Lo wou den Fireball op eng Demonstratioun opmierksam mécht, hei emol e kléngen Commentaire iwwert déi schwiereg an dach eigentlech ganz einfach Situatioun.

____________________________________________________________________________________________________________________________________________

Den Jean Asselborn warnt dovunner erem “zereckgepucht” zeginn, säi Kolleg Steinmeier sicht zesummen mat der Madame Merkel no enger “gemeinsamer Lösung”, zu London ass den David Milliband “beonrouegt” an an der Staat vun der Léiwt gesäit den Nicolas Sarkozy erem eng Méiglechkeet sech als groussen europäeschen Held duerzestellen.
Vun der UNO wëll ech elo scho guer net schwätzen, déi waaren nach nie gudd dran eng international Kriis zeléisen. Och wann d’UNO an Zäiten vum kaale Krich néideg waar (an engem gewessenen Punkt), esou ass se elo scho baal guer net méi zegebrauchen. Jiddefalls ass se am Israel-Palestina Konflikt net zegebrauchen. Zur UNO nemmen een Zitat vum Tony Blair (waat deen awer esou iwwert d’UNO nie gesoot huet, hien huet et am allgemengen iwwert d’Menschheet gesoot, fannen awer dass et op d’UNO passt ewéi d’Fauscht op d’Aa): “When it’s all is said and done. It’s usually more sad than done.”
Schliesslech si jo déi “béiss Russen” och am Sëcherheetsroot an déi si jo bekanntlech, ewéi den Iran géint Israel. Jo, gewessen Aussoen géigeniwwer dem Israel aus der iranescher oder/an der russescher Haaptstaat waaren net korrekt an et heescht “Opgepasst.” Mee dass den Kremel an déi iranesch Regierung Palestina ennerstëtzt, kann hinnen direkt keen virwerfen.

Sowisou ass Israel a Palestina en Problemproject “made in Europe” sozesoen. Et waar schliesslech en europäescht Land waat de Problem zu deem gemaach huet, waat en haut ass. Groussbritannien waar demools higaangen an huet den Araber e Land, *dat* Land, versprach, wann sie mat hinnen an de Krich zéien. Op der aanerer Säit sinn se dunn bei d’judesch Bevölkerung gaangen an hunn dat nämlecht versprach. Problem, béid hun matgekämpft an den UK huet gewonnen a stung dunn vrun enger onméiglecher Situation. Kuerz drop hunn se dunn d’Mandat fir den Noen Osten erem ofginn a sinn zereck an Europa komm.

Mee dat waar jo bekanntlech net d’Enn vun der europäescher Frendschaft fir Israel. An Israel kruut mat den USA an Europa 2 grouss Partner, déi net nemmen politesch fir sie agetruede sinn, mee och finanziell “gehollef” hunn. Natiirlech koumen vun den Partner natiirlech och déi eng oder aaner militäresch Waff oder deen een oder aaneren militäreschen “Tipp.”

Falls elo sollt d’Gefill eriwwer komm sinn, dass ech méi fir d’Palestinänser an d’Hamas wäer, kann ech nemme soen, dass dat net de Fall ass. Och Palestinänser si keng Engelen, mee d’Israelien sinn eben och keng. Sinn et dach d’Israelien déi d’Araber aus hieren Häiser erausgehéit hunn, an iwwerall bei arabeschen Siedlungen hiere Fendel gehisst hunn. Och d’Mauer déi Israel geschwenn komplett gebaut huet, ass och net dat “Gielt vum Ee” a gett net an den amerikanesch-europäeschen Medien erwähnt.

Eppes waat och net erwähnt gett, ass dass d’Unzuel vun den “Hardcore Israelien” an den “Hardcore Palestinänser”, also déi déi een grousst Israel resp. Palestina wëllen, net esou grouss ass, mee par contre, sinn déi Léit an der Minorität.
Palestinänser an d’Israelien wëllen majoritär eng 2-Staat-Léisung, mee dat wat momentan fehlt ass d’Hoffnung an d’Vertrauen an déi aaner. D’Vertrauen dass déi aaner net e beemol méi wéit ginn an dach e ganzen Staat wëllen ass net do, an dofir funktionnéieren och déi politesch Gespréicher näischt, ewéi den Tony Blair elo alt emmer erem wëll kloër stellen. Fir dass déi Gespréicher funktionnéieren, musse fir d’éischt nach Ännerungen “um Buedem” geschéien. Nee, domatter méngt den Härr Blair net dass méi soll um Buedem gekämpft ginn, nee hien ass der Iwwerzeechung, dass den politeschen “Talk” nach net d’Realität a béide Länner eremspiegelt. Dat wäer de Problem, wëll och den politeschen “Talk” net méi keinnt erofgeschrauwt ginn.

Fazit den aktuellen politeschen Talk ass um Enn. Dee Problem vum Noen Osten ass net an engem Joër zeléisen, Vertrauen opbauen dauert vill méi laang. Erréicht wann dat Vertrauen do ass, kann een erem driwwer schwätzen. Erréicht dann kann et zu deem kommen waat d’Majorität vun den Léit déi dohannen liewen wëllen: eng friedlech 2 Staat Léisung. Mee bis dohinner verginn ewuel nach e puer Joërzengten, mee déi ginn aanescht ewéi dat läscht Joërzengt. Dëst konnt e schon un der Reaktioun vum Barack Obama an der ganzer USA gesinn. Jo, si sinn nach emmer de Frënd vun Israel kennen awer net riskéieren an e grousse Konflikt mam Iran oder Russland zegerooden. Waar et dach zumools den Obama, deen versprach haat och mat den “Feinden” zeschwätzen.

Den Noen Osten, e (Problem)project “made in Europe”, deen international Obmierksamkeet kritt an déi international Communitéit rätselen deet. Ass et net schéin en Europäer zesinn. 🙂

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. Do bleiwt amfong net mi vill dozou ze soen, ausser, dass dat heiten wuel een vun de beschte Commentairen ass di ech bis ewell hei gelies hunn. An ech sinn voll a ganz mat denger Siichtweis averstanen.

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s