Oppenen Bréif

International: Protestaktioun géint d’Iwwerwachung dësen Samsden (och zu Lëtzebuerg!)

Dësen Samsten 11. Oktober kennt et zum Internationalen Aktiounsdag “Freedom not fear – Stop the surveillance mania!”. Dësen Aktiounsdag wäert och zu Lëtzebuerg laafen, schliesslech iwwerwaacht den Staat eis jo och.

Manif wäert dann e Samsden op der Gare starten. RDV: 13-14 Auer. Vun do aus geet et dann op d’Place d’Armes ewou et zu engem Discours kennt an Infos-Stän opgestallt sinn.

Momentan gett d’Aktioun hei am Land vun den jonken Lénken, der UNEL an Infoladen ennerstëtzt.

Méi Informatiounen iwwert déi ganz Aktioun fannt der hei an speziell iwwert Lëtzebuerg hei.