Oppenen Bréif

USA: Obama léist och 2. Wahlverspriechen schons an!

Den Obama haat schons ugekennegt säin 1. Wahlverspriechen zehaalen. Dëst war/ass d’Uschaafung vun engem Hond deen d’Malia an d’Sasha Obama schons am Januar 2007 wollten. Dunn kruuten sie awer vum Michelle an Barack gesoot, dass se deen erréicht kriiten wann alles (d’Campagne) eriwwer wäer. Je… dunn ass de Papp e beemol awer den demokratesche Kandidat ginn an esou ass d’Saach wéider gaangen. Mee en Dennschten den Owend (Ortszeit) huet den Obama et vrun engem Millioune Publikum versprach: „I love you both more than you can imagine. And you have earned the new puppy that’s coming with us …to the new White House.”

An haut ass dunn och dat 2. Wahlverspriechen realiséiert ginn. Den President-Elect Obama an den Vice President-Elect Joe Biden wäerten och wéiderhin iwwert den Internet mat de Léit kommunizéieren. D’Léit kenne kucken an noliesen waat um Programm vun deenen 2 steet, et gett och erem e Blog an an deenen nächsten Deeg wäert sech de Site ewuel nach vergréisseren. Den Obama huet et am Wahlkampf jo als “Google For Government” ugekennegt.
D’URL vum Site ass déi folgend: www.change.gov