Stréich den Jean aus dem Numm vun eisem aktuelle Staatsminister an du hues den Virnumm vun dem néien. Jo? Wee wees. D’Emfro vum Tageblatt, déi teschend dem Mee an November gemaach gouf, wéisst jiddefalls en Negativtrend fir d’CSV, déi an allen Bezirker giff verléieren. Souguer am Süden, dem Jean-Claude Juncker séng Heemescht, kéinnt et fir d’CSV an de Keller goen. Mee giff den Claude Meisch den nächsten Premier ginn? Kucke mer emol op déi aaner Parteien, wou ganz séier kloër gett dass (momentan) nemmen den adr der Demokratescher Partei kann geféierlech ginn.

Den adr giff nämlech dobäi wannen an dat richteg. Sie maachen sech momentan zimlech vill Frënn, wuel och wëll d’Konkurrenz vun CSV bis déi Greng net wëssen wéi een se ka stoppen. Zumools den Gast Gyberien ass jo en ganz gudde Riedner a kann d’Ideen vun der extremrietser Partei ganz gudd verpaacken, leider hunn weder d’LSAP nach d’DP nach déi Greng esou een Riedner ewéi den Häerr Gyberien. An och d’CSV mam Jean-Claude Juncker kann net drun erun kommen. Esou eng Partei wéinst hieren Ideen ze verbidden ewéi den Wolfgang Schäuble et erem wëll an Däitschland mat der NPD probéieren, ass net de richtege Wee. Et muss een de Léit kloër maachen fir waat déi Parteien stinn an hinne kloër wéissen dass et net gudd ass, wann déi méi zesoen hunn. Mee dat bréngt momentan hei am Land keen fäerdeg, do muss och den Claude Meisch nach drun schaffen.

Zumools d’Jugend muss him “nolaafen” an hien muss déi Jonk, déi sech villeicht duerch d’Aktiounen vum ADRenalin e.a. op der Foire de l’étudiant blende loosen, op séng Säit kréien. D’DP sëtzt mam Spëtzekandidat Claude Meisch ganz kloër op déi eege Jugend an dann muss een och d’Jugend op séng Säit kréien. Dass an deenen läschten 4 Méint gläich zwou néi JDL-Sektiounen quesch duerch d’Land opgemaach goufen ass ewuel gudd fir den Claude Meisch, mee et geet natiirlech net duer, wëll fir hei am Land zewannen muss een och op d’Finanzwelt reagéieren kennen.

A genee do huet sech d’DP schwéier gedoen, oder besser: sie konnt net all zevill un der Aarbescht vun der Regierung kritiséieren. Waat natiirlech emmer schwéier ass an enger Krisesituatioun, wëll een do an der Oppositioun éischter nokucke kann a selten vun engem bericht gett.

An do ass och schon den nächste Punkt: Medien. Dass déi hei am Land nach méi eng grouss Roll spillen ewéi am Ausland muss ewuel kengem méi extra erklärt ginn, mee genee do muss den Claude Meisch och wéider nach usetzen. Briefinger an co. op de Site setzen, d’LIVE-Iwwerdroung vum Nationalkongress, en wöchentlechen Newsletter (mat Virwuert vum Claude Meisch), “Opbroch” an iwwerhaapt den néien Site vun der DP, deen alles drop huet a schéin grouss huet waat international Politologen vrun e puer Méint gesoot hunn, dass misst op e Site vun enger Partei am 21. Joërhonnert kommen, léisst awer fir d’Zukunft hoffen, wann…

…jo wann een eben fir en Wiessel ass hei am Land. Nee! Dat ass net vum Barack Obama geklaut. Wann een an der Oppositioun elo d’Wuert Wiessel net méi an de Mond dierf huelen, gett et ewuel schwéier fir do je eng Kéier eraus zekommen. Dat war schon vrum Obama de Fall, et ass elo de Fall an d’Wierder “Wiessel” an “Verännerung” wäerten och an der Zukunft wéider d’Haaptargumenter vun den Oppositiounsparteien bléiwen, egal wéi eng “Faarf” se dann elo hunn. An och den Barack Obama huet “Change” net erfonnt, och den George W. Bush haat et 2000 benotzt an och de Bill Clinton huet 1992 geruff: “America needs change.”
Ech perséinlech gesinn hei am Land nemmen d’Demokratesch Partei als eenzeg Alternativ zur CSV, déi 2009 hieren 30sten Gebuertsdag als stärksten Regierungspartei féiert.
Firwaat net d’LSAP? Also déi LSAP déi elo erem sozial gett, also déi LSAP déi den Léit den gratis öffentlechen Transport versprach haat an dunn no e puer Deeg en gehéicht huet? Also déi LSAP, déi 2004 gesoot huet “Mir paacken et un.”, an et awer net gemaach huet?
An déi Gréng? Also déi Partei, déi sech zenter e puer Joër emmer op d’Säit vun deem stellt, deen grad an den Emfroen firléit. Op elo no der CSV an dem Jean-Claude Juncker, och dann den adr vun deenen Gréngen ronderem den Fränz Bausch “ugeschleimt” ginn, bléiwt secherlech ofzewaarden. Wonneren giff et mech perséinlech net… menger Meenung no huet déi Partei (leider) an deenen läschte Joër sech selwer an hier Idee’en verkaaf fir dach endlech op déi Majoritätsbänk zekommen.

Also CSV oder DP?
Juncker oder Meisch?
Jean-Claude oder Claude?

Een deen léiwer duerch d’Welt reest an am däitschen Bundestag behaapt, dass déi faschistesch Nazien genee esou léiw Opferen gewierscht wäeren vum Krich ewéi d’Amerikaner déi Europa befréit hunn – oder – een deen sech elo mol wëll em Lëtzebuerg kemmeren, ewéi hien et méi wéi nemmen eng Kéier an Interviewen gesoot huet?

Een deen déi Jonk fir Lidderhänneschen hällt (Ausso 5611) oder een deen déi Jonk ewuel méi versteet, wëll en sech sëlwer ewuel nach zu hinnen dierf zielen. (Jiddefalls emol an der Chamber :))

Lëtzebuerg huet 2009 de Choix: entweder wéider fueren ewéi bis elo. Also mat vill Chomage, ganz vill Jugendchomage, mat vill Drogenkonsum (zumools bei Jugendlechen), mat vill Suiciden (zumools bei Jugendlechen), mat vill Näischt-maachen (Jean-Marie Halsdorf, deen jo bekanntlech vum Juncker um Radio versprach kruut, dass hien “egal wéi” och 2009-2014 Minister wäer), mat vill Möchtegern-Macher (Fränz Biltgen, deen elo säin Gesetz 5611 och emol verstaan huet an wëes dass et net fonktionnéiert. Respekt Härr Biltgen!), mat villen Reesen (Jean-Claude Juncker), mat villen Liigen (Luc Frieden iwwert den Nuka Kujtim), mat villen Frechheeten geigeniwwer den Lëtzebuerger Bierger (richteg ticken, “léiwer an d’Vakanz” (Juncker, 5611), “Hotel Mama” (Biltgen, 5611).

Oder soll e Wiessel kommen?

Ech perséinlech glëwen, dass Lëtzebuerg e Wiessel brauch, dass Lëtzebuerg e Leader brauch. Genee dat ass d’DP momentan mam Claude Meisch am Gaangen zemaachen, wëll -ewéi den RTL vrun e puer Wochen gewuer gouf – gett et jo bei der DP “nemmen” 1 Spëtzkandidat a keng regional Spëtzekandidaten. Falls et 2009 net sollt duer goen, dierf een d’DP awer 2014 scho guer net ennerschätzen, wëll do gett eben e Leader “opgebaut.”

Sëcherlech ass d’DP nach net um Maximum ukomm, mee hier Supporteren dierfen ewuel déi läscht Debatten teschend Juncker an Meisch an der Chamber wéissen dach bei der DP e kloëren Opwertstrend. Ech si jiddefalls emol op den Wahlkampf 2009, deen als “haard awer fair” vum Jean Asselborn ugekennegt gouf, gespaant. Emol kucken op den Jean “Wo ist mein Bengel?” Asselborn do och richteg léit…

P.S. Nee, den DP Kongress huet den Claude Meisch och net als Obama duergestallt. Den Kongress hei am Land ass jo gleichzesetzen mat den Parteideeg an den USA. Do stung den Obama hannert engem Pult, den Claude Meisch huet daat dëst Joër net gemaach. Hien huet et esou gemaach ewéi et an Groussbritannien zanter enger Zäitchen gemaach gett, sou zB am September dëst Joër vum Nick Clegg (Leader LibDems) op hieren Parteideeg zu Bournemouth. A ween elo den Nick Clegg als Obama ofstempelt, kennt ewuel net den groussen Ennerscheed teschend europäesch liberal an amerikanesch liberal. Mee dat ass schons erem en aaneren Commentaire wäert… 🙂

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

7 Comments

  1. Just 2 Saache kuerz elo:

    – Et ass a mengen Aen en taktesche Fehler vunn der DP gewiert, de Claude Meisch als Spetzekandidat an d’Rennen ze schecken. De Charel Goerens wier do de bessere Kandidat gewiert: immens efueren, immens kompetent, immens beleift. Als zweete Mann dohannert hätt ech de Meisch dann opgesat, fir och déi méi jonk Generatiounen unzeschwätzen. Elo de Meisch schon anzesetzen ass fir mech e bessen sou wéi wann een en ze jonke Coureur forcéiert den Tour de France ze gewannen. Do get d’Polfer verschoss, ier de Coureur séng Räift erreescht huet.

    – zu de Gréngen: als Member vunn dir Partei kann ech déi Kritik net gutt novollzéihen (leit vläit eben grat dorunn, dass ech Member sinn). Wisou hu mär eis verkaaf? Mer hunn effektiv e puer Saachen iwwer Bord geheit, mee dat waren Elementer un deene mer bal futti gange sinn, Elementer, déi an engem Parlamentaresche System net gutt funktionnéieren. Inhaltlech hu mer näischt iwwer Bord geheit, mer hunn eis hechstens weider entweckelt. An jo natiirlech wellen déi Gréng op d’Majoritéitsbänk. Well ‘DP dat etwa net? Eng Partei, déi dat net weilt, ass bescheiert. Du gees jo net an d’Politik fir näischt wellen ze soen ze hunn.

    zum Rescht spéider, hu lo net vill Zäit. Meng Meenung zum Meisch sengem Optrieden hat ech hei jo schons beschriwen: http://manuelhuss.wordpress.com/2008/11/26/schwiegermutters-liebling/ 😉

    Reply

  2. Zu däer éischter Saach, hu meng Quelle mer gesoot, dass de Charel Goerens anscheinend net wollt Spëtzekandidat ginn. Anscheinend! Ech hätt och mam Charel Goerens als Spëtzekandidat kee Problem gehaat.

    Déi Gréng hunn sech menger Meenung no verkaaf, wëll se esou oft am gaangen sech fir den aktuellen Liebling vun den Léit schéin zemaachen. Bis elo waar dat dann den Juncker an d’CSV, an vun elo un dann scheinbar den adr. Ech sinn op d’Haltung vun deenen Gréngen an deenen nächsten Wochen jiddefalls gespaant.
    Jo, d’DP wëll och an d’Majorität. Kloër, mee si schleimen awer net esou bei der CSV (eigentlech maachen se dat schon guer net méi).

    Schlussendlech hunn ech nach emmer d’Aussoen vum Häerr Adam am Kapp, deen deemols um Radio behaapt huet: “Déi Gréng sinn net bestiechleg, mee wann een de Buergermeeschterposten ugebueden kritt, da muss een awer eng Kéier driwwer nodenken.” (citation par mémoire)

    Dat huet bei mir d’Faas fir déi Gréng zum Iwwerlaafen bruecht an haat als Konsequenz, dass ech mech géint eng Memberskaart vun deenen Gréngen entscheed hunn. (Obwuel ech schons ganz no dru waar, mer déi unzefroen).

    Jo, da ginn ech elo nach kuerz eppes op déin Post äntweren 😉 😀

    Reply

  3. Ech sin elo net wierklech informéiert iwwert Politik bei eis am Land, mee zu der ADR wëll ech awer eppes soën.

    Wat ech sou an deenen läschten Wochen vum ADR héieren hun zu der Saach mat dem Refus z’ennerschreiwen vum Grand-Duc Henri an der ganzer Diskussioun em d’Euthanasie, sou hun si sëch an mengen Aan do selwer duerch hiren – an mengen Aan – Zickzack-Kurs selwer disqualifizéiert.
    Wann een dann nach gesait, wéi se dem LuxPrimat no stin (oder emgedréint?) (den Gybérien haat jo op scoop.tv zur Eröffnung vun den neien LuxPrimat-Gebeier regelrecht Lobeshymnen op dat Schmierblaat gesong), misst jiddereen mat bessen Mënscheverstand zum Entschloss kommen, soueppes net ze wielen.

    Reply

  4. “Déi Gréng hunn sech menger Meenung no verkaaf, wëll se esou oft am gaangen sech fir den aktuellen Liebling vun den Léit schéin zemaachen. Bis elo waar dat dann den Juncker an d’CSV, an vun elo un dann scheinbar den adr.”

    Also do sinn ech awer elo op konkret Beispiller gespaant. Ech hunn d’Politik an de leschte Méint, an am Fong säit de leschte Wahlen, zimmlech genau verfollegt hei zu Letzebuerg, grat och déi vunn de Gréngen. Et fällt mär elo beim beschte Welle näischt an, wat ech iegendwéi als ‘schleimen’ bei der CSV beschreiwe kéint. An et muss ee jo och net emmer just kritiséieren, fir ze kritiséieren, wéi ech bei der DP heiensto den Androck hun. 😉

    An déi Gréng schleimen beim ADR?! Wou der Däiwel kenns de dodrunn? Den ADR ass awer quasi genau de Konträr vunn de Gréngen an zimmlech alle politische Froen. Dat géif mech zwar elo brennend intresséieren.

    Mee dovun ofgesinn, well ech net zevill politeschen Zwietracht séinen. Ech si mer scho bewosst, dass ‘DP an déi Gréng em eng bestemmte Wielerschafft konkurréieren, insbesonneg bei jonke Leit, mee ech denken dee Match sollt mat Inhalter a Fuederungen ausgekämpft ginn a net mat géigesäitege machtpolitesche Firwürf. Ech freen mech op de Wahlkampf 🙂

    Reply

  5. Also däer Beispiller ginn et jo eigentlech genug. Während dem Wahlkampf 2004 an den Debatten, nom Wahlkampf dunn och. Zumools den Fränz Bausch kann dat esou gudd maachen, bspw. beim TV-Debat iwwert de Budget 2006 (mengen war deen vun 2006, si mer awer elo net méi sëcher) de Charel Goerens him firgeworf huet fir d’Majorität zeschwätzen a keng Oppositioun zemaachen.

    Nee, déi Gréng schleimen (nach) net beim adr. ;P Ech hunn déi Fro ob sie dat maachen einfach emol an de Raum gepucht. Ech hoffen et wirklech net, dann hätten déi Gréng sech awer wirklech ganz verkaaf. 😉

    Jo, et gett jo emmer behaapt dass d’DP an déi Gréng déi nämlecht Partei wäeren 🙂 Sie hunn zwar vill gemeinsam Punkten, mee och Ennerscheeder, genee déi muss een dann eben an engem Wahlkampf opwéisen. Mee géint eng DP-Gréng Regierung hätt ech awer guer näischt 😉

    Ech frëe mech genee esou op de Wahlkampf, an esoubaal d’Programmer vun de Parteien do sinn, kann een dann och richteg iwwert d’Inhalter vun deenen eenzelnen diskutéieren. 🙂

    Reply

  6. “P.S. Nee, den DP Kongress huet den Claude Meisch och net als Obama duergestallt. Den Kongress hei am Land ass jo gleichzesetzen mat den Parteideeg an den USA. Do stung den Obama hannert engem Pult, den Claude Meisch huet daat dëst Joër net gemaach.”

    Dat ass natierlech den entscheedenden Ënnerscheed, deen et ausmecht, dass d’DP net probéiert den Meisch als Obama-Produkt opzebauen.

    Wou bleift eigentlech iergendeen Inhalt an déngem Commentaire? “Oder soll e Wiessel kommen?” Dovun ofgesinn, dass de hei e falscht Dilemma opbaus, probéiers de dem Meisch e Kredit ze ginn, dass heen e Wiessel aleede kéint, während Schwaarz-Rout fir all Problem am Land schold sinn. Dat ass extrem lächerlech, well s de néirens och nëmmen en Hauch dovunner gëss, wat dee “Wiessel” si soll. Mee, dat ass och net iwweraschend, well jiddereen, deen dem Meisch säin “Opbroch” gelies huet, wees, dass et alles just waarm Loft ass. Hee selwer wees net, wat säi Plang ass – e wees just, wat en net maache wëll. Mee: Feelererkennung ass nach keng Problembewältegung.

    An jo, ech wees, du wäerts lo rem soen, du géifs iergendwann dorobber agoen, mer weisen firwat s de net ménger Meenung bass, a sou weider a sou fort, mee d’Saach ass déi: wéini bréngs de déi Saachen? Du hues well schon zwee Mol ugekënnegt mer de Beweis ze liwweren, firwat den “Opbroch” net nëmme waarm Loft ass, mee komescherweis, bass de dee Moment ëmmer krank oder hues ze vill fir d’Uni ze dinn, oder soss iergendeng Excuse.

    Sou gëtt däi Blog extrem ofgewäert a fir mech eigentlech net “oppen”, mee wielerech, virageholl an inkonsequent. Am Fong kéints de däi Blog och an “Bloen Bréif” embenennen, do häss de enger Säits déng extrem “bias” involvéiert, mee och nach e schéint Wuertspill dran.

    Reply

  7. D’DP probéiert d’Erkenntnisser aus dem amerikaneschen Wahlkampf zenotzen. Jo. Dat ass kee Fehler. Ass sie sinn net déi eenzeg vill aaner Parteien aus Europa haaten Léit an d’USA gescheckt fir zekucken wéi et giff goen: Internet + Politik an sinn am gaangen hier Siten z’adaptéieren. Den Claude Meisch ass awer net den Barack Obama an hien gett och net als Obama duergestallt. Wou ass hien dann als Obama duergestallt ginn? Säin “Opbroch”? Dat Dokument also waat de Léit schons e besschen soll wéissen firwaat hien steet, waat awer – an dat haat ech jo scho gebloggt- keen Wahlprogramm ass an och keng Léisungen zu de Problemer drastinn. Déi ginn et am Wahlprogramm. Dat war awer schons virdrun ugekennegt ginn. 😉

    An ween ass dann laut dir un de Problemer Schold? Um 5611? Um heichen Chomagetaux? Un der steigender Armut? D’Oppositioun? Dat wäer awer iwweraschend. D’Majorität an dat ass eben d’LSAP an d’CSV hun d’Responsabilitéit an dann mussen se och kritiséiert ginn wann eppes schief leeft. Soll ech elo den Carlo Wagner oder den Muck Huss verantwortlech maachen, dass de Juncker esouvill reest an den Halsdorf näischt schafft? Soll ech den ganzen adr fir déi fatal Logementspolitik verantwortech maachen fir déi elo schons zenter 13 Joër den CSV-Politiker Boden verantwortlech ass?

    An d’DP huet an deenen läschte Méint u verschidden Papéieren geschafft an tonnen QP urgenten gestallt ewou sie Erklärungen wollten.

    Ech hunn nie vun engem “Beweis” geschwaat. Ech hu jhust gesoot gehaat ech hätt eng aaner Meenung ewéist du an de Manuel iwwert déi aktuell DP hätt an déi hun ech hei duergestallt. Pardon, dann dass ech krank waar a vill fir d’Uni schaffen. Ech schengen do e besschen méi fléisseg zesinn wéi verschidden aaner Studenten. Giff ech elo awer net als en Negativpunkt vu mir gesinn 🙂 An och de Faite dass ech nach e Liewen ausserhalb vum Internet hunn a mech bei verschiddenen Saachen engagéieren gesinn ech perséinlech och net als en Negativpunkt. Sëcherlech léit dann heiandsdo de Blog drënner, mee et muss een hautesdags den Internet an wirklech Liewen combinéiert kréien. Och nemmen esou ass et meiglech fir eppes zebeweegen. Wann ech dauernd hei um Blog schwätzen, hunn ech net besonneg vill gemaach. Blog an politesch Aktivitäten ausserhalb maachen, da fannen ech, huet een alt wéinstens e kléngen Deel zur Verbesserung beigedroen, wëll een sech bei deenen Aktivitäten intensiv fir seng Ideen asetzt.

    Mäi Blog ass secherlech aus enger liberaler Vue geschriwwen, dat kann ee mir awer elo kaum als Virworf dohinner puchen. Et ginn jo och nach 2 aaner (greng) Blogs an dass et soss keng ginn ass net meng Schold. Ech hunn awer fir de Wahlkampf eppes geplangt fir de Blog méi interaktiv zemaachen a verschidden Vuen eranzekréien. Méi doriwwer awer erréicht zu engem spéideren Datum. An “oppenen Bréif” heescht jo och net direkt dass en net bias ass. Hei d’Erklärung vun wikipedia:
    “En Oppene Bréif ass e Bréif, deen un eng Perséinlechkeet oder eng Institutioun geriicht ass, an deen an de Medie publizéiert gëtt, fir eng Stellung derzou ze provozéieren.”

    Dofir hunn ech deen Numm geholl. 😉

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s