All 4 Joër kuckt d’ganz Welt op dat grousst Land déi Säit dem Ozean. Praktesch jiddereen bild sech eng Meenung iwwert déi 2 Topkanidaten. Déi aaner Kanidaten ewéi Barr oder Nader packen et éischter selten an d’Käpp vun den Léit. Selten gett iwwert déi aaner Léit diskutéiert a geschriwwen déi och um Ziedel stinn. 2000 haat een vun hinnen – den Ralph Nader – awer d’Wahl entscheed. Seng Wieler am US-Staat Florida hätten mat engem Kräiz bei “Gore/Liebermann” den deemolegen Vize-Präsident kéinnten zum Präsident maachen.
Op wéi eng Stied kennt et dëst Joër un? Erem Florida? Oder Ohio, ewéi 2004? Oder gett et dëst Kéier e Landslide fir ee vun den Topkanidaten?
Hei ass déi grouss Wahlprognos (Durée: 20 min):

Den Obama wäert iwwrengs e Mettwoch mam Bill Clinton zu Florida optrieden. D’Hillary Clinton wäert net bei dësem Event dobäi sinn, mee ewuel an engem aaneren Staat eng Rally ofhaalen. D’Obama Campagne huet dann elo och zu West Virginia ugefaangen mat kämpfen. Den Joe Biden war dëse Weekend do an och d’nächst Woch soll d’Obama Campagne laut Rumeuren Léit dohinner schecken.

2,2 Milliounen Amerikaner hu schons gewielt. Dëst am “early voting” Prozess. Och wann offiziell näischt bekannt ass, esou ass sech d’Obama Campagne secher – sie sollen et duerch Léit an den Wahllokaler matgedeelt kritt hunn – méi Demokraten schons gewielt hunn ewéi Republikaner. Gudd ass dat wëll grad séng Campagne vill doropper gesaat huet. Esou sinn déi Léit fräi fir um Wahldaag aaner Léit zu den Wahllokaler z’brengen. Do wäert ewuel déi nämlecht Taktik ugewand ginn ewéi bei dem Obama sénger Victoire den 3. Januar zu Iowa. Do haat hien jo bekanntlech de Léit e Chauffeur oder/an Babysitteren ugebueden, falls se selwer keen hätten.

Indiana wäert och schons interessant ginn. Dësen “red state” kéinnt ebenfalls den Demokrat Obama wielen. Emfroën wéissen och do nemmen e klénge Virsprong fir den McCain. Zu Indiana sinn iwwerengs 4,5 Milliounen Léit ageschriwwen fir wielen zegoen an bis e Freiden si schons 221,000 Bréifwahlziedelen erakomm. Zumools d’Lake Counties wäerten ewuel décidéieren ewou déi 11 Wahlmänner aus Indiana hi ginn.
A wëll am US-Bundesstaat Georgia d’Emfroen elo ganz knapps den McCain nach vrun den Obama sëtzen, huet d’Obama Campagne décidéiert fir Volunteers aus aaneren Stied elo op Georgia zeschecken. Dëst sinn zumools Volunteers aus “secheren” Obama-Stied ewéi New York, Illinois, Delaware oder California.

Déi kommend Woch wäert also nach eng Kéier gekämpft ginn. Laut Rumeuren soll den Obama e Samsden bei “Saturday Night Live” optrieden. Eppes ass awer schons kloër an zwar, dass d’Obama Campagne hier Campagne souzesoen ofschléisst mat engem 30-minütegen Spot. Dësen Spot wäert an dëser Woch iwwert déi amerikanesch Télé gejoot ginn an, esou gouf CNN gewuer, wäert et keng Ried vum Obama sinn, mee éischter e Video ewou hien dann eben och schwätzt. D’„closing arguments”- Woch steet vrun eis. An leider (fir d’Republikaner) gesäit et esou aus ewéi wann d’McCain Campagne keng kloër Taktik fir dës Woch hätt.

Mee loose mer d’„Race for the White House” elo mol kuerz op der Säit a kucke mer op d’Wahlen am US-Senat. Ech hunn emol déi folgend erausgepickt:

* New Hampshire
Déi fréier Gov. vun New Hampshire an Top-Advicer an den Virwahlen 2004 fir den John Kerry d’Madame Shaheen huet nawell gudd Chancen fir dësen Staat am Senat blo zekréien. Laut den läschten Emfroen huet sie e Virsprong vun 13% op hieren republikaneschen Géigner Sununu.

* Georgia
An dësem “red state” kritt et den aktuellen Senior Senator wuel schwéier fir sech géint säin demokrateschen Konkurrent ze behaapten. Läscht Emfroen wéissen do e ganz knapps Rennen teschend den Häerren Chambliss (R) an Martin (D). Momentan hätt den Republikaner Chambliss e Virsprong vun 2%. Dësen Sëtz kéinnt also och blo ginn.

* Virginia
D’Bierger aus dësem groussen “red state” kennen sech zwar scheinbar (bis elo) net komplett hannert Obama oder McCain stellen, mee e Mann fir hieren Senior Senator John Warner (R) hunn se scheinbar schons fonnt. Dësen ‘rouden’ Sëtz am US-Senat wäer ewuel un den ‘bloen’ Mark Warner goen. Dësen haat jo d’Keynote op der DNC ginn an huet momentan e Virsprong vun 25% an den Emfroën.

* Oregon
Och hei kéinnt et e wéideren “bloen” Sëtz ginn. Mee eent schéngt kloër, hei zu Oregon mussen se méi laang auszielen ier e Resultat do ass ewéi zu Virginia. Emfroën wéissen en “dead heat” mat dem demokrateschen Kanidat Jeff Merkley nemmen 1% vrum Republikaner Gordon Smith. Iwwer 20% sinn awer do nach komplett “undecided”.

* North Carolina
Eng wéider Victoire fir d’Demokraten? Ka sinn. Momentan deet sech nämlech déi aktuell junior Senatorin vun NC schwéier an d’Madame Hagan (D) huet d’Chance fir hieren Sëtz zehuelen. Emfroën wéissen och hei en “dead heat”, momentan mat enger klénger Féierung fir d’Madame Hagan: +1%.

Fazit
D’Demokraten kéinnten iwwert déi wichteg Mark vun 60 Senatoren kommen an kéinnten domatter alles am Senat maachen, waat sie wéillten. Sollt den Obama President ginn, wäeren d’Demokraten d’Herrscher iwwer Amerika. Daat ass och dat woufir den McCain elo séng Unhänger warnt. Esou eppes wäer net gudd fir d’Land, esou den McCain. Komesch nemmen dass hien et awer ganz gudd fonnt huet ewéi d’Republikaner 2001-2006 dës Roll konnten spillen.
Virginia wielt ewuel secher den Mark Warner an New Hampshire d’Madame Shaheen. Op d’Resulater zu Oregon, North Carolina an Georgia dierf en gespaant sinn.

Komm mir ginn och emol an den Kongress kucken. Hei hunn ech der elo mol 2 erausgepickt déi interessant wäerten ginn:

* Alabama 2nd District
Den aktuellen Kongressmann vun dësem District, den Häerr Everett zitt sech zereck, an dat bréngt den Republikaner nawell vill Kappzerbrieches. Den Everett haat 2006 nach mat 39% Virsprong géint säin demokrateschen Géigner gewonnen. Dëst Joër ass et dann um Rennen teschend dem Republikaner Jay Love an dem Demokrat Bobby Bright. Läscht Emfroën wéissen elo jhust nach e Virsprong vun 2% fir den Love. E sëcher geglëwten roude Sëtz schéngt a Gefor zesinn…

* Minnesota 6th District
Och hei kéinnt et e Changement ginn. Momentan huet d’Madame Bachmann (R) dësen Sëtz, mee Emfroën wéissen nawell en zimlech knapps d’Rennen. Déi läscht 2 Emfroën wéissen souguer e Virsprong vun 2 respektiv 3 Prozent fir den Demokrat Tinklenberg. E wéideren groussen rouden Sëtz ass a Gefor…

Prognos
D’Rennen a béiden Districter waar nawell bis elo zimlech flott nozekucken an esou wäert et wahrscheinlech och wéider goen bis den 4. November. Mee den 6. District vun Minnesota wäert ewuel éischter blo ginn ewéi den 2. aus Alabama.

SCHLUSS FAZIT
Mat jhust nach e puer Deeg bis zum Wahldag hunn d’Republikaner méi Kappzerbrieches ewéi d’Demokraten. Wann alles esou wéider leeft, kéinnt den 4. November den groussen “Zahltag” ginn fir d’Republikaner an déi Politik, déi sie an den läschten 8 Joëren gemaach hunn. D’Amerikaner schéngen d’Republikaner “saat” zehunn an den George W Bush an den Dick Cheney kennen ewuel zum gréissten Deel responsabel dofir gemaach ginn.
Waat vrun e puer Wochen kuerzerhand vun den Medien als “onméiglech” duergestallt gouf (den absoluten Pouvoir un d’Demokraten) wéinst dem “Streit” teschend Obama a Clinton, ass elo erem denkbar. Vielleicht gett ab Januar d’Wéisst Haus, den Kongress an den Senat vun den Demokraten grouss geféiert an domatter stingen schwéier Zäiten fir d’Republikaner un. Verschiddener vun hinnen kucken elo schons op 2012 an eng méiglech Palin Kanidatur. Mee och bei den Demokraten trieden déi éischt Gedanken iwwer 2012 schons op.
Mee elo steet emol d’Wahl 2008 un. Nach e puer Deeg da geet den “längsten Wahlkampf an der Geschicht vun den USA”, ewéi dës Wahlen schons vrun den éischten Virwahlen zu Iowa genannt goufen, op en Enn. Mee den Héichpunkt steet eis alleguerten nach befir…

An dofir gett et och d’nächste Weekend hei e puer Tipps souzesoen fir dass der ierch esou lues a lues an Wahlféiwer beweegt. 🙂

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

8 Comments

  1. Respekt fir d’Aarbecht. Ech si frou dass mer e lëtzebuergesche Blog hunn op deem souvill iwwer d’Wahlen ze liesen ass. Weider sou!

    Reply

  2. Wow toll Analyse. Just ee Punkt mat deem ech net d’accord sinn:

    “2000 haat een vun hinnen – den Ralph Nader – awer d’Wahl entscheed. Seng Wieler am US-Staat Florida hätten mat engem Kräiz bei “Gore/Liebermann” den deemolegen Vize-Präsident kéinnten zum Präsident maachen.”

    Dat ass a mengen Aen net richteg. Et sinn jo awer éischter nach déi Leit, déi guer net wielen, déi dat entscheeden, an nach éischter déi Leit, déi vu vir eran de Bush gewielt haten. Ech fannen net, dass een de “klenge” Kandidaten d’Schold dofir sollt ginn. Och déi Kandidaturen sinn wichteg, well en 2 Parteiesystem ass langfristesch net gudd fir d’politesch Kultur vun engem Land, wat een an den USA jo gudd mierkt. Et get zwar massiv mobiliséiert an et fléissen Zommen, déi mär eis net firstelle kennen, mee trotzdem ass e groussen Deel vunn der Bevölkerung total apolitesch.

    Reply

  3. @ Max
    Merci 🙂

    @manuelhuss
    Merci 🙂

    Villeicht hunn ech mech do schlecht ausgedreckt gehaat. Ech wollt elo hei net dem Ralph Nader a sénge Wieler d’Schold ginn fir d’Bush Victoire. Ech wollt eigentlech jhust soen, dass déi vermeindlech “kléng” eben heiandsdo eng grouss Roll spillen. An och dëst Joër kéinnt a verschiddenen Stied den Nadar an den Barr – déi 2 mat der gréisster Beléiftheet momentan – entscheedend ginn.
    An ech fannen déi Persounen och wichteg. Wollt eigentlech och schons am Summer iwwert déi Léit posten, mee -op Nofro hinn- hunn ech et si geloos wëll den Interet vun den Léit net do war.

    Apolitesch: Do muss ech der Recht ginn. An d’Emfroen “bewéissen” et jo. 3% wëssen nach emmer net ween se solle wielen a verschiddener gi jo souguer un, guer net zewessen fir wat déi 2 Topkandidaten stinn. :S

    Reply

  4. Am Prinzip ass d’ Course jo décidéiert, an den Obama misst et haut an enger Woch gepackt hunn. Wier do nët dee latenten Rassismus, deen kéint verhënneren, datt d’Amerikaner anescht wielen wéi sie et an den Emfroen soen. Well e schwarze Präsident ass awer fir d’Amerikaner méi eng Iwwerwannung ewéi eng Fra. Et kéint demno sinn, datt Leit, déi bei enger Emfro politesch korrekt Obama äntwerten, sech dann an der Wahlkabin awer ëmdécidéieren.
    Wéi stoung d’läscht Woch op SPON: Wier den Obama een Wéissen, da wier d’Wahlen schon gelaf.
    Hoffe mir datt ët nët sou kënnt, an dat just d’politesch Argumenter wichteg sinn a nët d’Hautfarw vum Kandidat.

    Yes you can America 😉

    Reply

  5. Also eng Wahl ass erréicht décidéiert wann d’Stemmen all ausgezielt sinn. Dat ass esou an den USA an dat ass esou hei an Europa. 🙂

    Ech fannen et awer falsch fir Rassismus hei an d’Spill zebréngen. Sollt den Obama verléieren ass et ewuel éischter – an dat hunn ech jo och am Video gesoot gehaat – wëll séng Supporteren eben vun enger secherer Saach ausginn a verschiddener eben net haut an enger Woch wiele ginn.
    Also vun SPON haalen ech net besonneg vill. Zumols während den Virwahlen stungen do emmer vill Saachen, déi net gestemmt hunn. An och e “weissen” Obama hatt d’Wahl elo nach net an der Täsch. Hien wëll verschidden Baustellen maachen an dat geet einfach géint d’Natur vum Mensch fir sech komplett hannert een zestellen deen de Status Quo a Fro stellt.

    A wann een d’Virwahlen nach eng Kéier kuckt, schéngen d’Amerikaner jo awer nach e besschen éischter bereed fir e “Schwarzen” als President zesinn ewéi eng Fra.

    An esou aanescht ewéi d’Amerikaner si mir Europäer a speziel mir Lëtzebuerger och net. Mir ginn den Net-Lëtzebuerger déi hei liewen (alt Joërzengten laang) iwwerhaapt keen Matsprocherecht. Sie dierfen net wielen an existéieren iwwerhaapt net. Sollt dat sech änneren -waat ech hoffen- wäer ech gespaant wéivill Lëtzebuerger dann beispillswéis e Portugies oder en Däitschen giffen als Premier wielen.

    Ajo, d’America can. 🙂 A wann een sech d’Rekordzuelen vun den “early votings” ukuckt, sinn se och “fired up and ready to go” 🙂

    Reply

  6. Kuckuck, ech sinn et nach eng Kéier 😉
    Aus engem Interview mam amerikaneschen Schrëfsteller Paul Auster (jo ech wees et ass alt nees SPON), deen meng These confirméiert:

    SPIEGEL ONLINE: Glaubt man den Umfragen, ist Obama so gut wie gewählt.

    Auster: Ja, aber es gibt keine Garantie dafür! Unter normalen Umständen würde ich von einem Erdrutschsieg für die Demokraten ausgehen, nachdem Bush acht Jahre lang das Land in den Ruin getrieben hat. Aber da er schwarz ist, ist es unmöglich zu sagen, was passieren wird.

    SPIEGEL ONLINE: Sie meinen, all die Begeisterung für Obama, die Aufbruchstimmung, die er verbreitet, all das ist am Ende egal?

    Auster: Ja, es geht nur darum, dass er schwarz ist. Das ist die alles entscheidende Frage. Das ist der Elefant mitten im Raum, über den niemand sprechen will. Gerade gestern las ich in der Zeitung einen Artikel über Gewerkschafter, die normalerweise immer demokratisch wählen. Aber dieses Mal nicht, hieß es da, weil sie keinen Schwarzen wählen wollen. Das ist nicht gut.

    De ganzen Interview ass ze fannen ënnert dësem Link:

    http://www.spiegel.de/kultur/literatur/0,1518,587455,00.html

    Reply

  7. Alt erem SpOn :S 🙂

    Wéi ech schons virdrun geschriwwen haat, glëwen ech net dass den Bradley-Effekt antrefft.
    D’Medien (SpOn inclus) hunn dem Obama schons méi ewéi ee Steen an de Wee geluecht gehaat. Hien gouf dach staark belächelt vun den Medien ewéi hien am Februar 2007 offiziell séng Kanidatur bekannt ginn huet. An aus eegener Erfahrung kann ech esouguer soen, dass séng Supporter vun der éischter Stonn (also vun 2004) staark belächelt goufen.
    Fir d’éischt hun se gesoot hien giff kéng Suen kréien. Falsch.
    Dunn hun se behaapt hien kéinnt keng politesch Equip ronderem hien opbauen. Falsch an den David Plouffe geet ewuel an d’Geschicht an.
    Dunn hun se behaapt, dass hien Iowa net giff wannen, wëll dat jo e Caucus wäer an do d’Léit sech bei hiere Kanidat stelle ginn. Falsch.
    Dunn hunn se behaapt, dass hien Primaries awer net giff wannen. Falsch.
    Dunn hunn se behaapt, dass d’Superdelegates (also d’Partei) géint hien giff goen. Falsch.
    Dunn hunn se behaapt, dass hien an den Debatten giff als “onerfueren” an net als President giff eriwwer kommen. Falsch.

    D’Medien hunn sech dat Thema dach grad elo ausgesicht, wëll dat eng schéin Story mécht. Iwwert d’Economie wëllen se net méi schréiwen, den Obama huet an den Emfroen e Virsprong… hmm… da schréiwe mer eben iwwert séng Hautfaarw. Et huet keen an Amerika driwwer diskutéiert bis dass d’Medien erem ugefaangen hunn déi Fro opzewerfen.

    An ech wëll dann elo e Mann hei zitéieren deen vun deem Rassismus giff profitéieren, den John McCain dës Woch beim Larry King;

    I am totally convinced that 99 and forty-four-one-hundredths percent of Americans are going to make the decision based on who is best to lead this country.

    Reply

  8. […] nach net kloër ass, ass Georgia. Dass et do spannend an knapps gett haat ech jo schons a menger grousser Wahlprognos geschriwwen. Je… den Republikaner Chambliss huet zwar d’Wahl gewonnen, mee laut den […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s