All 4 Joër kuckt d’ganz Welt op dat grousst Land déi Säit dem Ozean. Praktesch jiddereen bild sech eng Meenung iwwert déi 2 Topkanidaten. Déi aaner Kanidaten ewéi Barr oder Nader packen et éischter selten an d’Käpp vun den Léit. Selten gett iwwert déi aaner Léit diskutéiert a geschriwwen déi och um Ziedel stinn. 2000 haat een vun hinnen – den Ralph Nader – awer d’Wahl entscheed. Seng Wieler am US-Staat Florida hätten mat engem Kräiz bei “Gore/Liebermann” den deemolegen Vize-Präsident kéinnten zum Präsident maachen.
Op wéi eng Stied kennt et dëst Joër un? Erem Florida? Oder Ohio, ewéi 2004? Oder gett et dëst Kéier e Landslide fir ee vun den Topkanidaten?
Hei ass déi grouss Wahlprognos (Durée: 20 min):
Den Obama wäert iwwrengs e Mettwoch mam Bill Clinton zu Florida optrieden. D’Hillary Clinton wäert net bei dësem Event dobäi sinn, mee ewuel an engem aaneren Staat eng Rally ofhaalen. D’Obama Campagne huet dann elo och zu West Virginia ugefaangen mat kämpfen. Den Joe Biden war dëse Weekend do an och d’nächst Woch soll d’Obama Campagne laut Rumeuren Léit dohinner schecken.
2,2 Milliounen Amerikaner hu schons gewielt. Dëst am “early voting” Prozess. Och wann offiziell näischt bekannt ass, esou ass sech d’Obama Campagne secher – sie sollen et duerch Léit an den Wahllokaler matgedeelt kritt hunn – méi Demokraten schons gewielt hunn ewéi Republikaner. Gudd ass dat wëll grad séng Campagne vill doropper gesaat huet. Esou sinn déi Léit fräi fir um Wahldaag aaner Léit zu den Wahllokaler z’brengen. Do wäert ewuel déi nämlecht Taktik ugewand ginn ewéi bei dem Obama sénger Victoire den 3. Januar zu Iowa. Do haat hien jo bekanntlech de Léit e Chauffeur oder/an Babysitteren ugebueden, falls se selwer keen hätten.
Indiana wäert och schons interessant ginn. Dësen “red state” kéinnt ebenfalls den Demokrat Obama wielen. Emfroën wéissen och do nemmen e klénge Virsprong fir den McCain. Zu Indiana sinn iwwerengs 4,5 Milliounen Léit ageschriwwen fir wielen zegoen an bis e Freiden si schons 221,000 Bréifwahlziedelen erakomm. Zumools d’Lake Counties wäerten ewuel décidéieren ewou déi 11 Wahlmänner aus Indiana hi ginn.
A wëll am US-Bundesstaat Georgia d’Emfroen elo ganz knapps den McCain nach vrun den Obama sëtzen, huet d’Obama Campagne décidéiert fir Volunteers aus aaneren Stied elo op Georgia zeschecken. Dëst sinn zumools Volunteers aus “secheren” Obama-Stied ewéi New York, Illinois, Delaware oder California.
Déi kommend Woch wäert also nach eng Kéier gekämpft ginn. Laut Rumeuren soll den Obama e Samsden bei “Saturday Night Live” optrieden. Eppes ass awer schons kloër an zwar, dass d’Obama Campagne hier Campagne souzesoen ofschléisst mat engem 30-minütegen Spot. Dësen Spot wäert an dëser Woch iwwert déi amerikanesch Télé gejoot ginn an, esou gouf CNN gewuer, wäert et keng Ried vum Obama sinn, mee éischter e Video ewou hien dann eben och schwätzt. D’„closing arguments”- Woch steet vrun eis. An leider (fir d’Republikaner) gesäit et esou aus ewéi wann d’McCain Campagne keng kloër Taktik fir dës Woch hätt.
Mee loose mer d’„Race for the White House” elo mol kuerz op der Säit a kucke mer op d’Wahlen am US-Senat. Ech hunn emol déi folgend erausgepickt:
* New Hampshire
Déi fréier Gov. vun New Hampshire an Top-Advicer an den Virwahlen 2004 fir den John Kerry d’Madame Shaheen huet nawell gudd Chancen fir dësen Staat am Senat blo zekréien. Laut den läschten Emfroen huet sie e Virsprong vun 13% op hieren republikaneschen Géigner Sununu.
* Georgia
An dësem “red state” kritt et den aktuellen Senior Senator wuel schwéier fir sech géint säin demokrateschen Konkurrent ze behaapten. Läscht Emfroen wéissen do e ganz knapps Rennen teschend den Häerren Chambliss (R) an Martin (D). Momentan hätt den Republikaner Chambliss e Virsprong vun 2%. Dësen Sëtz kéinnt also och blo ginn.
* Virginia
D’Bierger aus dësem groussen “red state” kennen sech zwar scheinbar (bis elo) net komplett hannert Obama oder McCain stellen, mee e Mann fir hieren Senior Senator John Warner (R) hunn se scheinbar schons fonnt. Dësen ‘rouden’ Sëtz am US-Senat wäer ewuel un den ‘bloen’ Mark Warner goen. Dësen haat jo d’Keynote op der DNC ginn an huet momentan e Virsprong vun 25% an den Emfroën.
* Oregon
Och hei kéinnt et e wéideren “bloen” Sëtz ginn. Mee eent schéngt kloër, hei zu Oregon mussen se méi laang auszielen ier e Resultat do ass ewéi zu Virginia. Emfroën wéissen en “dead heat” mat dem demokrateschen Kanidat Jeff Merkley nemmen 1% vrum Republikaner Gordon Smith. Iwwer 20% sinn awer do nach komplett “undecided”.
* North Carolina
Eng wéider Victoire fir d’Demokraten? Ka sinn. Momentan deet sech nämlech déi aktuell junior Senatorin vun NC schwéier an d’Madame Hagan (D) huet d’Chance fir hieren Sëtz zehuelen. Emfroën wéissen och hei en “dead heat”, momentan mat enger klénger Féierung fir d’Madame Hagan: +1%.
Fazit
D’Demokraten kéinnten iwwert déi wichteg Mark vun 60 Senatoren kommen an kéinnten domatter alles am Senat maachen, waat sie wéillten. Sollt den Obama President ginn, wäeren d’Demokraten d’Herrscher iwwer Amerika. Daat ass och dat woufir den McCain elo séng Unhänger warnt. Esou eppes wäer net gudd fir d’Land, esou den McCain. Komesch nemmen dass hien et awer ganz gudd fonnt huet ewéi d’Republikaner 2001-2006 dës Roll konnten spillen.
Virginia wielt ewuel secher den Mark Warner an New Hampshire d’Madame Shaheen. Op d’Resulater zu Oregon, North Carolina an Georgia dierf en gespaant sinn.
Komm mir ginn och emol an den Kongress kucken. Hei hunn ech der elo mol 2 erausgepickt déi interessant wäerten ginn:
* Alabama 2nd District
Den aktuellen Kongressmann vun dësem District, den Häerr Everett zitt sech zereck, an dat bréngt den Republikaner nawell vill Kappzerbrieches. Den Everett haat 2006 nach mat 39% Virsprong géint säin demokrateschen Géigner gewonnen. Dëst Joër ass et dann um Rennen teschend dem Republikaner Jay Love an dem Demokrat Bobby Bright. Läscht Emfroën wéissen elo jhust nach e Virsprong vun 2% fir den Love. E sëcher geglëwten roude Sëtz schéngt a Gefor zesinn…
* Minnesota 6th District
Och hei kéinnt et e Changement ginn. Momentan huet d’Madame Bachmann (R) dësen Sëtz, mee Emfroën wéissen nawell en zimlech knapps d’Rennen. Déi läscht 2 Emfroën wéissen souguer e Virsprong vun 2 respektiv 3 Prozent fir den Demokrat Tinklenberg. E wéideren groussen rouden Sëtz ass a Gefor…
Prognos
D’Rennen a béiden Districter waar nawell bis elo zimlech flott nozekucken an esou wäert et wahrscheinlech och wéider goen bis den 4. November. Mee den 6. District vun Minnesota wäert ewuel éischter blo ginn ewéi den 2. aus Alabama.
SCHLUSS FAZIT
Mat jhust nach e puer Deeg bis zum Wahldag hunn d’Republikaner méi Kappzerbrieches ewéi d’Demokraten. Wann alles esou wéider leeft, kéinnt den 4. November den groussen “Zahltag” ginn fir d’Republikaner an déi Politik, déi sie an den läschten 8 Joëren gemaach hunn. D’Amerikaner schéngen d’Republikaner “saat” zehunn an den George W Bush an den Dick Cheney kennen ewuel zum gréissten Deel responsabel dofir gemaach ginn.
Waat vrun e puer Wochen kuerzerhand vun den Medien als “onméiglech” duergestallt gouf (den absoluten Pouvoir un d’Demokraten) wéinst dem “Streit” teschend Obama a Clinton, ass elo erem denkbar. Vielleicht gett ab Januar d’Wéisst Haus, den Kongress an den Senat vun den Demokraten grouss geféiert an domatter stingen schwéier Zäiten fir d’Republikaner un. Verschiddener vun hinnen kucken elo schons op 2012 an eng méiglech Palin Kanidatur. Mee och bei den Demokraten trieden déi éischt Gedanken iwwer 2012 schons op.
Mee elo steet emol d’Wahl 2008 un. Nach e puer Deeg da geet den “längsten Wahlkampf an der Geschicht vun den USA”, ewéi dës Wahlen schons vrun den éischten Virwahlen zu Iowa genannt goufen, op en Enn. Mee den Héichpunkt steet eis alleguerten nach befir…
An dofir gett et och d’nächste Weekend hei e puer Tipps souzesoen fir dass der ierch esou lues a lues an Wahlféiwer beweegt. 🙂