Ewéi versprach gett et dëse Weekend e puer Tipps fir esou lues a lues an déi grouss Wahlstemmung zekommen.
Ugefaangen gett haut mam Film “The War Room”. Dësen handelt vun der Campagne vum Bill Clinton vun 1992. Vun den Virwahlen bis hinn zur Wahlnuecht gett alles aus… der Siicht vun der Camagne gewissen. E Kamerateam huet den James Carville & co. deemols “verfollegt” an hunn alles am Bild festgehaalen. Empfehlenswert ass dësen 90-minütegen Dokumentarfilm alle mol, setzt et dach schliesslech déi Léit en evidence déi ewuel am meeschten zu enger erfollegräischer Campagne beidroen. De Film gouf Ufank dës Joëres vum “edbdpt1” op YouTube gesaat.
Déi interesséiert Léit kennen sech de Film mat Bonus-Material och op amazon.com kaafen.