Oppenen Bréif

Lëtzebuerg: “Rent a Kleeschen” fir e gudden Zweck

Esou lues a lues faalen d’Temperaturen dobaussen an d’Deeg ginn emmer méi kuerz. Moies wann een d’Haus verléisst ass et déischter an Owes wann een heem kennt och. All Kand wëes waat dat heescht. Spéistens wann den Himmel fir déi éischte Kéier “roud” ass, wëes et jiddereen.

Zäit ass erem do. De Kleeschen kennt! Waat huet esou eppes op engem Politblog verluer, froot der iech elo? Ma ganz einfach, ech wëll de Kleeschen firstellen. Oder besser gesoot, d’Spendenaktioun vum Kleeschen. De Kleeschen ennerstëtzt nämlech dëst Joër ganz speziell an sénger Spendenaktioun d’Fondatioun Kriibskrank Kanner. Fir deenen Kanner e kléngt Laachen an Freed zeschenken, baut d’Fondatioun eng Spillplaatz mat allem waat dozou gehéiert. Dass esou eppes net ganz belleg ass dierft gewousst sinn.

An elo komm dir an d’Spill! Nee dir sollt net “nemmen” spenden, dir sollt e Kleeschen, pardon, DE Kleeschen fir äer Soiré engagéieren. Ob Veräin, Firma, Schoul oder bei iech doheem, de Kleeschen kennt iwwerall hinn (an natiirlech ass säi Frend den Housecker och dobäi). Allerdéngs ass de Kleeschen schons den 5. an den 6. Dezember ausgebucht.

D’Präiser a wéider Informatiounen fannt der um Internetsite vum Kleeschen a vum Housecker: op kleeschen.com.

(Un d’Elteren: D’Outfits vum Kleeschen a vum Housecker sinn nawell 1A! Dovunner konnt ech mech d’läscht Woch sëlwer iwwerzeegen. Eng flott Aktioun also, déi nom Succès vun 2007 natiirlech och dëst Joër erem e grousse Succès soll kennen. Et ass jo fir e gudden Zweck!)