D’Demokratesch Partei haat sech jo schons fréi festgeluegt ween hieren Spëtzekandidat soll sinn an an der rezenter Emfro vun TNS IlRes huet een och direkt e Sprong an der Popularität vum Claude Meisch gesinn (+3 Plaatzen). Och wann ech perséinlech net vill vun däer Emfro haalen (1001 Wieler sinn net representativ!), dierft et ewuel d’Strategen vun der DP gefreet hunn.
An haut um Freideg huet den Claude Meisch dunn folgendes ugekennegt:

Im Hinblick auf die anstehenden Parlamentswahlen ist es mir wichtig Ihnen, aber auch allen anderen Menschen, die politisch interessiert sind, aufzuzeigen, wofür die Demokratische Partei und ich als ihr Spitzenkandidat einstehen. Es ist mir wichtig, dass die Menschen in unserem Land wissen, welche Politik sie nach 2009 von liberaler Seite aus zu erwarten haben. Die Menschen sollen wissen, welche Reformen die DP in die Wege leiten will, um unser Land angesichts der anstehenden Herausforderungen fitzumachen.
Aus diesem Grund werde ich am kommenden Dienstag im Rahmen einer Pressekonferenz einen Text vorlegen, im dem sowohl die Grundlinien und -überzeugungen meiner Politik skizziert, die Probleme und Herausforderungen unseres Landes beschrieben und die notwendigen Reformen vorgestellt werden. Bei dem vorgestellten Text handelt es sich nicht um ein Wahlprogramm und an einigen Stellen werden Sie auch vergeblich nach detaillierten und durchgerechneten Vorschlägen suchen. Konkrete Reformvorschläge und Maßnahmen werden Sie allerdings in unserem Wahlprogramm wiederfinden, das in den kommenden Monaten vorgestellt werden wird.

Et wäert een also en Dennschten schon eng kléng éischt Idee kréien wéi d’Demokratesch Partei d’Wahlen d’nächsten Juni wëll gewannen. Ugekennegt gouf vum Claude Meisch dann och den néien Internetsite vun der DP, deen ebenfalls en Dennschten soll online goen.

Nom éischten wanterlechen Weekend, kommen also en Dennschten (endlech!) déi éischt Idee’en fir den Wahlkampf d’nächst Fréijoër…

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

6 Comments

  1. “Et wäert een also en Dennschten schon eng kléng éischt Idee kréien wéi d’Demokratesch Partei d’Wahlen d’nächsten Juni wëll gewannen.”

    Hybris.

    Reply

  2. Ech si gespaant op den DP-Programm. Am Moment kennt mer ‘DP e besse fir wéi e Loftschlass. Vill Tamtam a Parolen (zumols op deem Parteikongress oder wat dat war, wou de Meisch probeiert huet opzetrieden wéi den Obama) , heiensto scharf Kritik (oft an déi richteg Richtung), mee et fehlt un engem roude Fuedem. Ech hunn iegendwéi den Androck wéi wa sech déi Partei während hierer leschter Koalitioun mat der CSV verluer hätt a sech säitdem net méi remfonnt hätt. Wann ‘DP d’Wahle gewanne well oder zumindest d’Resultat haale well, dann brauch se ganz dringend een konsequenten an kohärenten Programm fir d’Form mat Inhalt ze fellen.

    Reply

  3. Ech stëmmen dem Manuel honnertprozenteg zou. A séngem “Opbroch” kritiséiert den Meisch, während en sech effektiv als Obama-eenlech Persound duerstellt (“Wandel” schéngt säi Motto), dass déi aner Parteien sech op festgefuerene Linne bewegen. Entgéint sénger Meenung, denken ech awer net, dass d’DP doduercher gewënnt, dass se där keng huet, mee dass se verléiert, well se eng onberechenbar Variabel ass. Bei der DP wees de absolut net, wou s de dru bass am Géigesaz zu all den anere Parteien, déi eng gewëss Kohärenz besëtzen.

    Reply

  4. Ech stemmen iech 2 do net ganz zou a wäert meng Vuen dann och an engem Post, deen an den nächsten Deeg online kennt, duerstellen.

    (War déi ganz läscht Woch krank an hunn elo vill nozehuelen fir d’Uni. Sorry also dass et net éischter wäert goen.)

    Reply

  5. Ech si gespaant, a gutt Besserung!

    Hei mäin kritesche point de vue 🙂

    http://manuelhuss.wordpress.com/2008/11/26/schwiegermutters-liebling/

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s