Elo ass en also do den 4. November. Deen Daag ewou sech also villes entscheed. Egalwéi déi Wahl awer ausgeet, historesch ass se.
Wënnt den Obama an den Biden, gesi mer den 20. Januar 2009 fir déi éischte Kéier en “schwarzen” President an fir déi éischte Kéier en Vice President vun Delaware.
Wënnt den McCain an d’Palin, gesi mer den 20. Januar d’nächst Joër deen äalsten President an den Oval Office goen an fir déi éischte Kéier eng Fra als Vice President.

Et hunn sech iwwrengs 153.1 Milliounen Amerikaner ugemellt fir wielen zegoen. Anscheinend soll schons all véierten gewielt hunn. Dat huet een och vrun den Wahllokaler gesi gehaat. D’Schlangen hunn net méi opgehaalen an d’Wardezäit huet sech bei 4 bis 6 Stonnen agependelt gehaat. D’Obama Campaign huet dorops hinn Léit – Volunteers an Stars ewéi P-Diddy – dohinner gescheckt fir d’Léit an der Schlang zehaalen, dass se eben net erem heem ginn an villeicht guer net wiele ginn.

Dëst wäer ewuel fatal. Wëll an engem Staat, deen vun Pennsylvania, waat schon baal en “must win state” ass fir den Obama, huet den John McCain opgeholl. Emfroën gi jhust nach vrun engem 5-6% Virsprong fir den Obama aus. Dobäi kommen nach Léit déi “undecided” sinn.
Zenter läschtem Weekend léist d’Obama Campaign elo och Reklammen zu Arizona laafen. Et schéngt ewéi wann hier “50 State Strategy” eppes bruecht huet, schliesslech ass den “red State”, deen am Senat zanter 25 Joër vum John McCain vertratt gett, elo en “Toss Up State”.

Béid Kandidaten hunn awer alles bis zum Schluss ginn. Hunn esouvill “Rallies” ewéi méiglech ofgehaalen. A während d’McCain Campaign endlech konnt den Arnold Schwarzenegger op eng Rally kréien, huet d’Obama Campaign noom Bill Clinton deen 2 groussen demokratesche “Fesch” bruecht. Sie hunn den Al Gore op d’Rees duerch verschidden Stied gescheckt. Start vun sengem kuerzen Trip war, ween hätt et geduercht, Florida.

De Gallup Poll wéisst iwwerdeems e Virsprong vun 10% fir den Obama. Domatter ass den Obama fir sie den Favorit. Gallup louch bis elo praktesch emmer genee um Wahlresultat.

Mee egalwéi et steet eng laang Nuecht fir eis Europäer un. Fir alleguerten déi déi et op lëtzebuergesch wëllen verfollegen, geet et hei um Blog ab Metternuecht lass. Resultater, Héichrechnungen, Zuelen, Meenungen vun den “Experten”, Aussoen vun den Campaigns a villes méi. Dëst alles fir d’Presidentschaftswahl, d’Senatswahl, d’Kongresswahl an natiirlech och fir d’Governorswahlen.

A fir iech schons e besschen waarm zemaachen beim strawdog gett et schon d’Resulat vum kléngen Dixville Notch (New Hampshire). D’Resulat ass villeicht eng kléng Iwweraschung.

Bis den Owend, wann et richteg lass geet. 🙂

EDIT (4. November 2008; 10:01 Auer): Natiirlech gett haut och -genee ewéi vrun 4 Joër- zu Obama matgeféiwert (a geféiert?). Méi doriwwer gett et hei.
Léider kann awer d’Boma vum Barack Obama dësen Dag net méi erliewen. D’Fra, déi den Barack als Bouf mat opgezunn huet, war jo schwéier krank. Geschter Owend ass sie dunn gestuerwen. [via]

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s