Et gett Zäit fir den 2. Tipp fir a Wahlstemmung zekommen. Leider kann ech iech bei dësem Filmtipp nemmen den Trailer weisen. De Film ass net ganz op YouTube erhältlech an dofir dann eben nemmen den Trailer vun “Recount”:

De Film deen dëst Joër séng Première um HBO haat ass awer op amazon erhältlech. De Film mam Kevin Spacey an der Haaptroll kruut dëst Joër 2 Emmys, een fir de beschten Schnett bei engem Fernsehfilm an een fir déi bescht Regie an de Film war fir wéider 8 nominéiert. Verdengt sinn se allemol. De Film, deen mat der Wahlnuecht ufänkt, wéisst d’Geschicht vun den Wahlen 2000 nach eng Kéier en détail. Alles dat waat den Léit bis haut bekannt ass iwwert déi Wahl zu Florida ass am Film dran an. Et gesäit een d’Geschicht haaptsächlech aus den Aan vun der Campagne vum Al Gore an Joe Liebermann. Och wann een den Ausgang vum Film schons beim Start kennt, hofft een awer irgendwéi während dem Film, dass den Al Gore an séng Equipp d’Saach giff gewannen. “Recount” ass definitiv e vun deenen Filmer déi een muss gesinn hunn.

Programm an der Wahlnuecht
Noom grousse Succès 2004 (dunn op naischtnotz.net) wäert ech och dëst Joër erem iwwert d’Wahlen berichten. Allerdéngs wäert et aanescht sinn wéi nach vrun 4 Joër. Dëst Joër gett et hei um Blog e LIVE-BLOGGING an LIVE VIDEO-BLOGGING. Ab 0:00 CET geet et hei um Blog lass. Alleguerten d’Resulater, Analysen, Heichrechnungen an Reaktiounen vun Supporteren an den Kandidaten an hierem Staff ginn et bei Oppenen Bréif. Doteschend ginn et dann nach Top 10. Dëst ass d’Lescht vun den ewuel am meeschten gespillten Lidder während dëser “2008 Election Campaign”.
Ween gett den 44sten President vun den USA? Ween gett den 47sten Vice President vun den USA?

an…

Wéi eng US-Stied ginn blo am Senat? Wéi eng bléiwen roud?

an…

Kann et bei den Kongresswahlen zu Alabama an Minnesota eng Iwweraschung ginn?

an…

Wéi eng Governors kennen hiere Posten verteidegen?

D’Äntwerten doropper ginn et an der Wahlnuecht. Dësen Dennschten. Jhust nach 3 mol schlofe goen! 🙂

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~
An well haut dann nemmen en Trailer zegesinn ass, dann d’Lidd waat et esou jhust net an d’Top 10 eragepackt huet.
Leet iech zereck a geneisst elo “Waiting on the world to CHANGE” vum John Mayer:

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] Campagne am “Florida Recount”. Am Film “Recount”, deen ech hei als Wahlkampf Tipp uginn haat, gett den Klain iwwrengs vum Kevin Spacey […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s