(E kriteschen Reckbleck, elo wou vill Reliounen féieren (vun Hanukkah bis Chrëschtdag), op dat waat eis Gesellschaft an deenen läschte Méint a Joëren am Beräich Armutsbekämpfung gemaach huet.)

Joërelaang hunn tapfer Léit gekämpft fir dass mir – déi räich Länner am Norden – deen aarmen méi hellefen. Den Héichpunkt ass et ewuel 2005 ginn mat der Aktioun “Make Poverty History” oder “Deine Stimme gegen Armut“, déi Aktioun also mat e.a. den wéissen Armbännecher. Ganz vill Léit waaren dobäi an hunn du gesinn wéi G8 Afrika d’Scholden gestrach hunn, also déi Scholden déi se bei eis “Räichen” haaten. Déi meescht hunn sech op d’Schëller geklappt an d’Liewen ass erem wéider gaangen.

Just dass d’Léit an Afrika genee dat nämlecht Liewen elo liewen ewéi vrun 2005. Nach emmer stierwt all 3 Sekonnen e Kand an Afrika wëll et näischt méi z’iessen an/oder ze drenken huet. 20% vun der Weltbevölkerung hunn iwwrengs 80% vum weltwäiten Drënkwasser zur Verfügung. Gerecht gell? All Daag ginn an Afrika 6 HIV-Infizéierter gebuer, also Kanner deenen hiert Schicksal schons geschwaat gouf ouni dass se iwwerhaapt konnten der Sonn an der Welt Moie soen. An all 15 Sekonnen verléiert e Kand an Afrika seng Elteren wéinst dem HI-Virus. Dass verschidden Stämm an Afrika nach emmer glëwen, dass wann de Mann sech am Séi buede geet, hien net méi HIV-positiv ass an dann erem kann mat enger Fraa schloofen, déi da schwanger gett, leid secherlech och un der Haltung vun der kathoulescher Kierch géigeniwwer den Verhütungsmettelen. Mee elo nemmen der Kierch d’Schold zeginn, ass dach vill zevill einfach.

Dass mer momentan och de Risk laafen, dass en néien AIDS Virus entsteet, ass zwar nach net esou bekannt ewéi et villeicht misst sinn, mee un der Tatsaach dass dee Risk do ass, ännert dat elo och näischt. Wann et en néien schlëmme Virus gett, da si mir hei am Norden erem direkt do, wahrscheinlech kritiséieren mer d’Léit aus dem “Süden” dann och nach. Dat ass jo dann nemme fair, oder? Nee, eigentlech net. Wëll den Virus ewuel nemmen entsteet, wëll d’Léit am aarmen Süden näischt z’iessen fannen, an dann e beemol en Déier fannen an dat dann – ween kann hinnen et veriwwelen- iessen. Dass déi Déier mat Bakterien an Virusen verseucht sinn wëssen d’Léit zwar (jiddefalls heiandsdo), mee wéi gesoot, ween kéinnt se vernennen?

Mir mussen eis dann selwer vernennen. Jo, mir! Wëll mir näischt gemaach hunn. An ech schwätzen elo net nemmen vun den Politiker, déi näischt gemaach hunn, nee ech schwätzen och vun all deenen aaneren Bierger. D’Léit sëlwer hunn d’Aan zougemaach vrun der Realität a maachen dëst nach emmer. D’Bierger hunn hiere Politiker geglëwt, egal ob se elo Juncker, Sarkozy, Bush, Clinton, Brown, Blair, Schröder, Leterme, oder egalwéi geheescht hunn/heeschen. Mir hunn hinnen einfach geglëwt. Hu geglëwt, dass mir schon de Maximum maachen. Hu geglëwt, dass mer jo richteg gudd wäeren. Hunn eis sëlwer een deem aaneren op d’Schëller geklappt an an d’Hänn, wann eis (Spëtze-)Politiker alt erem eppes versprach hunn.

Zumools dass mer de Maximum gemaach hun/maachen, hu mer dach alleguerten geglëwt. Dëst ass net wouer! An dat wësse mer alleguerten spéistens zenter dem September. D’Finanz- a Wirtschaftskriis ass do an e beemol huet all Land vum klénge Lëtzebuerg bis hin bei déi grouss USA Milliounen an jo esouguer Milliarden op der Säit léien. Déi gi mer natiirlech direkt aus fir dass eise Wuelstand net drenner léit. Mir wëlle jo wéiderhin déi “Räisch” bléiwen.

Dobäi misste mer emol net esou vill Suen ausginn fir bspw. den Honger an der Welt zebekämpfen. Wann an all Land aus dem “Norden”, all Bierger giff 1 € all Woch spenden giff, wäer de Problem schons geléist. 1 €/Woch! Dat sinn 4 € de Mount oder 48€ d’Joër. De Prozentsaatz vun den Léit, déi dat net kennen all Joër spenden, ass ewuel awer ganz kléng. An esouguer wann dat awer soll de Fall sinn, kann een trotzdem eppes ginn. Well wéi CNN Hero Maria da Silva gesoot huet: “You don’t have to be Bill Gates to give.”

Wann mir net endlech hellefen, d’Liewen op dëser Welt fir JIDDEREEN méi liewenswäert zemaachen, wou landen mer dann. Wou ass eis Gesellschaft iwwerhaapt schons hikomm? Wou si mer hikomm, wa mer nemmen e besschen vun eisem Räichtum un méi aarm Léit spenden, wann an och nëmmen wa mer Suen vum Staat dofir eremkréien? Wou si mer hikomm? Wou si mer hikomm, wann Hellefsbereetschaft als en ausergewéinlechen Charakterzuch duergestallt gett? Wou si mer hikomm? Wou si mer hikomm wann Frendlechkeet a Respekt vrun net nemmen den Matmenschen mee awer och den Déieren eppes Onbekanntes ginn ass? Wou ass eis Gesellschaft higeroden?

Hun d’Suen eis villeicht dohiner bruecht? Kann et net sinn dass mir eigentlech nach räich musse ginn, räich un der Liewensfreed, déi jo bekanntlech an Afrika extrem grouss ass. Kann et net sinn, dass mir alleguerten, eis ganz Gesellschaft, Hellef brauch.
Kommt…

„May we all find the hero inside us by reaching out to others so that we may find ourselves the one being helped.”

~ Tad Agoglia

—————————————————————————————————————————–
Interessant Links:
* Unicef Lëtzebuerg
* SOS Villages d’Enfants – Monde (Lëtzebuerger Säit)
* SOS Faim (Lëtzebuerger Säit)
* CNN Heroes 2008
* Planet in Peril: Battle Lines
* “Creating a World Without Poverty: how Social Business Can Transform Our Lives” by Muhammad Yunus
* LSE Lectures -> “Creating a World Without Poverty: how Social Business Can Transform Our Lives” (gratis)
* The Politics of Poverty -> “An End to Poverty in 30 Years” + “A World Free of Poverty” (gratis)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

2 Comments

  1. Wann “verschidde” Länner ewéi Schweden, Norwegen, Dänemark, Holland oder Letzebuerg handelen géifen den “IAT” (International Aid Target) wëllen ze erreechen, dann wiere mer schons en immens grousse Schratt bei der Aarmuttsbekämpfung no vir komm…

    An deem Kontext méngen ech, daat sech Letzebuerg, als Mat-Spëtzereider absolut guer a glaat nët ze schummen huet/braucht…

    http://en.wikipedia.org/wiki/Official_Development_Assistance

    obwuehl, hei z.B.:

    e bëssi nogebessert kéint gin…

    Hasta, Pancho

    Reply

  2. Jo Lëtzebuerg ass an deem Kontext Mat-Spëtzereider, mee geet dat duer? Solle mer dann net och an der EU dann dofir kämpfen, dass déi aaner EU-Staaten matzéien an min. och esouvill ausginn?

    An dann nach… mir si net op eisem Maximum. Mir konnten bannend e puer Stonnen Milliounen ausginn fir Banken zeretten an hunn der sëcherlech och nach op der Säit léien wann aanerer sollten Problemer kréien. Firwaat huet et awer fir d’Armutsbekämpfung emmer geheescht et wäere keng Suen méi am Staats-Porte-Monnaie?

    Dat ass de Problem deen ech gesinn. Lëtzebuerg huet sëcherlech schons da vill gemaach, mee mir hunn eis awer schons duebel esouvill op d’Schëlleren geklappt.

    An natiirlech “attackéieren” ech jo och de ganzen “Norden” an séng “Faulheet”. 😉

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s