Mam Titel ass eigentlech schons baal alles gesoot. Connecticut ass et also geglëckt fir no firzegoen. D’Riichter haaten entscheed an hunn sech eben fir d’Creatioun vum “gay marriage” ausgeschwaat. Nemmen Sekonnen si vergaangen hier sech déi éischt Koppel bestued huet. D’Barbara and d’Robin Levine-Ritterman, déi mat gekämpft haaten, goufen als éischt bestued an hunn deno gesoot: “It’s a great day for Connecticut.”
Mee d’Freed iwwer Connecticut hellt sech wéinst dem Referendum zu Californien a Grenzen. D’läscht Woch (4. November) gouf et do en Referendum iwwert d’„Prop 8”, déi virgesäit d’„same sex marriages” erem illegal zemaachen. Vrun e puer Méint gouf et jo zu Californien erlaabt, dass gleichgeschlechtlech Koppelen sech dierften bestueden. Mee an dem Referendum huet sech eng Majorität vun den Bierger vun Californien fir d’„Proposition 8” ausgeschwaat. D’Léit vum “No to Prop 8” hunn och schons hier Nidderlaag unerkannt, och wann d’Resultat erréicht an deenen nächsten Deeg offiziell erauskennt. Verschidden Bierger beschréiwen et als “Victoire”, wëll „it’s a sin of God”.
EDIT (14.11.2008 ; 7:45 Auer): Eng interessant Diskussioun iwwert dat ganzt Thema gouf et geschter am “AC 360°” op CNN. Ennert folgendem Link kann een de Video aus dem Anderson Cooper sénger Sendung nach eng Kéier kucken: hei.