Dat haat sech d’Campagne vum John McCain an Sarah Palin secherlech aanescht virgestallt. Et waar hiere Mann deen ewuel déi meeschten “Townhall Meetings” ofgehaalen huet- zwar och wëll hien alleng net esouvill Léit unzitt ewéi zum Beispill den Obama- mee trotzdem sollt et dach dem McCain an der 2. Debatt teschend den zwee Kanidaten e Virdeel ginn. Thema’en waren d’Economie an d’Auslandspolitik. Also eigentlech keen richtegen Virdeel fir ee vun deenen 2. D’Froen vun den Léit waren kloër an direkt. Am Ufank huet den Obama sech zwar schéier gedoen fir méi no bei d’Léit zegoen, mee dat huet sech am Laaf vun dëser 90-minuteger Debatt geännert.
Natiirlech war déi éischt Hallschend iwwert d’Economie “Obama-Land”, mee iwweraschenderwéis huet den Barack Obama och déi zweet Hallschend gewonnen. Den John McCain ass net richteg eriwwerkomm, ewuel och wëll den McCain – an den Emfroën hannendrann – den Obama huet missten attackéieren. Dëst mecht sech awer bei engem Townhall-Meeting zimlech schlecht. Eng kléng Kritik muss een (leider) och géint den Tom Brokaw (NBC) ausschwätzen, deen den Moderator vun der Debatt war. Dësen haat zimlech Schwieregkeeten an et ass ewuel onkloër op hien iwwerhaapt nach eng Kéier eng Debatt dierf moderéieren.
D’Emfroen no der Debatt konnten fir den Obama net besser sinn an esou huet séng Campagne och direkt e Video online gesaat mam Titel “The Results Are In!”:

Krass ass den Fait, dass den Obama an der Economie 20% méi kruut ewéi den McCain. Dem John King vun CNN säi Commentaire doropper:

Ass et wirklech eriwwer fir den John McCain?
Dem Senator vun Arizona bléiwen jhust nach 23 Deeg an méi schlemm jhust nach 1 Debatt fir säin Retard opzehuelen. Dass et an däer Debatt em d’Economie geet kann positiv oder och negativ Auswirkungen fir den McCain hunn. Mee momentan gesäit et an den Emfroen alles aanescht ewéi gudd aus fir den McCain/Palin Ticket:

Iwwer 10% Retard an den “National Polls” an d’State Polls soen folgendes:
oct

Virginia (VA; 13 Wahlmänner) ass elo vun engem “Toss Up State” zu engem “leaning Obama”-State komm. Domatter ass elo den Obama an den Biden iwwer déi wichteg Mark vun 270 Wahlmänner komm. Wichteg fir den Obama och dass New Jersey (NJ; 15 Wahlmänner) elo erem “solid Obama” ass. New Hampshire (NH; 4 Wahlmänner) ass och elo “solid Obama”.
Schlecht fir den McCain ass och dass hien Georgia (GA; 15 Wahlmänner) nach emmer net sëcher huet an och d’Red States North Carolina (NC; 15 Wahlmänner), Indiana (IN; 11 Wahlmänner), Missouri (MO; 11 Wahlmänner) an Colorado (CO; 9 Wahlmänner) sinn momentan nach “Toss-Up States”. Schlecht fir d’Republikaner ass och de Fait, dass West Virginia (WV; 5 Wahlmänner) vun “solid McCain” elo zu engem “Battleground State” ginn ass.

Da bléiwen elo jhust nach d’Klassiker Florida an Ohio. Bis elo ass nach keen Republikaner an d’Wäisst Haus komm OUNI Ohio gewonnen zehunn. An och den John McCain brauch déi 20 Wahlmänner aus dësem Staat.

Den John McCain huet nach 23 Deeg och fir d’Republikaner am Senat an am Kongress zestärken. Do si jo och Wahlen a läscht Emfroën wéissen, dass momentan d’Demokraten giffen grouss wannen an béiden Héiser.
Villeicht hoffen se am McCain-Lager och op den Bradley-Effekt oder villeicht hoffen dat och nemmen séng Supporteren. Et muss een dem McCain nemmen urechnen, dass hien op engem Townhall-Meeting dës Woch (et waaren der esouguer 2) ewou hien d’Léit berouegt huet, déi sech géint den Obama opgereegt hunn. Den Obama giff hinnen “Angscht” maachen an si hätten och gelies gehaat dass säi “Familienliewen wäer…” dunn huet den McCain hier den Mikro ofgeholl an huet den Obama verteidegt.
Op enger Rally vum Sarah Palin dës Woch goufen et och Supporteren, déi “kill him [Obama]” an “cut his [Obama’s] head off” geruff hunn. D’Sarah Palin huet sech awer do net besonneg vrun de Géigner gestallt. De Wahlkampf an den USA huet also eppes méi ewéi 3 Wochen vrum Wahldaag d’Gürtelligne méi ewéi nemmen iwwerschratt.

Et gett schwéier fir den McCain vir dat do elo 23 Deeg vrun der Wahl nach emzedréien. Den Obama wäert nämlech mat dëser “Map” op déi nämlecht Strategie ewuel sëtzen ewéi déi déi hien an den Virwahlen géint d’Hillary Clinton scho benotzt huet. Mol kucken op et och eng zweete Kéier klappt…

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s