Sou lues a lues berouegt sech d’Studenteliewen erem, mee mäin Commentaire iwwert den Claude Meisch an d’DP wäert ewuel erréicht nächste Weekend kommen.

Ech wëll awer op den alternativen Nobelpräis oder richteg genannt den “Right Livelihood Award” opmierksam maachen. Dësen gett all Joër Ufank Dezember zu Stockholm verginn a geet un déi Léit déi Léisung fir d’Problemer vun der Menschheet fannen an dës dann och emsëtzen. De Präiss ass dëst Joër e.a. un d’Amy Godman gaang, déi dësen Präiss méi ewéi verdengt huet. D’Madame Godman haat d’Idee fir den Politmagazin Democracy Now, deen eenzegen net-kommerziellen politeschen Magazin. Ween aus enger neutraler Siicht verschidden aktuell Saachen wëll wëssen, kuckt Democracy Now. D’Amy Godman war jo och bekanntlech dëst Joër op der RNC (Republican National Convention) vun der Police, genau esou ewéi vill aaner Léit, festgeholl ginn. D’Amy Godman haat mat enger Equip vun hierer Sendung wollten den Streikmarsch vrun dem Gebäi zu St. Paul (Minnesota) filmen. D’Amy Godman, déi et fäerdeg bruecht huet fir “developing an innovative model of truly independent grassroots political journalism that brings to millions of people the alternative voices that are often excluded by the mainstream media”, ass iwwrengs déi éischt Journalistin déi den alternativen Nobelpräis kritt huet.

—————————————-
Komme mer dann elo zum 2. Punkt vun dësem Post. Déi déi sëch am Netz emkucken gesinn et zimlech séier: déi Extremriets bauen sech zu Lëtzebuerg iwwert den Internet erem op. Gruppen op Facebook à la “Lëtzebuerg de Lëtzebuerger” sinn ewuel nemmen d’Spëtzt vum Äisbierg. Ech fannen dat net gudd. Ech si géint déi Extremriets an dofir wëll ech och bei der Aktioun “Web 2.0 OUNI RIETS” vun Pianocktail matmaachen an ech giff iech alleguerten opfuederen do matzemaachen.
Mir brauchen “Friemer”, ewéi se vrun e puer Deeg op rtl.lu genannt goufen. Mir brauchen déi 43% vun eiser Populatioun. Si maachen genee esou gudd Arbescht ewéi mir, si droen genee esou zum Wuelstand bei an alles. Ouni si geet et hei am Land net!

Natiirlech muss ech do elo och eng Kritik un d’Politik maachen: den Net-Lëtzebuerger keen Wahlrecht ginn ass eng Frechheet an dréit noutgedrongen zu dëser Situatioun bäi. Zum Glëck fuederen alt Jugendparteien ewéi d’JDL dass déi Léit och dëst Recht kreien.

Nach eng Kéier: maacht mat!

P.S. All déi Léit déi net domatter averstaanen sinn, sollen dann hier Konsequenz zeien an dësen Politblog vun elo un net méi besichen. Souwisou ass et jo net hei um Blog erlaabt rassistesch oder/an ausländerfeindlech Äusserungen ofzeginn. Au revoir!

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s