Axelrod soll geschwenn iwwert d’Artenne goen: Commentaire: Bonne Chance David an Jon!

Ech stinn iech natiirlech fir wéider Informatiounen zur Verfügung, wëll mer als Liberaldemokrat den Status vun der Demokratie hei am Land ganz vill um Herz léit.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

5 Comments

  1. Do kann een dir nemmen zoustemmen. Och wann et secherlech Medien ginn, déi op manst probéiren, hier Lieser/Nolauschtrer korrekt ze informéiren.

    Reply

  2. Zu der Saach mat der Aussprooch. De Claude Meisch schwätzt et och falsch aus a sénger Gratulatiounsried.

    Reply

  3. Dass een vun RTL keng journalistesch Glanzleeschtungen erwarden kann, ass näischt neies. Waat awer d’Meldung ugeet, den Obama hätt seng Ried selwer geschriwwen, daat hun ech de Moien och um Deutschlandfunk héieren. Ech ginn also davun aus, dass do eng Presseagentur schlecht Aarbecht gemeet huet.

    Reply

  4. @Joël
    Bestemmt mee hei am Land ginn et däer net vill. Villeicht eng Zeitung déi e besschen méi serieux Saache schréiwt, mee soss… :/ Naja, ech hu mol nach Hoffnung dass sech dat Ganzt nach wäert verbessern. 🙂

    @Chris
    Jo, stemmt. Ech kéinnt jo elo soen, dass dat normal ass wann een et vun den Medien de ganzen Daag hier falsch héiert, mee egal… du hues Recht.

    Et stéiert mech och schon dass esouguer verschidden britesch Journalisten en Dennschten Problemer mat der Aussproch haaten. Dobäi ass et jo awer mol net esou extrem schwéier. :S

    @Laurent
    Also wann dat esou ass hätten déi Léit dann och en Commentaire iwwert hier Inkompetenz verdengt. Dass zwar komesch, wëll et och am däitsch sprochegen Raum (Der Standart bspw.) jo awer richteg gehunn.

    Kann een sech dann hei an Europa nach iwwerhaapt op d’Medien “verloosen”?

    Reply

  5. Dat kéints de effektiv soen.
    Mee e Mënsch, dee Premier gi wëll, sollt sech vläicht och anzwouch anescht wéi um RTL a bei der Tagesschau informéiren. ;`0

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s