Mam Titel ass eigentlech schons baal alles gesoot. Connecticut ass et also geglëckt fir no firzegoen. D’Riichter haaten entscheed an hunn sech eben fir d’Creatioun vum “gay marriage” ausgeschwaat. Nemmen Sekonnen si vergaangen hier sech déi éischt Koppel bestued huet. D’Barbara and d’Robin Levine-Ritterman, déi mat gekämpft haaten, goufen als éischt bestued an hunn deno gesoot: “It’s a great day for Connecticut.”

Mee d’Freed iwwer Connecticut hellt sech wéinst dem Referendum zu Californien a Grenzen. D’läscht Woch (4. November) gouf et do en Referendum iwwert d’„Prop 8”, déi virgesäit d’„same sex marriages” erem illegal zemaachen. Vrun e puer Méint gouf et jo zu Californien erlaabt, dass gleichgeschlechtlech Koppelen sech dierften bestueden. Mee an dem Referendum huet sech eng Majorität vun den Bierger vun Californien fir d’„Proposition 8” ausgeschwaat. D’Léit vum “No to Prop 8” hunn och schons hier Nidderlaag unerkannt, och wann d’Resultat erréicht an deenen nächsten Deeg offiziell erauskennt. Verschidden Bierger beschréiwen et als “Victoire”, wëll „it’s a sin of God”.

EDIT (14.11.2008 ; 7:45 Auer): Eng interessant Diskussioun iwwert dat ganzt Thema gouf et geschter am “AC 360°” op CNN. Ennert folgendem Link kann een de Video aus dem Anderson Cooper sénger Sendung nach eng Kéier kucken: hei.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

3 Comments

  1. Jo, ausserdeem ass de Gay marriage jo “net natierlech” a reit sech an mat berühmten Aaneren onnatierleche Saache wéi Wunnen an engem Haus, réie Fësch an – ganz kloer – gesalzten Popcorn.

    Alles nëmmen desperate Housewives…

    Reply

  2. […] Koppel’en déi nämmlecht Rechter gi wéi den heterosexuellen. Ween hat no der Proposition 8 [méi hei um ‘Oppenen Bréif’] nach geduecht? Wuel keen. An déi gutt Noriichte fir méi Gläichberechtegung sollten dës Woch […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s