Jo, d’Wahlen an den USA sinn nach laang net gelaaf. Souwisou ginn den Barack H. Obama an den Joseph R. Biden jo erréicht den 15. Dezember vum “electoral college” gewielt. D’Resultat gett dann un den Kongress gescheckt, wou dann am Januar den aktuellen Vice President Dick Cheney am Numm vum President Bush d’Resultat firliest.

Momentan kommen jo dann och baal all Daag néi Nimm fir dem Obama seng “administration” an d’Gespréich. Sou zum Beispill d’Hillary Clinton als Ausseministesch, mee och den John Kerry huet Chancen op dëse Posten schliesslech kéinnt den Bill Clinton (a séng Charity) e Problem fir d’Hillary Clinton ginn. Aaner Nimm sinn Gates, Richardson an Schweitzer. Den Schweitzer (Brian), den aktuelle Gov. vun Montana, gett jo gehandelt als potentielle Emwëltsminister, mee och den Numm vum Al Gore fällt an dësem Zesummenhang. Eent steet jiddefalls fest, den Brian Schweitzer wäert en Mettwoch zu Dublin sinn fir do e Präiss entgéint zehuelen.

Sëcher bestätegt sinn bei der Obama “administration” d’Plaatz vum “President’s Senior Adviser” an déi vum “Vice President’s Chief of Staff”. Den Senior Adviser vum Obama gett den genialen David Axelrood, deen jo bekanntlech den “Top Strategist” war vun der Obama Campaign. Den Chief of Staff vum Joe Biden gett den genialen Ronald A. Klain. Hien war jo bekanntlech schon den Chief of Staff vum Al Gore an en Adviser 2000 fir séng Campaign a waar jo den Haaptmann fir d’Gore-Liebermann Campagne am “Florida Recount”. Am Film “Recount”, deen ech hei als Wahlkampf Tipp uginn haat, gett den Klain iwwrengs vum Kevin Spacey duergestallt.

SENAT
Sou elo dann awer endlech zum US-Senat ewou d’Demokraten elo bei 58 Sëtz stinn, nodeems sie en Dennschten endlech den Sieg zu Alaska konnten féieren.

Elo bléiwen nach 2 Rennen opstoen. Theoretesch kéinnten d’Demokraten also nach déi 60-Sëtz-Majorität kréien. Zu Minnesota gett elo nogezielt, wëll den Republikaner elo jhust nach eppes méi ewéi 200 Stemmen Virsprong huet. An deen “Recount” kéinnt nawell knaschteg ginn. D’Deadline ass iwwrengs an der éischter Woch am Dezember an et ass ewuel unzehuelen dass et nach esou laang wäert daueren bis dass e Resultat do ass. Nogezielt gett ennert den Aan vun béiden Campagnen, den Medien an Wahlobservateuren.

Deen aaneren Staat, deen nach net kloër ass, ass Georgia. Dass et do spannend an knapps gett haat ech jo schons a menger grousser Wahlprognos geschriwwen. Je… den Republikaner Chambliss huet zwar d’Wahl gewonnen, mee laut den Gesetzer vun Georgia brauch den Gewenner 50%+1 fir eranzekommen. Dat ass domm gaangen, wëll den Chambliss déi Mark verfeelt huet. Esou huet den Demokrat Martin, deen jo nemmen knapps verluer haat, awer nach eng kléng Chance eranzekommen. Et kennt elo eben Ufank Dezember zu engem Runnoff.

Affaire à suivre… 🙂

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s