Ewuel net zenter dem Crash vun der Fortis (an dem méiglechen vun der Dexia), interesséieren sech d’Lëtzebuerger fir d’Finanzkriis an den USA (a jo net nemmen méi do).
De Weekend koum dunn eng kléng Erliichterung, mee haut um Méinden ass déi schon erem fort. Den Rettungspakt vun 700 Milliarden US-Dollar gouf vum “House” ofgeléent. Et haat awer näischt bruecht, dass béid Partéien den Rettungspakt mat opgestallt hunn an béid Presidentschaftskanidaten Obama an McCain den Pakt ennerstëtzt hunn.
Mat 228 Stemmen gouf de Pakt elo ofgeléent an dëst wäert ewuel elo net nemmen dem US-President Bush Kappzebrieches maachen. Den Republikaner Paul Ryan (Wisconsin) haat vrum Vote gesoot: “Colleagues, we’re in this moment and if we fail to do the right thing, heaven help us.”

Elo ass et also esou komm. An et dierft een ewuel gespaant sinn ewéi en Dennschten d’Welt reagéiert. Wahrscheinlech wäerten DAX, Dow Jones an Nikkei wäerten ma ewuel net gudd ofschnéiden. Mee emol kucken, ewéi et dann geet…

EDIT (29.09.2008; 20:54 Auer):
Ween huet dofir a ween dogéint gestemmt?
140 Demokraten an 65 Republikaner hunn dofir gestemmt= 205
95 Demokraten an 133 Republikaner hunn dogéint gestemmt= 228

EDIT 2 (29.09.2008; 21:37 Auer):
Den Dow Jones ass schons haut drastesch gefall. Kuerz no der Ofstemmung ass den Dow Jones em ganzer 600(!!) Punkten gefall.
Den Börsenindex an Groussbritannien huet mat engem Minus vun 5,3% zougemaachen a steet haut den Owend bei 4818.8 Punkten. Dëst ass dat schlemmsten Resultat zenter dem Abrëll 2005. Den Sky News-Economy Expert Jeremy Thompson huet gesoot gehaat: “We are witnessing perhaps one of the most dramatic economic and financial moments in modern history on both sides of the Atlantic.”

EDIT 3 (29.09.2008; 22:06 Auer):
Zu Paräis ass den CAC-40 em 4,9% gefall an den däitschen DAX huet 3,87% haut verluer. Allerdéngs muss een och soen, dass déi europäesch Mäert kuerz no der Ofstemmung zougemaach hunn.
Déi britesch Bank “Bradford & Bingley” gouf dann haut och opgekaaf, soss wäer et och fir déi Bank Sense gewiercht.
An Amerika maachen dann elo béid Parteien déi aaner verantwortlech. An den Barack Obama ass optimistesch, dass et trotzdem nach wäert en Accord ginn, während den John McCain dem Obama firwerft versoot zehunn an hien kéinnt net féieren (=”lead”).
Elo jhust huet dann och den republikaneschen Majoritätsleader am Kongress ugekennegt, dass et haut NET méi zu engem wéideren Vote wäert kommen.
Den Dow Jones schéngt momentan 748.21 Punkten zeverléieren. Mee nach ass den Marché an den USA net zou…

EDIT 4 (30.09.2008; 8:15 Auer):
Waat een geschter jhust konnt eraanen ass haut dann elo Realitéit. Den Nikkei ass kuerz nodeems d’Bourse opgemaach huet em ganzer 579.87 Punkten gefall. Dat sinn 4,94%. Déi japanesch Zentralbank huet dann direkt 2 Trilliounen Yen eragepompelt. Dat sinn 10,6 Milliarden britesch Pond.

(Politico ; Sky News ; CNN)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s