Dësen Samsten 11. Oktober kennt et zum Internationalen Aktiounsdag “Freedom not fear – Stop the surveillance mania!”. Dësen Aktiounsdag wäert och zu Lëtzebuerg laafen, schliesslech iwwerwaacht den Staat eis jo och.

Manif wäert dann e Samsden op der Gare starten. RDV: 13-14 Auer. Vun do aus geet et dann op d’Place d’Armes ewou et zu engem Discours kennt an Infos-Stän opgestallt sinn.

Momentan gett d’Aktioun hei am Land vun den jonken Lénken, der UNEL an Infoladen ennerstëtzt.

Méi Informatiounen iwwert déi ganz Aktioun fannt der hei an speziell iwwert Lëtzebuerg hei.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

10 Comments

  1. OT: Hues de net wëlles iwwert de Gréngen hir Europalëscht ze beriichten?

    Reply

  2. Dach eigentlech schonn. Mee ech haat an deenen läschten Deeg nawell vill zedinn, sou dass ech eigentlech guer näischt wollt posten. Déi doten Aktioun hunn ech awer wichteg fonnt zumools wëll se (wahrscheinlech) net esou vun der Press wäert behandelt ginn ewéi déi aaner Noorichten.

    Ech hunn awer wëlles fir dëse Weekend e Commentaire iwwert de Choix vun den Gréngen zeschréiwen, iwwert d’Finanzkriis, d’Reaktiounen doropper, an alles waat soss nach wichteg ass ze ernimmen 😉

    Reply

  3. Schlemm fannen ech eigentlech, daat déi jonk Greng net d’Jicken haaten, an der Stadt géint hier Partei ze protestéiren an doweinst angeblech op Parais protestéiren gaangen sinn. Ech hoffen alt mol, se hun weinstens den Zuch geholl…

    Reply

  4. Also et war keng Protestaktioun zu Paräis! Et war eng Reunioun vun den Europäeschen Gréngen, ewou dann eng Delegatioun vun 14 Léit vun den lëtzebuergescher grénger Partei do war.
    http://www.greng.lu/cms/index.php?idnews=2533

    Reply

  5. merci fir déi Richtegstellung.

    Effektiv hu mär un där Demo net deel geholl, well mer ganz einfach net do waren. Wann mer elo eise Numm ennert déi Aktioun gesat hätten, dann hätt et vu verschiddene Leit ganz secher geheescht, déi jonk gréng géifen vunn der Aktioun profitéieren, fir an d’Presse ze kommen, ouni selwer do ze sinn an eppes derzou bäizedroen. A well mer nu mol grat zu Paräis waren, sinn mer dunn do op déi Demo gaang.

    Zum Thema Jicken: ech hu geduert et wier eng Aktioun géint Iwwerwaachung a net géint de blo/grénge Schäfferot…

    A just fir et kloer ze stellen: déi ganz Kameras-Geschicht an der Stat ennersteet net de Gréngen, mee dem Justiz- a Polizeiminster.

    Doriwer eraus fannen ech et schued, dass déi Thematik elo an sou eng primitiv Polemik ofgerutscht ass.

    PS: flotte Blog

    Manuel

    Reply

  6. 🙂 Ech haat mer esou eppes schons geduercht gehaat. Merci fir dës “offiziell” Kloërstellung.

    A jo, d’Iwwerwaachung kennt vum Minister Frieden.

    Merci fir de Besuch an d’Kompliment 🙂

    Reply

  7. Manuel: Dann fannen ech ären Pressecommuniqué awer komesch. Ech zitéiren:
    “déi jonk gréng werden deswegen am kommenden Samstag in Paris an der großen Freedom-not-Fear Manifestation teilnehmen und sich auch weiterhin intensiv mit diesem Thema befassen.”

    Och ass mir zu Oueren komm, den Text hätt den JG net gefall an dofir hätten sie sech zereckgezunn. An lo ass et awer anscheinend eng Konferenz gewierscht?

    Zum Thema Jicken: Do muss jiddereen wessen, waat en doriwer denkt, mee den blo/grengen Schäfferoot huet secherlech net ganz vill GEINT déi Kameraen gemaach 😉

    Polemik ass naischt schlechtes. Politik ass naischt ouni Streitkultur.

    Reply

  8. Den éischten Entworf huet eis effektiv net gefall, genau sou wéineg wéi der UNEL, déi dunn jo och een neien ausgeschafft huet. No där eischter Versammlung hu mer awer och festgestalt, dass sech déi Aktioun mam Kongress iwerschneide géif, wourops hinn sech déi Fro noom Inhalt net méi gestalt huet, da et kloer war, dass mer eh net deel huele kéinten.

    Zum Thema Jicken: de blo/grénge Schäfferot kann net vill géint eppes maan, dat net a sengem Kompetenzberäich leit. Dat wat awer erreescht gouf, ass dass als éischt eng Evaluatiounsphase gemat muss ginn, ob déi Kameraen eppes bréngen (an Groussbritanien hunn se jo näischt bruet), ier se als sennvoll mesure definitiv agefouert ginn. Woubäi ech och nach eng Kéier soe well, ass déi ganz Kamerasgeschicht déi vergläichsweis harmlos Spetz vum Iwwerwaachungsäisbierg ass.

    Polemik a Sträitkultur sinn awer zwou verschidde Saachen 🙂

    Reply

  9. Dann stellen ech meng Fro nach eng Kéier: Wiesou behaapt der dann vis a vis vun der Press, dir géift op Parais demonstréiren goen, wann der an Wierklechkeet op en Kongress gidd?

    Deet mer Leed, mee wann esouguer eng Jugendpartei sech dauerend wiedersprecht, onkloer Aussoen mescht an vis a vis vun der Öffentlechkeet lidd, wéi soll en dann nach Vertrauen an eng Partei hun?

    Wéi wier et mat engem Verbued vun Iwerwaachung op öffentlechen Plaatzen? Domadd wier schnell eppes géint d’Iwerwaachung gemaach. Mee Vélospisten déi op 3 spuergen Strossen ophaalen an Reklamsschelderscher sinn jo wesentlech méi wichteg…

    Reply

  10. Fireball w.e.g. verwiessel net Gemengepolitik a Landespolitik.

    A fir den jonken Gréngen firzewerfen net an der Stadt géint den Kontrollstaat zeprotestéieren, ass falsch:

    An ech muss dem Manuel Recht ginn, d’Kameraen sinn nemmen d’Spëtzt vun dësem Äisbierg.

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s