7:05 am CET: Komme mer elo zur Nr. 1 vun den “Top 10”. Et ass keng Iwweraschung an et haat och am Obama sénger Ried haut eng wichteg Roll. Hei ass den Will.I.Am mat “Yes We Can”:

6:44 am CET: Et waar eng Victoire fir déi Jonk. Sie hunn den Obama zum Presidentschaftskandidat vun den Demokraten gemaach an sie hunn hien och zu hierem President gemaach. E riesen Landslide an der Kategorie 18-29-jähreger fir den Obama. Alleguerten déi déi gesoot hunn, dass déi Jonk sech net fir Politik interesséieren an och net wiele ginn, goufen haut den Owend eppes besserem beléiert.

6:25 am CET: D’USA huet also säin 44. President am Barack Obama fonnt an am Joe Biden säin 47. Vice President. Ech perséinlech hunn elo irgendwéi e klénge Problem. Ech mengen ech brauch nach e puer Stonnen ier ech realiséiert hunn waat haut geschidd ass.

5:58 am CET: D’Obamas sinn op der Bühn…

5:52 am CET: Wahrscheinlech kennt den Obama a verschiddenen Momenter eraus. Iwwerdeems gett a ganz Amerika geféiert. Dausenden vu Léit féieren bspw. um Times Square. Amerika huet geschwaat. Grouss geschwaat.

5:46 am CET: A während mer elo alleguerten op déi grouss Ried warden, hei ass Platz Nr. 2. Witzegerwéiss heieren ech elo, dass et och grad zu Chicago leeft. Hei ass “Only In America”:

5:36 am CET: Den Obama an den Biden soen schons op hierer Säit Merci:
thanks

5:35 am CET: Den GW Bush huet elo graad dem Obama ugeruff an him félicitéiert.
Gläich kennt d’Ried vum Barack.

5:31 am CET: Den Barack, d’Michelle, d’Malia, d’Sasha Obama an den Joe, d’Jill, den Beau Biden sollen all Moment elo erauskommen.

Aktuellen Stand:
Obama/Biden: 333
McCain/Palin: 155

Dat ass (gett) e Landslide. Do ass et d’„L word” 😀

5:30 am CET: Ok, déi “concession speech” vum McCain war net esou schlecht. “My former opponent who will be my President.”

5:22 am CET: Während den McCain seng Ried gett, kennt d’Nouvelle dass hien säin Heemstaat Arizona dann elo och alt gewonn huet. E kléngen Trouscht…

5:20 am CET: Den McCain an d’Palin kommen eraus. Grouss Musëk, mol kucken waat se soen…

5:16 am CET: NBC huet elo graad Florida als “Obama Land” déclaréiert. (Ech haat Recht :))
Obama/Biden: 306 Wahlmänner
McCain/Palin: 142 Wahlmänner

Off-Topic: Irgendwéi gett et e Problem mat de Kommentarer :S

5:12 am CET: Sou et gett Zäit fir wéider Musëk. Platz Nr 4. “The Rising” vum Bruce Springsteen an Platz Nr. 3 “Born in the USA” vum Springsteen:

5:05 am CET: Den Obama kennt op 297 Wahlmänner (bis elo). An méin aaneren Lieblingspolitiker aus den USA, den Robert F Kennedy haat Recht: Wann Amerika esou wéider fiirt, kann a 40 Joër en Schwarzen President ginn. (Gesoot 1968)

Ech hu momentan Tréinen an den Aan. Léider ass den Server fir den Video ofgestiirzt. :/ Villeicht ass et och gudd, wëll ech momentan zimlech sprachlos sinn. No 4 Joër ass et endlech esou wäit. Dee Mann vun Illinois gett President. Flott. Immens. An ech haat vun Ufank un Recht. Et gouf keen Bradley Effekt. D’„50 State Strategy” wäert grouss anschloen. Den David Plouffe ass einfach e genial intelligenten Strategist. 🙂

5:00 am CET: OBAMA ASS DEN 44. PRESIDENT VUN DEN USA!! Juhu. No 4 Joër geet mäin Draam an Erfëllung :)))

4:58 am CET: Virginia geet un den Barack OBAMA!!!!!!!!!!!!

4:50 am CET: Ech hu Loscht op Musëk. Hei ass Platz Nr 5: “Who Says You Can’t Go Back” vun Bon Jovi an Sugarland:

4:45 am CET: Um 5 Auer ginn verschidden Wahllokaler zou an domatter ginn iwwer 80(!) Wahlmänner verginn. Dat kéinnt am beschte Fall d’Enn vun dëser Wahl sinn an den Obama den 44sten President maachen.

4:38 am CET: Gett Zäit fir erem e besschen Musëk. Hei ass “We Are The Ones” vum Will.I.Am. D’Plaatz Nr 5:

4:24 am CET: Och Mississippi geet elo (endlech) un den McCain. Erréicht nodeems baal 50% ausgezielt waaren, ass et secher dass den McCain dësen groussen “Red State” roud gehaalen huet. Domatter:

Obama/Biden: 206 Wahlmänner
McCain/Palin: 135 Wahlmänner

4:22 am CET: Texas geet dann elo offiziell op d’Säit vum John McCain. Domatter huet den McCain 129 Wahlmänner.
Op eng Email vun CNN un d’Senior Advisors vum McCain, ob den McCain nach eng Chance hätt zewannen, hunn sie d’Äntwert kritt: ‘No. No.’

Den McCain an d’Sarah Palin sinn iwwrengs elo offiziell op hierer “Party” zu Phoenix ukomm.

4:20 am CET: Den Obama kritt 68% vun den Stemmen vun den “Latino Voters”, den John McCain kritt 30%. Dat sinn 10% manner ewéi nach 2004 fir den Bush.

4:10 am CET: Den John McCain kritt déi 6 Wahlmänner vun Arkansas. Domatter huet den McCain elo 95 Wahlmänner an domatter nach 175 Wahlmänner.

US-SENAT
Zu Minnesota ass a bléiwt et wéiderhinn spannend. Den Franken (D) féiert do mat 45% vrum aktuellen Senator Coleman (R). Sollt den Franken gewannen, wäer dat e wéideren Schlag fir d’Republikaner.

4:06 am CET: GOVERNOR
Elo huet hien et also. Juhu. Dat freet mech elo ganz perséinlech. Den Brian Schweitzer (D) vun Montana huet säin Governor Stull gehaalen. Super! 🙂

4:05 am CET: En “GOP Insider” huet dem CNN elo no Iowa gesoot: “This thing is over.”

Dem Obama fehlen elo nach 63 Wahlmänner. California huet der 55. Dierf ech d’„L word” elo schon benotzen?

4:00 am CET: Iowa geet un den Barack Obama. Genee do ewou alles gestart huet fir den junior Senator vun Illinois.
Utah an Kansas geet un den McCain.

Domatter:
Obama/Biden: 206 Wahlmänner
McCain/Palin: 89 Wahlmänner
(270 ass déi magesch Ziffer)

An d’Häerz vun den Demokraten California geet erréicht um 5 Auer CET zou. D’nächst Stonn kéinnt d’Resultat kommen an Amerika hätt säin 44. President an säin 47. Vice President.

3:51 am CET: Exit Polls: 95% vun den Léit déi Change wollten hunn fir den Obama gewielt. Dat ass grouss, wëll den McCain zanter dem Palin-Pick och ebeemol fir “Change” waar.
Hien huet eigentlech déi nämlecht Strategie geholl ewéi d’Hillary Clinton. Experience, dunn Change an Experience. D’HRC haat de Kampf verluer an et schéngt ewéi wann den McCain en och verléiert.

Elo awer emol Platz Nr. 6. Dat Lidd waat no all Ried vum Barack an Michelle gelaaf ass:

3:48 am CET: PROJECTION
Louisiana geet bei den McCain an New Mexico bei den Obama.

Domatter:
Obama/Biden: 199 Wahlmänner
McCain/Palin: 78 Wahlmänner

(Popular Vote:
McCain: 49%
Obama: 50%)

3:40 am CET: Eigentlech war et dat dann elo fir den McCain. Schliesslech huet nach nie en Republikaner et an d’Wäisst Haus gepackt ouni Ohio.
Den McCain ass schons um Wee op séng “Party” zu Phoenix. Komesch jhust, dass do nemmen Musëk leeft. Eigentlech goufen d’Noorichten gewissen, mee d’Léit do wëssen net wéi et zu Pennsylvania an Ohio gaangen ass. Sie hu keng Ahnung iwwert den aktuellen schlechten Stand fir den McCain.

3:25 am CET: MAJOR PROJECTION. Erliewt se hei live.

3:23 am CET: PROJECTION! President
Den John McCain wäert West Virginia gewannen an déi 5 Wahlmänner huelen. Dat heescht hien huet elo 69 Wahlmänner. Mee Indiana, Virginia, Florida gesäit schlecht aus fir hien.

An e puer Minutten kennt et hei zu enger MAJOR PROJECTION!!!!!!!!

3:19 am CET: Den Mann vun Kentucky Mitch McConnell (R) wäert ewuel awer den Sëtz am US-Senat behaalen. Dat ass e grousse Gewënn fir d’Republikaner.

3:15 am CET: Op der rietser Säit enner “Evenementer” kennt der iwwrengs elo emmer den aktuelle Stand bei der Presidentschaftswahl an der Senatswahl kucken.

An elo emol erem e kléngt Lidd. Hei ass Platz Nr. 7: “Imagine”

3:13 am CET: Georgia geet un den McCain. Et war e groussen Challenge fir den Obama an villeicht zegrouss.
Aktuelle Stand:
Obama/Biden: 174 Wahlmänner
McCain/Palin: 64 Wahlmänner

3:07 am CET: PROJECTION US SENAT:
D’Madame Shaheen (D) huet den “rouden” Sëtz vun New Hampshire kritt an den Häerr Udall kritt den “rouden” Sëtz vun New Mexico.
Dat heescht momentan am US-Senat:
Demokraten: 51 Sëtz
Republikaner: 33 Sëtz

Domatter hunn d’Demokraten also elo d’Majorität. Bléiwen nach 16 Sëtz déi nach opstinn. Maximal wäeren also 67 Sëtz fir d’Demokraten dran.

3:05 am CET: Exit Polls wéissen iwwrengs dass den Alter fir d’Léit duebel esou wichteg waar fir net fir den Kandidat zewielen ewéi den Rassismus.
(Ech haat Recht. Keen Bradley Effekt :))

3:00 am CET:Obama kritt Rhode Island, Michigan, Wisconsin, New York, Minnesota
McCain kritt Wyoming an North Dakota.
Interessant ass dass dem McCain säin “State” Arizona bis elo “too close to call” ass.

Dat heescht momentan huet:
den Obama an den Biden: 174 Wahlmänner
den McCain an d’Palin: 49 Wahlmänner

2:58 am CET: Alabama mat hieren 9 Wahlmänner ginn bei den McCain. Dat ass awer erwaard gewierscht. An 2 Minutten kennt nawell vill.

2:55 am CET: Domatter hunn d’Demokraten elo 47 Sëtz am US-Senat. D’Republikaner momentan 30.
Um 3 Auer ginn et beim President wéider PROJECTIONS.

2:53 am CET: An elo ass en also wirklech fort. D’Madame Kay Hagan (D) huet den Senatsëtz vun North Carolina gewonnen an huet domatter d’Dole vun deem “secheren rouden” Sëtz erausgehéit.

2:47 am CET: Den John McCain waard elo op d’Resultat aus Virginia. Sollt deen Staat och blo ginn kéinnt een den Republikaner ewuel schon ganz fréi gesinn an hien giff séng Ried ginn an däer hien dem Obama félicitéiert. Mee esouwäit sie mer nach net…

Momentan gesäit et esou aus:
3
Obama/Biden: 102 Wahlmänner
McCain/Palin: 34 Wahlmänner
(270 brauch een der)

2:40 am CET: PROJECTION!!!!!!!!!!
Eng grousss a wichteg Projection fir den Barack Obama a séng Supporteren. Pennsylvania wäert laut CNN fir den Obama goen. Och wann deen Staat normalerwéis “blo” wielt ass den McCain oft do gewiercht an huet jo esouguer Michigan opginn fir PA zewannen.
Dat ass eng grouss Noricht fir den Obama.

2:39 am CET: An erem an den Senat.
Zu New Hampshire kéinnten d’Republikaner hieren Sëtz verléieren. Momentan [10%] léit d’Madame Shaheen do mat 56% vrun der Madame Sununu 41%.
Zu North Carolina kéinnt e wéideren roude Sëtz fort goen. Momentan féiert d’Hagan (D) mat 56% vrun Dole (R) 41%.
Zu Kentucky kéinnt e wéideren Sëtz vun den Republikaner dru glëwen. An domatter deen vun dem méiglechen nächste Leader vun den Republikaner den McConnell. Momentan léien béid Kandidat bei 50%. McConnell 408,421 Stemmen an Lunsford 402,116.
Fir den John King (CNN) ze zitéieren: ‘If they win here and beat McConnell, it can be a good night for the Democrats.’

2:33 am CET: PROJECTION! New Hampshire geet ewuel béi den Barack Obama. Eng kléng Iwweraschung wëll den McCain hei säin “Comeback” an den Virwahlen haat. Mee d’Economie schéngt ewuel fir den Obama geschwaat zehunn.

2:31 am CET: Arkansas ass elo och “zou”. Den Staat ewou den Bill Clinton Governor waar ass “too close to call”.

2:29 am CET: Kommentar vun NBC: “We [USA] are going to play another role in the world. We’re going to play a different role on this table. And Obama is just someone who gives you some change.”

2:22 am CET: Zäit fir d’Nr. 8. “I’ve got a crush on Obama” vum ”Obama Girl”:

2:19 am CET: North Carolina [5%]: Obama 58% ; McCain 41%
Virginia [29%] McCain: 56% ; Obama: 48%

2:13 am CET: Erem an den Senat:
Den Alexander (R) vun Tennessee, Lautenberg (D) vun New Jersey, Kerry (D) vun Massachusetts, Collins (R) vun Maine an den Dick Durbin (D) vun Illinois hunn hieren Setz gerett.

Dat heescht momentan gesäit et am Senat esou aus:
Demokraten: 45 Sëtz
Republikaner: 29 Sëtz

Dir gesidd nach 6 Sëtz an d’Demokraten hunn hei d’Majorität. Mee d’Demokraten kucke jo bekanntlech op d’Nummer 60.

2:05 am CET: Esou gesäit et also elo aus:
2
Obama/Biden: 77
McCain/Palin: 34

1:52 am CET: Eischten kléngen Point als Live-Video. Klick hei

1:42 am CET: Zereck bei den President.
* Indiana [20%]: McCain 51% léit vrum Obama 48%
* North Carolina: 51% fir den Obama an 48% fir den McCain
* Florida [4%]: 55% fir den Obama an 45% fir den McCain

1:40 am CET: Da gett et awer och Zäit fir an den Kongress kucken zegoen. Deen gett komplett néi gewielt. Den Goodlatte (R) an den Cantor (R) vun Virginia, den Mollohan (D) vun West Virginia, den Pence (R) vun Indiana, den Davis (R) vun Kentucky, den Donnelly (D) vun Indiana hunn ewuel hieren Setz verdedeegt. Dat bréngt ass zu:
Demokraten: 7
Republikaner: 6
(423 ass déi magesch Nummer)

1:33 am CET: Mat West Virginia ass awer elo eng wéider Projection dran. Dëst fir den Senat. Den Demokrat Rockefeller wäert ewuel säin Setz verdeedegt huet. Dat heescht den Senat ass momentan bei
Demokraten: 41
Republikaner: 27

1:30 am CET: North Carolina an West Virginia sinn elo zou. Keng Projections. Genee ewéi fir Ohio. Deen Staat haat jo 2004 den Bush zum President gemaach. Natiirlech ass den Staat och dës Kéier “too close to call”.

1:25 am CET: Um 1:30 Auer ass zu North Carolina, West Virginia an Ohio zou. Kucke mer emol op Indiana nach eng Kéier. Momentan mat 9% ausgezielt: McCain 50% an Obama 49%. Den Ennerscheed ass manner ewéi 2,000 Stemmen.
E puer Deeler vun Florida si schons “zou”. Momentan 54% fir den McCain an 47% fir den Obama. Den Rescht vun Florida geet awer erréicht um 2 Auer zou.

D’Obama Campaign huet iwwrengs schons d’Dieren zu Chicago fir d’Party opgemaach. D’Léit striemen eran.

1:10 am CET: Erem zereck an den Senat. Do ass en ewuel fort. Den éischten “rouden” Setz vun haut den Owend ass fort. Et ass zwar keng Iwweraschung méi mee trotzdem. Den Mark Warner (D) huet d’Rennen zu Virginia em dësen Senatsetz ewuel ganz kloër gewonnen. Dat bréngt Demokraten op 40 Senatoren. Erennerung: 60 ass déi ganz magesch Ziffer. (Obwuel et nemmen 100 Senatoren ginn)

1:05 am Auer CET: Esou ass et also momentan:
1
Obama/Biden: 3
McCain/Palin: 8

1:00 am Auer CET: Elo sinn se do. Déi éischt “Projections”. Den Obama wäert ewéi schons erwaard Vermont wannen. Nämlecht fir den McCain zu Kentucky. Georgia, Indiana, South Carolina an Virginia ass och elo “zou”. Awer momentan kann nach keen eng “Projection” maachen.

12:50 Auer am CET: Ech mengen et gett Zäit fir e wéider Lidd. Ier dann a wéideren Stied d’Wahllokaler zouginn, kennt dir iech d’Nr 9 ulauschteren. Et ass “If You’re Out There” vum John Legend:

12:45 am CET: Je… Indiana ass en “red State” an den Obama huet jo och haut do nach eng Kéier e Campagne-Stopp gemaach. Mat nemmen e puer Deeler vun Indiana déi schons zou sinn, léit den Obama momentan (mat 2% ausgezielt) 1% vrum McCain. Oder fir et aanescht zesoen 711 Stemmen.

12:40 am CET: Um 1 Auer geet et esou richteg lass. Dann geet zu Vermont, Virginia, Georgia, South Carolina zou. Zumools Virginia ass jo interessant. Mee och zu Georgia kéinnt et nach eng Iwweraschung ginn also eng Majorität fir den Demokrat Obama. Mol kucken…

12:35 am CET: Kucken mer fir déi éischte Kéier emol an den Senat. Zu Kentucky ass nämlech 1 Setz deen fresch gewielt gett. Mat nemmen e puer Stemmen, déi schons ausgezielt sinn, léit den McConnel (R) mat 4% vrum Lunsford (D). Den McConnel ass momentan den Senator vun Kentucky. Ass do villeicht eng Victoire fir d’Demokraten dran?

12:30 am CET: Kentucky gett emmer méi kloër fir den John McCain. Momentan sinn 62% fir den John McCain an 36% fir den Barack Obama.
Méi interessant sinn déi éischt Zuelen aus Indiana. Nodeems do (vun nemmen e puer Stied) 1% ausgezielt sinn, léit den Obama mat 55% vrum McCain mat 44%. Dat ass e Virsprong vun eppes méi ewéi 2,000 Stemmen.

12:19 am CET: Déi éischt Resultater aus den Deeler vun Kentucky, déi schons zou sinn, sinn do. Momentan: McCain 59% Obama 40%
Mee Kentucky ass ewuel en “safe McCain” state.

12:01 am CET: Deeler vun Kentucky an Indiana sinn elo “zou”. Indiana ass jo bekanntlech een Staat deen een haut den Owend muss am Aan behaalen. Déi éischt Resultater vun do ginn et bannend dëser Stonn. Um 1:00 Auer ginn an e puer Stied d’Dieren zou. Wichteg falls nach e Wieler dann an der Schlang steet dierf en nach wielen, kennt en 1 Sekonn zespéit ass den Büro zou. Den läschten Staat deen zou mécht ass Alaska um 7 Auer.

11:56 pm CET: Laut CNN ass den aktuellen Taux vun der Importance vun der Economie an den “Exit Polls” 62%. Domatter ass d’Economie grouss d’Nummer 1. Ewuel een Avantage fir den Barack Obama.

11:55 pm CET: Salut an häerzlech wëllkomm bei dësem Live-Blogging an Live Video-Blogging. Jo, teschenduerch wäert ech mech och per Video mëllen. De Link kennt hei an den Post an dir kennt ennert deem Link matverfollegen ewéi ech Live déi Nooricht(en) ofginn.
Et geet haut net nemmen em den Presidentschaftsposten, mee och em d’Senats- a Kongresswahlen. Déi kennen och interessant ginn an villeicht den “Doudesschlag” fir d’Republikaner sinn. Gläichzäiteg gett dann awer an verschiddenen Stied ewéi Montana en Governor gewielt. Wéi déi Rennen ausginn, gitt der och hei gewuer. Da stinn a verschiddenen Stied och nach e puer kléng Referendumer un, ewéi bspw. zu Florida iwwert d’„Homo-Ehe”. Sollt et do zu enger Iwweraschung kommen, gitt der et natiirlech och hei um Blog gewuer.
Lo leet iech awer emol zereck a genéisst dat éischt Lidd vun dëser Nuecht. Ech wäert iech nämlech dës Nuecht d’„Top 10” bréngen. Dëst sinn déi 10 am meeschten gelauschtert Lidder an dëser ganz laanger Campagne.

Ugefaangen mat der Platz Nr. 10. D’„Election Music 2008” vun NBC an MSNBC:

(Keng Angscht dat ass dat läscht “Fernsehmusik” Lidd fir haut den Owend ;))

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

16 Comments

  1. Juhu!!! Ech hat dat ebenfalls staarkst gehofft!

    Reply

  2. Iergentwei ginn meng Komentaren net mei veröffentlecht. Also souvill spammen ech jo nun och rem net. 😉

    Reply

  3. Do sinn d’ Kommentaren wuel e bessen duerchgewürfelt gin. Hues de etwa grad deng Auer emgestallt. 😉 Ech freen mech lo mol op dei Ried

    Reply

  4. Sou elo sinn d’Kommentarer erem alleguerten an der Réi 🙂

    Reply

  5. An elo sinn ech emool gespaant weivill “Change” hien dann elo wierklech brengt. Et sinn jo nach e puer Deeg bis zu sengem Amtsuntrett.

    Ech brauch och nach e bessen bis ech daat mat all sengen Konsequenzen realiseiert hun…

    Reply

  6. YES!!!
    Wat ee Succès, genial. Hu just zum richtegen Zaitpunkt ageschalt wéi et definif feststoung.
    All Respekt fir déi super Leschtung hei!!

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s