D’Fraktiounspresidenten Charel Goerens (DP), Fränz Bausch (Déi Gréng), Ben Fayot (LSAP), Gast Gyberien (adr) an Michel Wolter (CSV) hun also zesummen mat dem Staatsminister an Representant vun der Regierung Jean-Claude Juncker décidéiert d’Verfassung z’änneren.

Geet dat duer? War et dat elo? Et kann een nemmen hoffen, dass dat net alles war. Esou eng Ausso vun engem Monarch muss am 21. Joerhonnert méi Konsequenzen hunn. Minimum fir hien. Maximal fir déi ganz Famill.

Eigentlech ass dat jo schons e komplette Cadeau waat den “Heng” elo vun eiser Chamber an der Regierung kritt. Nach manner Rechter a Verpflichtungen awer nach emmer vill Suen. An Zäiten vun enger internationaler Finanz- a Wirtschaftskriis, misst een jo elo eigentlech fuederen, dass d’Gehalt vun der groussherzoglecher Famill drastesch gesenkt gett. Erennere mer och villeicht nach eng Kéier drunn dass vrun e puer Méint d’ganz Land huet missten en Deel vu séngem onbrauchbare Bësch kaafen, wëll hien roud Zuele geschriwwen huet. Jiddereen hei am Land huet him missten hëllefen. Ob een elo wollt oder net.
An als Aufgab vum Grand-Duc (villeicht déi eenzeg wirklech wichteg bis dato) ass eben dass hien sech politesch neutral verhält an d’Gesetzer ennerschréiwt.

Zum Glëck hunn ech awer nach Hoffnung, dass et dat net alles waar, waat op dësem 2. Dezember ausgeléist gouf. Et muss een nemmen d’Facebook Groupe “République de Luxembourg” (mat 145 Memberen [Stand: 20:00 CET]) ukucken, oder déi sëllechen Kommentarer op rtl.lu.

Lëtzebuerger Land huet elo déi eemoleg Gelegenheet sech endlech vun dëser Famill zeléisen. Sou wäer et méiglech endlech Suen fir d’lëtzebuerger Bierger auszeginn an net fir e Grand-Duc, deen seng Privatintressen vrun déi vun enger Majorität aus dem Vollek setzt.

Lëtzebuerg, dat hei ass deng Chance. Notz se! Wann’s de eng demokratesch Republik wëlls, dann muss de elo schwätzen.

Loos déi Frechheet vum Grand-Duc Konsequenzen mat sech bréngen. Richteger, déi déi eppes veränneren. Déi déi eist Land wéider bréngen.

Ofschléissend en Deel aus dem Communiqué vun der Jeunesse Démocrate et Libérale (déi éischt Jugendpartei déi reagéiert haat):

Les jeunes libéraux tiennent à rappeler au Grand-Duc, avec tout le respect qu’on lui doit, qu’on ne l’a pas interrogé sur son avis à propos de la question de l’euthanasie. Si pourtant SAR insiste à le mettre en débat, les jeunes libéraux ne peuvent s’empêcher de considérer que cet avis semble faire preuve de réminiscences d’une attitude réactionnaire et impérialiste, dictant sa volonté personnelle au lieu de faire confiance à l’individu et de respecter son choix.

Il est évident que par son refus irresponsable et inacceptable, le Grand-Duc tente d’influencer négativement le second vote parlementaire. Les jeunes libéraux lancent un appel aux Députés de persévérer dans leur voie et de se montrer conséquents, ce qui devrait mener à l’acceptation de la loi Err-Huss. Il en va de la crédibilité, de l’indépendance et de l’intégrité de nos institutions démocratiques.

Wéi wäer et dann mat engem Referendum? Monarchie, jo oder nee?

Lëtzebuerg, du muss handelen. Elo, soss ass et ze spéit!

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. alles ganz richteg-mä:
    vill schéi wierder, déi näischt brengen,wa se net an aktioun emgesat gin!

    firwat “DU muss handelen”?

    besser : ECH handelen elo an ruffen iech op, datt mer all zesummen kommen an fir d’republik demonstréieren!

    nemmen den drock vun der stroos kann eppes bewierken, op d’politiker kann e sech net verloossen!

    DOFIR:
    DEMO FIR RÄIHEET AN DEMOKRATIE

    DESE FREIDEG 14 AUER

    op der clairefontainesplaaz

    (weidersoen an verlinken!)

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s