Och wann d’Times décidéiert huet den Barack Obama zum “Person of the Year” zemaachen an och aaner Zeitungen a Blogs nogezunn sinn, hunn ech mech décidéiert fir den John King zur Persoun vum Joër zernennen.

Den John King huet net nemmen privat säi gréissten Coup gelandt (hie gouf den 25. Mee dëst Joër mam Dana Bash bestued), mee och den berufleschen Duerchbroch definitiv gemaach. Hien haat jo schons 1992 am Alter vun 28 bekanntlech deen Scoop schlechthin. Hien huet, dunn am Optrach vun der AP, nämlech erausfonnt, dass den Bill Clinton den Al Gore giff mathuelen, mee dëst Joër sollt et awer nach besser ginn.

Et gouf nämlech net nemmen een weideren Scoop (deen dass den Obama den Biden mathëllt), nee hien huet och un der “Magic Map” vun CNN den Léit den amerikaneschen (Vir-)Wahlkampf extrem interessant gemaach. Hien huet alleguerten d’Zuelen an d’Map bruecht an erklärt ween wou wéivill misst gewannen fir nach eng Chance zehunn fir Nominéierten/President zeginn.

john king
John King un der “Magic Map”

Noom trageschen Doud vum Tim Russert huet ewuel jiddereen no engem “perfekten” Nofolger vun dësem Superjournalist gesicht. Jiddereen heescht natiirlech och den Fernsehsender vum Russert NBC, déi wollten den John King fir d’„Meet the Press” an domatter als Nofolger vum Russert. Den John King, deem säi Vertrag bei CNN haut op Silvester ofgelaaf wäer, huet dësen awer verlängert gehaat Ufank dës Mounts an domatter NBC een “Nee” ginn.

Mee natiirlech huet den John King net einfach esou “Jo” zu CNN gesoot. Hien kritt nämlech elo (endlech) séng eegen Sendung. Déi aktuell “Late Edition with Wolf Blitzer” gett komplett geännert. Momentan kennt se all Sonnden an dauert 2 Stonnen (11-13 Auer ET), vum 18. Januar un dauert se dann 4 Stonnen (9-13 Auer ET) an mam John King als Moderator. Trotzdem wäert den John King den “National Chief Correspondent” vun CNN bléiwen.

Säi Joër an domatter säi groussen nationalen Duerchbroch huet eigentlech esou richteg um Super Tuesday ugefaangen. Et waar jo bekanntlech deen gréissten Super Tuesday an der Geschicht vun den USA an do kann ee scho liecht den Iwwerbléck verléieren. Fir dass dat awer net geschidd, haat een den 5. Februar den John King:

Du schon huet den John King vill Luew kritt a wéi dunn den Tim Russert gestuerwen ass an den King séng “Magic Map” emmer méi beherscht huet, haaten d’USA an den politeschen Journalismus an den USA e wéideren Topjournalist fonnt.

An heiandsdo ass et och zu enger aanerer Aart Interview komm. Mat do dobäi waar dann natiirlech och d’Magic Map. Sou zum Beispill bei der DNC Enn August, ewou den John King e besonneg Interview gemaach huet:

Haat ee geduercht den John King a CNN hätten alles aus deenen Wahlen erausgeholl gehaat, kennt CNN an den John King net. Natiirlech ass an der “Election Night” den 4. November nach een dropgesaat ginn. Net nemmen d’„Holograms”, nee och den Senat an den Kongress goufen aanescht wéi bis elo duergestallt an d’Rennen analyséiert. Haaptmann natiirlech den John King:

Och wann den John King (an d’Campbelle Brown) an der Hecktick den George W. Bush vergiess haat, waar nierwend dem Obama och den King den Gewënner vum Owend. Du soll nämlech bei CNN a bei NBC ferm em hien gekämpft gi sinn. Glëckleche Gewënner waar dann eben CNN oder jo, eigentlech den John King. 2008 waar definitiv säi Joër an 2009 versprëcht net méi schlecht zeginn. Nee eng eegen Sendung heescht ewuel éischter dass séng Carriere nach wéider biergop wäert goen.

Bonne Chance un meng Persoun vum Joër 2008, den John King:
king

___________________________________________________________________________________________________________________
Ech wëll natiirlech dës Méiglechkeet notzen fir iech alleguerten e gudden Rutsch, eng gudd Gesondheet an privaten wéi berufleschen Erfolg fir 2009 zewenschen. Op e wéidert Joër. 🙂

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. Jo, den Tim Russert haat d’Politik wiirklech “intus” (hien wousst ëmmer “à la perfection”, den Tëppel op den “i”, den richtegen Moment op der richteger Plaaz, ze setzen, eng Konscht, déi leider nët vill “Politesch Analysten/Berichterstatter” hautdesdaags, als “non-partisans” beherrschen)…
    fir den John King, do loossen ech mech nach iwwerraschen…genau esou ewéi waat d’nächst Joër wäert bréngen…

    En tous les cas, wënschen ech der och, e gudde Rutsch, an alles Gudds fir d’Joer 2009…

    Hasta

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s