Et haat sech schons e besschen ugekennegt gehaat, mee elo huet d’Vollekspartéi et dann schwaarz op wéiss. D’CSU verléiert hier absolut Majoritéit a kennt op nemmen 43% vun den Wielerstemmen!
D’SPD verléiert och 1% a kennt op nemmen 19,1%. Trotzdem hunn sech d’Sozialdemokraten gefreet, wëll d’CSU verluer huet. Optimistesch waaeren se dann och bei der SPD, dass sie kéinnten mat aaneren Partéien Koalitiounen schléissen.
Déi Gréng kommen op 9,3% a kennen domatter e klénge Plus verzeechnen.
D’Linkspartéi kennt op 4,7% a verpasst domatter d’5%-Hurd a kennt demno net an den bayereschen Landtag eran.

Dat huet fir vill Freed bei der FDP gefouert. An och ewuel dat eegent Resultat hunn déi Liberal jubele geloos. Sie kommen op 8,1% a kommen domatter endlech erem an den Landtag eran.

Fazit
D’CSU schwätzt vun engem “schwarzen” Daag fir d’Partei. Et wäer eng “Katastrof”. D’Duo Beckstein/Huber kréien elo ewuel keng einfach Stonnen an Deeg. Et kann een ewuel dovunner aus goen, dass dat d’Enn vun dësem “Draamduo”, ewéi et nach vrun e puer Méint bei der CSU geheescht huet, ass. Ganz komesch ass et dann awer schons wann een a Bayern muss eng Koalitioun sichen. D’absolut Majoritéit ass dohinner an elo kann et zB mat der FDP fir d’CSU duergoen. Eng Schwaarz-Gréng Koalitioun ass och méiglech an eng Koalitioun mat engem wéideren Gewënner vun haut, den “Fréier Wähler”. Hieren 3. Ulaaf waar de richtegen an sie setzen dann elo am Landtag. Eng Koalitioun kéinnt et ginn, mee ass ewuel net unzehuelen. Déi extrem-konservativ Partei ass souzesoen de Sammelpunkt fir roosen CSU-Léit.
D’CSU befennt sech also haut den Owend an engem totalen Chaos a verschiddener wäerten ewuel méi wéit schons denken: op d’Bundespräsident-Wahl an d’Bundestags-Wahl d’nächst Joër.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s