Geschter Owend (resp. fir eis Europäer an der Nuecht) koum et zur éischter a läschter Debat teschend dem Joe Biden an dem Sarah Palin. Leider waar et wéinst der Uni net méiglech fir e Live-Blogging vun däer Debat zemaachen an ech fäerten, dass et och kee wéideren Live-Blogging méi wäert ginn bis den 4. November… mee waat deen Dag nach alles hei wäert lass sinn gidd der erréicht méi spéit gewuer 😉

Zereck zur Debat vun den Running Mates:

Mam Titel ass eigentlech d’Haaptnooricht schons gesoot. Ech muss awer fir d’éischt nach erklären firwaat et dann 2-0 steet, haaten dach verschidden Medien vun engem 1-1 no der 1. Obama-McCain Debat geschwaat. Ganz einfach, den Obama haat déi éischt Debat gewonnen. Dëst ass duerch verschidden Emfroen ewéi zum Beispill déi vun CNN, vun MSNBC, vun ABC News a vun FOX News erauszefannen. Eigentlech waar et e Gläichstand, mee den Obama huet gewonnen wëll den McCain net gewonnen huet. Kléngt komesch? Jo, mee esou komesch ass et guer net. D’Thema vun der éischter Debat waar “National Security & Foreign Policy” an bei dem Thema haat den John McCain -vrun der Debat– e grossen Virsprong an den Emfroen. Et war also säin Terrain op deem gespillt gouf, een Heemmätch wann een esou wëll an den John McCain huet den Obama net geschloen. Den Barack Obama huet sech also besser aus der Affaire gezunn ewéi erwaard an huet domatter d’Debat gewonnen gehaat.

Geschter Owend haaten déi 2 Kanidaten fir den Posten vum Vice-President ebenfalls aaner Objektiver. Den Joe Biden sollt d’Sarah Palin un den John McCain linken an dësen un den George W. Bush. D’Sarah Palin op däer aanerer Säit sollt sech sëlwer erem virstellen. Dëst zumools well et dach grouss Kritiken goufen no den rezenten Interviewen, déi d’Madame Palin ginn huet.

Ween huet et gepackt?
Wann een nemmen déi Punkten hellt, hunn béid Kanidaten gudd ofgeschnidden. D’Sarah Palin ass definitiv erem méi beléift bei den Hardcore-Konservativen an den Senator vun Delaware huet d’Thema GW Bush e puer Mol erabruecht.

Also e Gläichstand?
Nee. Den Joe Biden waar nämlech definitiv besser doranner seng Zieler z’erreechen ewéi d’Sarah Palin. Déi republikanesch Kanidatin fir den Vice-President haat kloër Schwieregkeeten. An och wann dem John McCain säin Campaign Manager Ufank September gesoot huet: ‘This election is not about issues.’ esou schéngen d’Amerikaner trotzdem dës fir ganz wichteg zehaalen. D’Sarah Palin huet zelaang Zäit domatter verbruecht sech kloër zestellen an huet domatter kostbar Zäit verschéngt fir den Géigner –Biden an Obama– ze kritiséieren.

An gouf et een Faux Pas?
Nee. An daat wäer d’Obama-Supporteren ewuel erliichteren. Schliesslech ass den Biden bekannt fir déi eng oder aaner “fléien” zeloosen. Verschidden Kritiker hunn esou herno gesoot, dass den Biden déi beschten Debat vu sengem Liewen gemaach huet. [Ech schléisse mech denen un]
An och d’Sarah Palin haat keen Faux Pas. Och do goufen et bei den Republikaner Ängscht, zumools eben no den TV-Interviewen déi sie ginn haat.

Waar den Biden vun Ufank un dee stärksten?
Nee. Ganz kloër nee. Den Ufank iwwert d’Energie waar ewuel fir d’Sarah Palin, mee d’Economie an den Auslandspolitik waaren déi Punkten déi dem Joe Biden d’Victoire an dëser Debat bruecht hunn.

Irgendeen Zitat waat wäert hänke bléiwen?
Schwéier zesoen. Eent, waat ewuel vill vun der liberaler Press wäert benotzt ginn, ass dat vum Joe Biden iwwert den aktuellen Vice-President Dick Cheney. Hien huet dësen als “the most dangerous vice president” beschriwwen.

Wéi gesäit et an den eenzelnen States aus?
Woho. Schlecht Deeg fir d’Republikaner wann der d’Kuerzfassung wëllt hunn. Net nemmen dass den Obama an den “National Polls” alt mat 9% vrum McCain luch, esou gesäit et an deenen eenzelnen US-Staaten och net gudd aus.
Esou ass North Carolina definitiv en Toss-Up State (dat waar no der RNC “solid McCain”), Indiana ass deen nämlechten Fall, Virginia ass och nach emmer esou, West Virginia ass dës Woch vun “solid McCain” op “leaning McCain” erofgaangen, Montana ass vun “solid McCain” op “leaning McCain” erofgaangen an och Missouri ass vun “leaning McCain” elo erem zu engem Toss-Up State ginn. Et dierf een ewuel umierken, dass dëst alleguerten “Red States” sinn an dohier eigentlech secher missten fir den McCain wielen. Eigentlech.
An dann bléiwen natiirlech nach déi üblech Verdächteg: Ohio, Michigan, Florida, New Hampshire, New Mexico. Dëst Joër dann eben och nach Nevada an Colorado.

Allerdéngs –esou ass CNN gewuer ginn– wäert d’McCain Campagne Michigan “opginn”, dh sie wäerten déi Léit, déi momentan do sinn op aaner Stied (anscheinend Pennsylvania, Ohio an Maine) opdeelen. Den Obama huet zanter dem 15. September do erem e Virsprong, mee verschidden Republikanesch Kritiker glëwen, dass dessen Schrëtt vum John McCain vill zevill fréi kennt.

Bléiwen also momentan nach 9 richteg Toss-Up States: Virginia, Indiana, Missouri, North Carolina, Colorado [alles Red States], Florida, Ohio, Nevada, New Hampshire.
Wéider 2 Stied déi den McCain nach net ganz sécher an der Täsch huet: West Virginia, Montana

Waat soen déi läscht Emfroen an dësen Stied?
Virginia*: Obama +2,5%
Indiana*: McCain +2,2%
Missouri*: McCain +1,5%
North Carolina*: Obama +0,5%
Colorado*: Obama +4,4%
Florida*: Obama +3,0%
Ohio*: Obama +2,0%
Nevada*: Obama +0,5%
New Hampshire: Obama +5,6%

West Virginia*: McCain +0,6%
Montana*: McCain +2,8%

Dat heescht: Momentan giff ween gewannen?
Momentan wäer et eng Victoire fir den Obama an den Biden an et wäer eng ewéi den President Bill Clinton se vrun eppes méi ewéi 2 Wochen virausgesoot huet: “he will win big.”
Giffen d’Amerikaner haut wielen giff d’Resultat esou ausgesinn:
Obama/Biden: 353
McCain/Palin: 185

Wéini sinn d’Wahlen?
Elo. Jo. ELO. A verschidden Stied ewéi zum Beispill Ohio huet den “early voting” Prozess ugefaangen. D’Léit kennen sech dann och nach bis den 6. Oktober fir d’Wahlen registréieren. Den “richtegen” Wahldaag ass ma an engem Mount um 4. November.

EDIT (3. Oktober 2008; 22:10 Auer):
Anscheinend well den McCain elo och Pennsylvania “opginn”. Pennsylvania a Michigan zesummen sinn 38 Wahlmänner. Mee ween Pennsylvania a Michigan opgett, kritt et awer wahrscheinlech och immens schwéier zu Ohio (20 Wahlmänner). Schliesslech sinn déi Stied zimlech d’nämlecht an hieren Usichten an ween Ohio gewennt huet an deenen läschten Joerzengten EMMER d’Wahlen gewonnen. Mol kucken op dësen Schachzuch vum McCain opgeet…

———————————————————–
* Dës Stied hunn 2000 an 2004 alt mat groussem Ofstand fir den GW Bush gestemmt.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s