Och wann den RTL d’läschte Méinden op hierem Internetsite gemeld haat, dass den Barack Obama freides (also den 16. Januar) giff President ginn, esou schéngt dësen et dach esou zemaachen wéi zanter dem Franklin D. Roosevelt 1937 all President et gemaach huet a gett erréicht den 20. Januar -also en Dennschten- um 12:00 Auer (ET) säin “Presidential Oath” of.

Mee ier den Barack Obama op d’Bibel -déi schons den Abraham Lincoln bei senger “Inauguration” benotzt haat- schwiert, dass hien d’amerikanesch Bevölkerung an hier Constitutioun beschützt, wëll ech emol op 2 Léit kucken, déi ewéi vill aanerer hannert dem Obama stinn. Nee, nee ech wëll elo net 2 “einfach” Wieler eraushiewen, nee déi 2 Léit sinn schons e besschen méi speziell. Ech wëll iwwert enger Säits den David Axelrod an aaner Säits den Jon Favreau schwätzen.

Den David Axelrod war jo bekanntlech den Chief Strategist vun der Obama Campaign, mee den Barack Obama an den David Axelrod kennen sech awer scho vill méi laang. Den Obama haat beispillsweis den Axelrod gefroot waat hien vun sengem Buch (”The Audacity of Hope: Thoughts on Reclaiming The American Dream”) hällt ier hien d’Buch dunn veröffentlecht huet. Den David Axelrod ass och deen Mann deen den “Yes, We Can” Slogan zu deem gemaach huet waat en ass- eenzegarteg. Schons 2004 fir den US-Senat haat den Obama dëse Slogan benotzt an duerch den David Axelrod gouf dat Ganzt tip top mat séngen “Hope” an “Change” Message gekoppelt. Do ass et schons eng Frechheet, dass den hesseschen SPD-Politiker elo seet “Jo isch kann.” Eppes léisst sech do nämlech direkt feststellen, den Thorsten Schäfer-Gümbel huet glaat a guer näischt verstaanen. Dann elo fir hien an alleguerten déi déi d’Genialität vum David Axelrod net verstaanen hunn:
Yes, We Can
– Yes : optimistesch, gett engem Hoffnung
– We : et ass een net alleng, jiddereen ass am Problem mat dran
– We Can: optimistesch, gett engem alt erem Hoffnung

Wëll dat Ganzt och nach eigentlech eng Iwwersetzung aus dem Spueneschen ass, ass et em sou besser. Schliesslech muss een dann net probéieren fir ongeféier deen nämlechten Sënn an e spuenesche Slogan zekréien. Am Orginal heescht et jo “Si Se Puede” an ass eigentlech e Sproch vun der amerikanescher Baueregewerkschaft. An do ass da schons e wéideren Coup vum Axelrod den Barack Obama ass een vun eis, ass e ganz normalen US Bierger, deen och am Problem drastecht a probéiert eraus zekommen (-> “we”)
Dass een bei “[Ÿes,] We Can” ganz einfach kann “Change”, an domatter d’Haaptargument vun der Obama Campaign, hannendru setzen ass alt erem genial iwwerluecht. En plus, huet sech den “Yes, We Can” Slogan super gemaach fir vum internen Slogan zur nationaler Geschicht an den Rieden zekommen.

Yes we can. It was a creed written into the founding documents that declared the destiny of a nation. Yes we can. It was whispered by slaves and abolitionists as they blazed a trail toward freedom through the darkest of nights. Yes we can. It was sung by immigrants as they struck out from distant shores and pioneers who pushed westward against an unforgiving wilderness. Yes we can.

D’Opstellung vum “Yes, We Can” Slogan, d’Opstellung vun der ganzer Strategie déi déi kléng Stied an Districts och matgeholl huet, d’Idee fir mam Obama haaptsächlech op “Change” zesetzen, all dat sinn nemmen e puer Punkten déi den David Axelrod an dëser Campaign gemaacht huet an och nemmen e puer Grënn firwaat den David Axelrod seng Platz als “White House Senior Advisor” verdengt huet.

An haat 2002 den Obama seng “Anti War Speech” nach selwer geschriwwen, an den Axelrod no senger Meenung gefroot huet, esou huet während der Campaign en aaneren fir hien geschriwwen, den Jon Favreau. Nee nee net den Acteur Jon Favreau, et gett och esou ee Speechwriter. 😉

Den Jon Favreau, deen erréicht 27 Joër huet, huet 2003 säi Studium ofgeschloss gehaat a waar dunn esouguer den Valedictorian vu séngem Joërgang. Ee Joër méi speit, huet den Favreau dunn fir d’John Kerry Campaign geschafft an do sollt hien den Robert Gibbs kenne léieren. Den Robert Gibbs haat och fir d’Campaign vum Senator vu Massachusets geschafft a gouf bei der Obama Campaign een “Communications Aide.” Den Gibbs schléit dem Obama dunn fir, fir den Jon Favreau als “Speechwriter” z’engagéieren. Hien wäer en “aussergewéintlecht Talent” an den David Axelrod seet iwwert den Favreau ganz einfach: “Barack trusts him… And Barack doesn’t trust too many folks with that — the notion of surrendering that much authority over his own words.” Déi aaner Speechwriters vum Obama nennen hien einfach “Favs” an bewonneren den 27 Joër aale Mann.
Hudd dir dem Obama seng “A More Perfect Union” Ried gudd fonnt? Oder dem Obama seng “Acceptance Speech”? Oder “A World That Stands As One” (Berlin) Ried? Jo? Dann hudd der d’Aarbescht vum Favreau gudd fonnt, genee ewéi ech. 🙂

Momentan ass hien ewuel esougudd ewéi fäerdeg mat däer Ried déi den Obama en Dennsten wäert ginn, déi -esou huet den Obama him gesoot- net méi laang ewéi 15-20 Minutte soll daueren. Den Favreau schafft normalerweis bis 2 oder 3 Auer an der Nuecht u Rieden a wann Deadline fir d’Ried ofzeginn méi no kennt, esou seet hien, giff e vergiessen seng Rechnungen zebezuelen, seng Wäsch zewäschen an hätt en 16 Stonnen Daag.

“If you start thinking about what’s at stake, it can get paralyzing”

En Zitat vum Jon Favreau, deen en Dennschten dann deen jéingsten “White House Chief Speechwriter” vun allen Zäiten wäert ginn.

Ech frëe mech elo schons d’Arbescht vum
David Axelrod
axelrod

a vum Jon Favreau
jon-favreau

an deenen nächste Méint a Joëren ze verfollegen. Bonne Chance un sie allen 2.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. Ech hat geduecht “Yes, we can” wier vum Bob the Builder geklaut, mee bon eventuell hunn ech mech jo do giert:

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s