Ween mécht kennt, wëes dass ech net grad e Fan vun eisem Wirtschaftsminister Jeannot Krecké sinn, mee ech zéie mäin Hutt vrun sénger Leeschtung um Radio. Ech schwätzen natiirlech hei vun der RTL-Background Sendung vun läschter Woch ewou den Jeannot Krecké d’Fauscht op den Desch gepucht huet an kloër an direkt séng Rosserei begrënnt huet, Rosserei och op d’lëtzebuerger Bevölkerung. Dës wëll zwar méi “gréng” Energien, mee natiirlech wëll keen Wandmillen bspw. bei sech an der Gemeng. Jiddereen deen deen Background nach net gelauschtert huet, sollt dës dach w.e.g. maachen. Ennert dësem Link kennt der iech d’Episode eroflueden.

Vun dem engen béi deen aaneren. Den Luc Frieden. Hien wäert ewuel frou sinn, dass elo net méi esouvill iwwert d’Gesetz (Protokoller) geschwaat gett. Esou huet hien séng Aarbescht eigentlech gudd gemaach an ech ennerstëtzen och d’Initiativ vun der Regierung. Mee esou ganz konnt och den Luc Frieden net ouni “Fehler” – wann een et dann wëll esou nennen- bléiwen. Am RTL-Journal huet den Minister Frieden ganz frou bekannt ginn, dass Lëtzebuerg “iwwert de Bierg” wäer. Ewéi hien déi Ausso konnt zu deem Zeitpunkt iwwert eis Situatioun hei zu Lëtzebuerg maachen ass mir haut nach emmer net ganz kloër. Lëtzebuerg ass als Banken-Zentrum vun der EU sëcherlech net “iwwert de Bierg”, wëll mir ganz staark vun deenen aaneren Länner an hiere Reaktiounen ofhänken. A vrun e puer Stonnen koum dunn och d’Nouvelle dass d’Kaupthing Bank zou wäer. Mee soss huet sech den Minister Frieden richteg gudd an deenen läschten Deeg gemaach an och an aaneren Interviewen huet hien d’Saach dach zimlech gudd kloër gestallt.

Natiirlech huet een während esou enger Kriis d’Méiglechkeet fir als Majoritätspartei bei de Léit besser unzekommen. Déi 2 eenzeg déi dat eigentlech net fäerdeg bréngen ass den George W. Bush an den Briteschen Premier Gordon Brown. Dësen mécht einfach emol e puer Stenckereien géint Island, waat sech 4 Milliarden bei de Russe gefroot huet. E Land oofhängeg maachen vun den Russen hätt vrun e puer Joër nach vill Stoff gebueden fir en drëtte Weltkrich, momentan ass dat awer (zum Glëck) net méi de Fall. An trotzdem sinn d’Europäer net besonneg zefridden iwwert dëse Schrëtt. Mee wann e sëlwer schons matten an der “Kriis” hänkt, dierf een sech ewuel net bekloën, wann aaner Länner keng Suen bei een léinen kommen.

Schued ass dat Ganzt wirklech fir déi Gréng. Net wëll esou vun “hierem” Thema – der Emwëltpolitik- (baal) kee méi schwätzt, nee esou ass hier Europalëscht ganz wäit no hannen an der Prioritätslëscht vun den Medien gelandt. Dobäi huet se dës net verdéngt. Well ausser dem Spëtzekanidat Claude Turmes, waar et dach schons eng Iwweraschung. Déi Gréng schecken – oder wëllen et emol probéieren- 2 Léit aus hierer Jugend gäeren an Europa. D’Núria GARCIA huet nëmmen 24 Joër an den Manuel HUSS huet der 28. Béid sinn an den jonken Gréngen aktiv. Den Spriecher vun den jonken Gréngen Philippe Schockweiler haat an engem RTL-Interview vrun der Summerpaus nach d’CSV kritiséiert hier Politiker an d’„Fréirent” an Europa zeschecken an esou dierft hien ewuel zefridden sinn, dass séng Partei dëst net mécht. Den Altersduerschnett léit iwwerengs bei 41 Joër.

Eng aaner Jugendpartei huet sech dann och an dësen Deeg zu Wuert gemeldt. Déi jonk Sozialisten hunn sech iwwert déi déier Wunnengen beschwéiert, déi zumools vun den Jonken net méi kéinnt bezuelt ginn. Déi jonk Gréng hunn direkt mat engem oppenen Bréif geäntwert. Sie giffen do op enger Ligne mat der JSL léien, mee sie fannen et net akzeptabel, dass d’JSL den Oppositiounsparteien DP, Déi Gréng an ADR Passivität an dësem Dossier firwerft. Komesch wëll dach grad hier Partei an der Majorität ass an do zesummen mat der CSV näischt gemaach huet, esou den oppenen Bréif vun den jonken Gréngen, deem ech mech nemmen kann uschléissen. An esouguer muss een soen, dass et DP waar déi sech schons méi laang mat deem Project beschäftegt an haaten sie dach schons den 14. Januar eng vu villen Pressekoneferenzen iwwert dës Thema ofgehaalen.

Ech wëll dann och mat der DP dësen Commentaire ofschléissen oder besser gesoot mat den jonken Liberalen. Déi féieren nämlech e Freiden hieren 60-Gebuertsdag. Alles Gudds.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s