Eigentlech sollt den Rapport erréicht an der Woch vrun den Wahlen erauskommen, elo ass en awer schons an dëser Nuecht komm. D’Republikaner haate probéiert fir dass den Rapport erréicht no de Wahlen dierft erauskommen. Sie hunn nämlech doranner eng Attack gesinn vun den Demokraten. Fait ass awer, dass dës Investigatioun schons am Summer ugefaangen huet, e puer Wochen ier den John McCain hat als “running mate” geholl huet. E wéideren Fait ass och, dass dës Investigatioun net nemmen vun den Demokraten zu Alaska gefuerdert gouf, mee -witzegerwéis- och vun den Republikaner.

Waat ass deen “Troopergate Skandal”?
D’Sarah Palin soll als Gov. vun Alaska hier Muecht fir perséinlech Grënn benotzt hunn a soll domatter dann eben géint d’Gesetz vun Alaska verstouss hunn. D’Madame Palin soll nämlech probéiert hunn hieren Ex-Schwoer (Brother-in-law [si mer elo beim lëtzebuergeschen Term net secher :)]) deen vun séngem Posten z’entloosen, wëll deen net grad fein mat hierer Schwëster war. D’Madame Palin soll dunn den Walt Monegan (säi Chef) dozou gezogen hunn fir dësen z’entloosen. Dat huet deen awer net gemaach an d’Sarah Palin soll hien wéinst däer Saach dunn entloos hunn.

Waat seet den Rapport?
Den 263-säitegen Rapport huet 4 Haaptpunkten, wouvunner der awer fir d’Sarah Palin ewuel nemmen 2 dierften interessant sinn:

1. D’Sarah Palin huet als Gov. hier Muecht mëssbraucht an huet domatter géint d’Gesetzer vum Staat Alaska verstouss. Et geet em folgenden Artikel:

The legislature reaffirms that each public officer holds office as a public trust, and any effort to benefit a personal or financial interest through official action is a violation of that trust.

2. Den Refus vum Monegan fir den Trooper Michael Wooten z’entloosen waar sëcher net d’Haaptursaach woufir d’Sarah Palin hien entloos huet, mee et ass bestemmt e vu villen Faktoren gewiercht déi dozou béigedroen hunn. D’Entloosung ass eng proper Saach gewiercht, och wëll et dem Gov. erlaabt ass fir dës Persoun z’entloosen.

Fazit
D’Sarah Palin huet hier Muecht mëssbraucht an dëst werft ewuel kee gudd Liicht op hatt an op d’Campagne vum John McCain, deen sech elo erem muss virwerfen loosen, dass hien d’Sarah Palin net “ge-vettet” zehunn. Et dierft een elo zumols op d’Reaktioun vun béiden gespaant sinn.

________________________________________________________________
Dëse Weekend wäert et hei um Blog nach e längeren Commentaire zu allen Saachen aus deenen läschten Deeg ginn an et gett natiirlech och e Réckbléck op d’Woch an Amerika gemaach mat dem Ausbléck fir d’Wahlen d’nächste Mount. 😉

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s