D’Néiwahlen an Eistréich hu Verloschter fir d’SPÖ an d’ÖVP mat sech bruecht. D’Sozialdemokraten hunn éischten Héichrechnungen no 28,6% vun den Stemmen kritt a faalen domatter em 7%. Sie bléiwen awer nach emmer déi stärksten Partei.
Déi konservativ ÖVP huet ganzer 9% u Wielerstemmen missten ofginn a komme jhust nach op 25%. Dëst ass dat schlechtesten Resultat fir d’ÖVP zenter hierer Grennung.
Profitéiert vun den Streideréien an der grousser Koalitioun hunn notamment déi Rietsextrem. D’BZÖ (Bündnis Zukunft Österreich) vum rietsradikalen Jörg Haider kruuten 12% an hunn domatter hiert Resultat praktesch verdréifacht!
Déi zweeten rietsradikal Partei d’FPÖ kruut e Plus vun 7% an stinn domatter bei 18% vun den Wielerstemmen.
Schwach Leschtungen gouf et op der aanerer Säit dann fir déi Gréng. Sie hunn 1% verluer a stinn nach bei 10% Wielerstemmen.
Déi 2 rietsradikal Parteien kommen demno op 30 Prozent an hunn domatter hiere Score am verglach zu den läschte Wahlen verduebelt.
D’Sozialisten kommen dann also op 56 Sëtz, d’Vollekspartei ÖVP op 49. D’FPÖ kennt op 35 an d’BZÖ op 23 Députéiert. Déi Gréng packen et alt nach op 20.
Fazit
Et schéngt also ewéi wann dës Néiwahlen näischt bruecht hätten. Et wäert ewuel bei enger grousser Koalitioun bléiwen an d’SPÖ wëll dann och mat der ÖVP zesumme goen. Koalitiounen mat den rietsradikalen Partei schléisst d’SPÖ aus. Den rietsradikalen FPÖ-Chef Heinz-Christian Strache huet awer och schons ugekennegt wëllen Kanzler elo zeginn!
[…] nach méi exzeptionnel war, wéi haut. De Mount drop maachen ech mer Suergen ëm de politesche Comeback vun der rietsextremer FPÖ an Éisträich & sinn erstaunt driwwer, dass d’CSU a Bayern hir Majoritéit verluer huet. […]