Esou lues a lues faalen d’Temperaturen dobaussen an d’Deeg ginn emmer méi kuerz. Moies wann een d’Haus verléisst ass et déischter an Owes wann een heem kennt och. All Kand wëes waat dat heescht. Spéistens wann den Himmel fir déi éischte Kéier “roud” ass, wëes et jiddereen.

Zäit ass erem do. De Kleeschen kennt! Waat huet esou eppes op engem Politblog verluer, froot der iech elo? Ma ganz einfach, ech wëll de Kleeschen firstellen. Oder besser gesoot, d’Spendenaktioun vum Kleeschen. De Kleeschen ennerstëtzt nämlech dëst Joër ganz speziell an sénger Spendenaktioun d’Fondatioun Kriibskrank Kanner. Fir deenen Kanner e kléngt Laachen an Freed zeschenken, baut d’Fondatioun eng Spillplaatz mat allem waat dozou gehéiert. Dass esou eppes net ganz belleg ass dierft gewousst sinn.

An elo komm dir an d’Spill! Nee dir sollt net “nemmen” spenden, dir sollt e Kleeschen, pardon, DE Kleeschen fir äer Soiré engagéieren. Ob Veräin, Firma, Schoul oder bei iech doheem, de Kleeschen kennt iwwerall hinn (an natiirlech ass säi Frend den Housecker och dobäi). Allerdéngs ass de Kleeschen schons den 5. an den 6. Dezember ausgebucht.

D’Präiser a wéider Informatiounen fannt der um Internetsite vum Kleeschen a vum Housecker: op kleeschen.com.

(Un d’Elteren: D’Outfits vum Kleeschen a vum Housecker sinn nawell 1A! Dovunner konnt ech mech d’läscht Woch sëlwer iwwerzeegen. Eng flott Aktioun also, déi nom Succès vun 2007 natiirlech och dëst Joër erem e grousse Succès soll kennen. Et ass jo fir e gudden Zweck!)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

4 Comments

  1. D’Aktioun ass jo gutt, mee muss se wierklech “Rent-a-Kleeschen” heeschen?

    PS: So, ech wousst guer net, dass du op der uni.lu wiers, ech hat geduet du géifs wéinstens iergendwéi an Amerika Political studies oder sou man, dass de sou geckeg déi Walen verfollegs?

    Reply

  2. Ma ech sichen nach no engem guude Sponsor. Soll ech der meng Kontosnummer per Email schecken, oder… 🙂
    Falls ech dann eng Kéier sollt Senator oder esou ginn, wäert ech och dofir suergen, dass ech däin Numm als éischten a menger Ried nennen. 😉

    Reply

  3. Ey, kee Lobbyismus hei. Pianocktail SA ënnerstëtzt keng Politiker.

    Reply

  4. Ech hu jo net gesoot, dass ech giff méi maachen ewéi däin Numm an der “acceptance speech” / “victory speech” nennen. 😉

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s