Dësen Commentaire ass ewuel e ganz speziellen, jiddefalls emol fir mech. Ech muss haut dem Barack Obama a sénger Campagne schons e grousse Merci ausschwätzen. Dëst 24 Stonnen vrun den Wahlen zemaachen ass zimlech ongewinnt ech wëes. Ech hu keng Ahnung ewéi déi Wahlen ma ausginn. Hu keng Ahnung ob den Obama oder den McCain President wäert ginn. Trotzdem schons Merci.

Ewéi ech vru praktesch genee 4 Joër ugefaangen hunn dem jonken Politiker vun Illinois séng Karriere ze verfollegen, hunn ewuel déi mannsten Europäer hi kannt. Ech waar demools schons esou vun him begeschtert ewéi verschidden vu méngen Landsléit et haut iwwert hie sinn. Podcastepisoden vun him goufen meschtens nach um nämleschten Owend ganz gelauschtert. Ob kuerz Explicatiounen oder eng ganz laang Ried vrum Senat (mat alt iwwert 1 Stonn) waar mir ganz egal. Ech hunn demools den Barack Obama net bewonnert wéinst sénger Race –duerch déi huet hien och e puer Supporteren dobäi gewonnen zumools hei an Europa– mee duerch déi Saachen woufir hien sech agesaat huet. An och, dass hien net nemmen op Washington gaangen ass an sech do bis déi nächst Wahle verstoppt huet. Nee, hien ass emmer a Kontakt mat de Bierger bliwwen. Verschiddener vu séngen Senat-Frënn hunn zwar och eng Homepage mee déi gett net grad um néisten Stand gehaalen.

Ech hu scho ganz fréi ugefaangen zehoffen, dass den Barack sech giff als Kandidat stellen. An am Januar 2007 war et dunn endlech esou wäit. E kuerzen Statement op sénger Homepage. E Mount méi spéit d’Annonce zu Springfield (Illinois). A während ech sëlwer nach mam Doud vun engem Famillienmember gekämpft hunn, huet den Barack vrun dann elo 632 Deeg an Amerika séng “improbable journey” gestart. Villeicht war et och grad wéinst deem Doud ewou ech mech u Persounen festgehaalen hunn, déi mer dunn schons Hoffnung erem ginn hunn. Déi meescht -ewéi den Barack- hunn et gemaach ouni et iwwerhaapt zewessen, ouni mech iwwerhaapt zekennen.

Awer ganz sécher hunn ech mech op dem Obama séng Säit gestellt, wëll ech – ewéi vill aanerer – Hoffnung an Amerika an zumools an déi “äaler” Generatioun an Amerika verluer haat. Déi Jonk haaten 2004 massiv fir den John Kerry gewielt gehaat, mee hier Elteren hunn sech eben vun der Bush-Rove-Angschtcampaigne beandrocke geloos. Mat dunn 15 Joër war ech ganz naif an hunn direkt all déi Erwuessen aus Amerika an een Deppen gehéit. An den Barack Obama huet mer eben lues a lues bewissen, dass et falsch ass esou eppes zemaachen. Dass et Léit ginn déi net nemmen an d’Politik ginn fir dann eng gudd Paie z’kréien, mee Léit déi wirklech wëllen eppes änneren.

Am Mäerz 2007 dunn, huet e Live-Webcast et erméiglecht dass ech live konnt mat dobäi sinn, ewéi hien säin éischten Optrëtt bei de Léit haat. Et war en Townhall-Meeting.
Am August 2007 schréiwt (praktesch) jiddereen den Obama komplett oof. Hien huet iwwer 30% Reckstand op d’Hillary Rodham Clinton. „Do ass näischt méi zemaachen”, heescht et vun den “Experten”. An als Supporter vun him gouf een dach staark belächelt. Mee dunn huet genee dat ugefaangen u waat ech zwar irgendwéi geglëwt hunn, mee nach nie gesinn hunn. Den Obama beschréiwt et ganz einfach mat: “When ordinary people come together. They still can do extraordinary things.”
An esou sollt et dann och sinn, ewéi mer jo haut alleguerten um Virowend vum 4. November wëssen. Séng “organizing” Qualität huet sech als déi entscheedend erausgestallt am Virwahl- a villeicht och am groussen Wahlkampf.

Verschidde Léit froen mech heiandsdo alt nach firwaat, dass ech esou e groussen Obama-Supporter sinn, dofir. Genee dofir. Wëll et him net em den Titel geet, mee wëll et him em d’Menschen geet. Wëll hien genee wëes, dass et Ongerechtegkeeten an der Welt ginn. Oder fir e wéidert Zitat anzebauen: “The world as it is is not the world as it has to be.”

Et waar den Barack Obama deen et mer erméiglecht huet bannend 4 Joër mäin Vertrauen an Amerika an d’Amerikaner erem hierzestellen. An egal wéi et muer ausgeet, ech wäert -an dofir sinn ech him dankbar- wéider hinn Amerika esou ugesinn ewéi ech et alt als kléngt Kand hunn dierften ugesinn. Als dat grousst Land, ewou alles méiglech ass, ewou jiddereen gläich ass, ewou jiddereen “Welcome” ass. Ech wäert den “American Dream” wéider grouss haalen. Et dierf mer elo keen firwerfen, dass ech dann blann sinn, wëll ech ganz genee wëes, dass et och an den USA Ongerechtegkeete eben ginn. Net zuläscht duerch e Cours deen ech op der Uni besichen. Mee et ass… je… einfach en onbeschréiwlecht Gefill waat ech erem mat Amerika verbannen. E Gefill waat fort waar an zanter e puer Méint/Joër erem do ass.

Hien huet et mir awer och kloër gemaach, dass mäi Wee net laanscht d’Politik ka féieren. Dass dat mäi Wee ass, deen ech muss goen an ewou ech mech schons drop frëen fir dee Wee zegoen. Wëll ewéi den Obama sëlwer eng Kéier soot: “You read about some injustice and you say: ‘That’s not right. Somebody should fix that’. You realize that nobody else is gonna fix it if you don’t.”
Dëst hunn ech endlech och realiséiert. Et geet net duer fir no dem Wahlkräiz zesoen: “Ech hu méin Dengscht elo gemaach.” Esou funktionnéiert eis Demokratie net. Oder net esou gudd ewéi se kéinnt respektiv esouguer misst funktionnéieren. Mir – als Wieler- mussen och noom Wahldaag wéider eis fir Saachen asetzten. Saachen op den Desch bréngen.

Vill Kritiker behaapten jo emmer, dass déi Euphorie ronderem den Obama einfach zegrouss wäer an hien eischter ewéi e Rockstar behandelt gett. An engem gewëssenen Punkt hunn se villeicht Recht, an den Obama ass jo och nemmen e Mensch. Esouguer wann hien President giff ginn, kéinnt hien net alles maachen. Mee wa jiddereen giff mat upaacken, jiddereen eng kléng Saach giff bei droen, dann wäer et schons vill besser. Ewéi d’Michelle zum Barack soot: “You can only get us 80% of the way. We have to do the rest.” Ass dat net dat eigentlech d’Liewensziel? Dass jiddereen mat giff upaacken fir eis Demokratie, eis Gesellschaft wéider zebréngen? Ass dat net den eigentlechen Sënn vum Liewen?

Dass genee dat fir dat den Barack Obama steet. Ob President oder US-Senator. Ob State-Senator oder Governor. Ob Buegermeeschter oder Community Organizer. Ob Chef oder Aarbeschter. Ob räich oder aarm. Ob schwaarz oder wéiss. Ob jonk oder aal. Ob homo oder hetero. Jiddereen, wirklech jiddereen kann an misst eigentlech mathellefen eppes zemaachen. “Every generation has an obligation to work on behalf of the next generation.”

Ech soen dem Barack Obama elo schons Merci. Merci fir alles. Merci fir schons 4 flott Joër. Merci natiirlech och un d’Michelle, däer hier Rieden ech einfach nemmen genial fannen. 🙂 Merci och un den David Plouffe deen mat sénger Strategie an den Virwahlen (an den Haaptwahlen?) bewissen huet, dass et och op déi ‘kléng’ Stied ukennt an net nemmen op déi “big States”.
An falls ech elo dann nach eng Kéier a méngem Liewen dat Privileg sollt hunn fir den Barack oder d’Michelle oder den David zegesinn… je… schéin wäer et. Ech dreemen einfach dovunner, dass et wäert enges Daag geschéien. Wëll “dreaming is everything. Don’t let anybody fool you. Dreams and inspiration are everything”, ewéi d’Michelle Obama mol eng Kéier gesoot huet.

An egal wéi dat muer an den USA ausgeet, ech hunn d’Hoffnung an Amerika an d’Hoffnung an d’Menschheet erem kritt. An ewéi huet schons den Character Sarah Connor am “Terminator 2” gesoot gehaat: „The unknown future rolls toward us. I face it for the first time with a sense of hope.”
Dat ass eppes waat ech kann ennerschréiwen.

Also…

Thanks Barack and Michelle Obama. Thanks David Plouffe. Thanks And Good Luck.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

2 Comments

  1. Wow all Respekt fir dësen Text an deng Vergangenheet mam Barack. Du hues de Barack wierklech vun Ufank un verfollegt an dat och nach per Podcast, Webcast etc.
    Ech hunn den Barack während der Wahlnuecht 2004 “kenne” gelléiert, wou hien Senator ginn ass a CNN do bessen Tamtam gemaach huet.
    Seitdem hunn ech seng Carrière mol méi mol manner verfollegt, seng Biografie gelies an schon lang virun de Virwalen matgeziddert.
    Haut sinn mir dann endlech den Dag op deen mir sou lang geward hunn. Hoffentlech trëtt dat an, wat mir eis soulang schons erhoffen. E Wiesel an Amerika, deen awer och an der ganzer Welt wärt Auswierkungen hunn.

    Wënschen dir vill Succès fir dain Livebloging hënnt, wärt zwar net kënnen dobai sinn, well ech muer nees mat Zäit opstoen muss an och well 😉

    P.S. Als Ënnerstetzung fir de Barack hunn ech haut extra main Obama 08 T-Shirt ugedoen, wann dat net helleft, da wees ech et och net méi 😉

    Reply

  2. Merci. 🙂

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s