Haut huet den Nick Clegg, den Leader vun den Liberal Demokraten, séng Equipp fir d’„General Election” firgestallt. Och wann dës Wahlen nach keen Datum hunn (et gett gemunkelt, dass den Gordon Brown se fir den 7. Juni aberifft) huet den Kapp vun den “Dems” sech schons e besschen drop firbereed. Hien hellt e.a. den Simon Hughes als Shadow Secretary of State for Energy and Climate Change mat. Den Hughes haat jo bekanntlech bis elo éischter Nidderlaagen missten astiechen: 2 mol haat hien jo probéiert fir den Leader vun der Partei zeginn – keng Chance, 2004 wollt hien Buergermeeschter vun der Haaptstaat ginn – keng Chance. Am nämlechte Joër gouf hien jo dunn erréicht emol fir seng Arbescht belount a gouf den President vun der Partei.
Den David Heath op däer aanerer Säit ass erem zereck a genee do wou hien sech emmer gesinn huet. No sénger Suspensioun d’läscht Joër, hellt den Nick Clegg hien erem op d’„Front Bench” an och „Spriecher vun der Partei” dierf sech den MP vun “Somerton and Frome” erem nennen.
Fir d’Online Campaign huet den Nick Clegg d’Madame Lynne Featherstone geholl. Ob den Nick Clegg ewuel wëll dass d’Madame Featherstone do och dann e Video-Blog kritt an hien domatter d’Jugend an d’Männer op séng Säit kritt? Hmm… ka sinn, muss awer net. D’Lynne Featherstone bléiwt jiddefalls -laut Emfroën- eng vun deenen schéinsten Députéierten am UK.
Gespannt sinn ech ganz besonneg op den John Sharkey, deen 1987 den Strateg fir d’„Eiserne Lady” war. Bei den kommenden Wahlen muss den Sharkey dann eng gudd Strategie fir d’Liberaldemokraten hunn.

Wéini dass d’Wahlen sinn a ween se gewënnt, steet zwar bis elo nach an den Stäeren, mee déi gudd Arbescht vum Nick Clegg an séngem éischten Joër als Leader vun der Partei, kéinnt ewuel bei enger “General Election” fir Iwweraschungen suergen. Am Mee kruuten d’Liberaldemokraten bis op London d’Groussstied ennert hier Kontroll, konnten bannend engem Joër zu Hull d’Kriminalität em 40% senken. Jee… d’Wahlkampf am UK kéinnt spannend ginn…

… an hei am Land gett den Wahlkampf esou lues awer secher lancéiert. Haut waar et d’Nouvelle dass d’Madame Reding op der CSV-Europalescht Spëtzekandidat ass (keng Iwweraschung) an dass den Nicolas Schmidt fir d’LSAP am Osten als Spëtzekandidat an d’Wahle geet. Eigentlech och keng richteg Iwweraschung. (Ka mer eigentlech een erkläeren firwaat mir hei am esou engem kléngen Land “regional” „Spëtzekandidaten” brauchen? -.-)

D’Nouvelle dass d’DP e Méinden hieren Wahlprogramm firstellt, ass eigentlech och net déi grouss Iwweraschung, huet awer méi grouss Auswirkungen. Ech si jiddefalls ob de Programm gespannt. Erwaarde mer vill, genee esou ewéi vun den Leschten, déi bis Enn dës Mounts bekannt solle ginn. Et gett jo och heich Zäit, dass mer esou lues awer secher mam Wahlkampf ufänken an dat “Gemunckels” ophällt. Nee?

Zum Schluss villäicht nach jhust de Link fir wéider Nimm vum Nick Clegg sénger Equipp zegesinn: click hei an e Merci un den Nick Clegg an den Claude Meisch dass sie et esou gudd gemaach hunn, dass ech dës Nouvelle konnt an een eenzege Post bréngen. 🙂

Mögen die Wahlkämpfe beginnen! 🙂

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

3 Comments

  1. Virwaat mer regional Spetzekanidate brauchen?
    Well jo just regional gewiehlt kann ginn! Also op manst ech fannen et ziemlech blöd, wann zB. d’CSV am Norden mat Plakater mam Jean-Claude Juncker senger Foto drop Wahlkampf mescht. Do maachen regional “Spetzekanidaten” vlaischt dach awer méi Senn.
    Woubai ech et emmer nach Schued fannen, daat sech esou vill op d’Leit konzentréiert ged an net esou staark op d’Inhalter. Hunn ech op manst bis elo d’Gefill gehaat.

    Reply

  2. Déi regional Spëtzekandidate sinn -menger Meenung no- lächerlech. Et giff klappen, wa mer en aaneren politesche System hei am Land hätten, oder vill “Politiker” eng aaner Attitude hätten.

    An an Däitschland kann een och net d’Merkel oder den Steinmeier als Bierger zum Bundeskanzler maachen. An egal obs du elo am héichen Norden zu Hamburg bass oder am südlechen Bayern, wäerts de am Summer Plakater mat genee dem Merkel an Steinmeier gesinn.

    Mir sinn esou kléng a mengen trotzdem mir missten esou “Posten”, déi absolut näischt wert sinn, verginn.

    Jo, et muss em Inhalter goen. Mee scheinbar huet et fir 2009 sowisou kee wäert, wann een dem Häerr Juncker so nolauschtert schéngt hie jo schons den Alkohol fir den Juni kaal geluecht hunn.

    Reply

  3. Déi 4 Bezierker sollten einfach ofgeschaf ginn. Dat ass dach dee gréisste Quatsch. Wisou soll ee vun der Musel net ee Politiker aus dem Minett wiele kennen?

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s