+ 4′: Den éischten Deel (iwwert d’Welteconomie) waar ewuel kloër Obama-Land, dunn ewéi et ugefaangen huet iwwert d’Auslandspolitik zegoen huet den McCain erem lues a lues opgeholl.
Et ass awer ewuel esou, dass keen dës Debatt grouss wäert gewonnen. Esou kéinnt een behaapten, dass dann den McCain (deen mat méi heichen Ufuederungen eragaangen ass) ewuel de “klénge” Verléier ass.
Mee bon, wéi genee et ausgaangen ass an ob et iwwerhaapt eppes an den State Polls ausmécht, wäert sech ewuel an den nächsten Stonnen resp. Deeg entscheeden. An 39 Deeg stinn d’Wahlen un an dem Obama séng Debatt kennt erréicht. Déi läscht Debatt iwwert d’Economie an dat kuerz vrun den Wahlen.
Falls den McCain net grouss hei den Owend eraus kennt, gett et ewuel schwéier. Am beschten wäer wann hien min. giff gläichzéien, wann net esouguer liicht firléien. Fir dass d’Sarah Palin e besschen e “Polster” hätt.

Mee egal. Ech ginn mech elo mol an d’Bett leen. Maacht et gudd. Nach eng schéin Nuecht an e schéinen Weekend. An natiirlech e grousse Merci fir d’Liesen bei dësem Live-Blogging. 🙂

97′: An dat waar et dann also. D’Michelle Obama an d’Cindy McCain kommen op d’Bühn. Déi éischt Debat ass eriwwer an déi nächst ass déi vum 2. Oktober teschend dem Joe Biden an dem Sarah Palin.

93′: Obama schwätzt dovunner, dass säin Papp an Amerika komm ass wëll een do alles konnt fäerdeg bréngen. Dass dat waat vill Léit net méi giff gesinn, wann se op Amerika kucken an et ass dat wou den Obama giff drun schaffen.
Den McCain schwätzt dann dozou, dass wéi hien vum Prisong am Vietnam eremkomm ass e Mann gesinn huet den och gefoltert gouf. Den McCain wëes ween d’Frenn a ween d’Feinden vun den USA sinn.

89′: Den McCain bréngt den Irak erem eran an den Obama äntwert, dass dat eben den McCain an d’Bush-Regierung gemaach hätt. Während den Bin Laden am Afghanistan ass an während d’USA wéider Milliounen $ vun den Chinesen geléint hunn.
McCain probéiert elo zum Schluss nach den Obama mam Bush ze verlinken. Et schéngt ewéi wann him net nemmen “change” gefall huet. Den McCain giff keen Training méi, hien kéinnt elo direkt President ginn.

88′: Amerika misst méi mat Frenn zesummeschaffen, so den Obama. Mee hien wéillt och dass d’USA erem gudd ugesinn gett an der Welt. D’USA wäer dat beschten Land op der Welt an hätt momentan méi en schlemmen Ruf ewéi nach 2004 oder 2000.

85′: McCain fennt, dass Amerika elo méi secher wäer ewéi nach 9.11.2001. An et misst méi mat hieren Frenn zesumme schaffen an hien wisst ween d’Frenn vun den USA wäeren.

83′: Läscht Fro: Wéi “secher” ass et dass et e wéideren 9/11 wäert ginn?

82′: McCain kennt zereck op Offshore Oil Drilling: “Offshore Oil Drilling is very important.
Läscht Fro…

78′: Obama seet dass natiirlech d’Relatioun zenter dem August misst iwwerduercht ginn an Georgien misst (wann se d’Konditiounen erfellen) an d’Nato kommen. Trotzdem dierft een net an en 2. Kaale Krich kommen.
McCain gleewt net, dass en 2. Kaale Krich kéinnt elo entstoen an ass komplett op der Säit vun Georgien an hierem President. An hien hätt an dem Putin sengen Aan 3 Buchstaawen gesinn: e K, e B an e G…

73′: Russland steet un!

69′: Den Obama kennt op dem McCain säin Statement zereck, dass hien net wisst op hien sech giff mat dem spueneschen Premier (!!) zesummesetzen, well deen villeicht net déi nämlecht Ideen ewéi hien hätt. Obama: Spuenien. Dat ass e langjähregt Nato-Land!
McCain kennt drop zereck, dass et net nemmen “naif” wäer fir den Ahmadinejad zetreffen, mee et wäer “dangerous”. Et wäer ganz geféierlech fir d’USA an d’Welt…

67′: Den McCain kennt op dem Obama séin “Face-to-Face” Meeting ouni Konditiounen.
Den Obama seet, dass den Ahmadinejad net den wichtigsten Mann am Iran wäer. [Blogger Meenung: Endlech seet dat emol e Politiker!!] An domatter wäer et jo villeicht och net hien mat deen e muss schwätzen…

64′: Den McCain seet dass keen 2. Holocaust dierf geschéien an kritiséiert och direkt China an Russland. Den Obama fennt, dass den McCain zum Deel Recht huet. Esou dierft Iran keng Atombomb dierf kréien, mee bei Russland an China sinn se op 2 verschidden Punkten…

61′: Iran steet um Programm!

56′: McCain kennt mat enger schéiner Story, vun enger Fra däer hiere Jong am Irak gestuerwen ass, an déi him a Aarmband geschenkt huet. Schéngt awer net super ukomm zesinn.
Obama: Ech hun och esou eent. An déi Mamm huet zu mir gesoot, w.e.g. suergt dofir dass keng Mamm muss doduerch goen, ewou ech hu missten doduerch goen.
Schéngt ewéi wann an dëser “schéiner” Story den Obama e besschen méi gepunkt huet.

52′: Obama: “No one says we should attack Pakistan“. Gett dem McCain awer Recht, dass et eng extrem schwiereg Situatioun do wäer. Amerikanesch Truppen giffen vun der pakistanescher Grënz aus attackéiert ginn…

49′: Obama seet, dass hien jo vun Ufank un dofir waar fir méi US-Truppen an den Afghanistan zeschecken.
McCain seet, dass den Obama jo wéillt Pakistan militäresch ugräifen, wann et misst sinn. Dat giff een net soen.

47′ Elo kennt et dann offiziel zum Afghanistan… 🙂

44′: Obama seet dass hien dat giff verstoen, an kennt zereck, dass den Afghanistan jo den Haaptpunkt ass. Den McCain soot Ufank 2003 (Start Irak-Krich), dass den Afghanistan elo secher wäer a keen den USA an den internationalen Truppen do méi kéinnt schueden. Während den Bin Laden an d’Taliban nach emmer do aktiv waaren… (a sinn…)

42′: Den Obama hellt den McCain wéider am Irak-Krich Dossier op d’Horner. Hien giff nemmen vun der Surge schwätzen (déi 2007 ugefaangen huet), de Krich hätt awer 2003 ugefaangen. Den McCain huet deemols gesoot gehaat, dass de Krich schnell eriwwer wäer an d’USA wissten ewou d’Massenvernichtungswaffen wäeren.
McCain fennt et traureg, dass den Obama net den Ennerscheed teschend enger Strategie an enger Taktik versteet…

39′: McCain fennt, dass den Krich am Irak am Gaangen wäer eng Victoire fir d’USA zeginn an dat wéinst der “Surge” déi vun him komm ass.
Obama widderhellt, dass hien dogéint war vun Ufank un. Och wëll d’Aufgaab am Afghanistan nach net fäerdeg war.

36′: Elo geet et em den Irak!

34′: Obama hellt den McCain erem a kennt op déi ominéis “90%” zereck…

32′: Den Obama (op Fro vum Lehrer) seet dass déi aktuell Kriis natiirlech d’Finanzlaag fir hien als President giff beafloosen.
McCain seet, dass dat net esou gudd wäer. Mee trotzdem, seet hien, missten manner Suen aus der Staatskees goen…

31′: McCain: “We need nuclear power and offshore oil drilling here in the US.

29′: Obama seet hien wäer nemmen den liberalsten Senator well hien emmer all falsch Politik vum Bush ofgeléent huet. Gett un, dass hien zesummen mat engem Rep. en “Google for Government” gemaach huet ewou d’Léit kennen kucke goen wou wéivill Suen higinn…

26′: McCain seet, dass den Obama deen liberalsten Senator momentan an den USA ass. (Dat ass net besonneg do ugesinn :/) Trotzdem ass dem McCain net esou gudd beim Publikum ukomm. Waar eigentlech jhust nach eng Widderhuelung vun virdrun. Et muss geännert ginn. Wuel “change” iwwerholl awer nach net richteg définéiert? Mol kucken…

24′: Den Obama kennt mat besserer Schoul, Schoulmeeschteren ennerstëtzen, Gréng Energien -> méi Aarbeschsplaatzen an den USA. Ewuel e grousse Punkt fir den Obama. Rep., Dem. an Indep. am Raum kloër do op sénger Säit…

21′: McCain: “D’Léit mussen op eis Geschicht kucken.” Hien hätt emmer dofir gestemmt wann et eppes guddes fir d’Amerikaner waar (Stéierreduzéierung), den Obama hätt dogéint gestemmt…
Obama seet et wäer net wouer. Wuel awer e klénge Punkt fir den McCain.

17′: Interventioun vum Obama: Den McCain gett do keng Reduzéierung an huet déi nämlecht Politik ewéi den GW Bush…

15′: Den McCain kennt erem op d’earmarks zereck an seet, dass déi an deenen läschte 5 Joër verdréifart ginn sinn. Den McCain seet dann elo dass hien Stéierreduzéierung fir d’Middle Class bréngt…

13′: Den Obama gett him Recht a seet, dass hien “earmarks” fir Illinois ofgeléent huet. A kennt elo op dem McCain séng Stéierreduzéierung fir déi räichsten Léit an den USA…

11′: Laut dem McCain misst zu Washington “earmarks” gestoppt ginn. Washington wäer futti. Scheinbar schéngt et och haut em “change” zegoen…

8′: Den John McCain seet, dass et misst méi Responsablitéit ginn an der aktueller Economie. Den Obama äntwert, dass dat net nemmen während enger Finanzkriis misst esou sinn. A kennt dann op dem McCain säin “Fundamentals”-Argument zereck. Punkt Obama!

6′: Wou stinn d’Kanidaten um aktuellen Plang fir d’Welteconomie? Den Obama huet säi 4 Punkten Plang firgestallt. Déi 2 Minuten déi him nemmen fir z’äntwerten bléiwen huet hien ewuel gudd genotzt an haat teschenduerch d’Indep. am Raum grouss op sénger Säit. Et giff och em d’Main Street goen an net nemmen iwwert d’Wall Street.
Den McCain huet fir d’éischt den Teddy Kennedy ugeschwaat, deen an der Klinik elo erem ass. An huet ugekennegt, dass et him sëlwer och net giff gutt goen ewéi Milliounen vun Amerikaner.

0′: Den John McCain an den Barack Obama kommen elo op d’Bühn…

– 1′: Den Obama soll laut Experten éischter méi “waarm” eriwwer kommen net esou cool ewéi an den Virwaal-Debatten. Den McCain éischter méi “cool”. Mol kucken ob se sech drun haalen…

– 4′: Eppes waat awer bis elo nach net geklärt ass, ass firwaat den John McCain dann elo awer bei der Debatt dobäi ass. Hien haat ugekennegt dëst nemmen zemaachen wann eng Léisung am Kongress fonnt gouf. Demokraten am Kongress maachen hien iwwerengs verantwortlech dass den Deal a läschter Sekonn gebrach ass an elo muss wéider un enger gemeinsamer Léisung geschafft ginn. Mee bon. Den McCain ass do. Den Obama ass do. A gläich geet et lass…

– 8′: Läschten Emfroen no mengen iwwerengs d’Majorität vun den US-Amerikaner, dass den Obama d’Debatt haut gewënnt. Komesch, wëll grad dëst Thema eigentlech laut Emfroen “McCain-Land” ass. Mol kucken…

– 13′: Den John McCain huet fir den Irak-Krich gestemmt an ass der Meenung, dass een Truppen am Irak net direkt soll ofzéien. Hien huet baal all “War on Terror”-Budget fir den President Bush gestemmt. Hien ass dofir fir och wéiderhin net mat Kuba zeschwätzen a fennt et “naif” fir mat den Géigner vun den USA zekommunizéieren. Hien ass dofir fir méi eng staark Presenz vun den USA an der NATO am Darfur. D’ „Citizens for Global Solutions” haaten dem John McCain een “F” ginn fir séng Positiounen an der Aussepolitik.
(A+ = excellent; F= schlecht)

– 18′: Waat sinn (e puer) Punkten am Obama sengem “Foreign Policy” Dossier? Hien huet bekanntlech den Irak-Krich vun Ufank un ofgeleent. Hien wëll eng Ännerung an der aktueller US-Kuba Politik an wëll iwwerhaapt mat den “Feinden” schwätzen, sou zB mat Iran. Hien hätt gären, dass d’USA eng Virréiderroll spillen, wann et em “gréng” Energien geet. An d’ „Citizens for Global Solutions” haat dem Obama eng “A+” Note ginn op sengen Positiounen an der Auslandspolitk.

– 25′: Dass d’Presidentschaftsdebatten net emmer –oder eigentlech baal nii– en “game changer” sinn, ass bekannt. Net méi spéit ewéi 2004 haat nämlech den John Kerry ALL Debatt kloër géint den George W. Bush gewonn. D’Wahlresultat… bon… dat kenne mer alleguerten… 🙂

– 30′: Den Moderator vun dëser Debatt ass iwwerengs den Jim Lehrer vun PBS. Hien huet scho vill Erfahrung waat Presidentschafts-Debatten ubelaangt. An deenen läschte 5 Wahlen goufen insgesamt 10 Debatten vun him moderéiert. Hien gellt als een deen éischter méi eng roueg Debatt féiert an dofir gett hien dann och heiandsdo kritiséiert. Hien soot sëlwer iwwert d’Moderéieren: “You should be the coolest you’ve ever been and the most sober in realizing this is historical and important for the democratic process and the American voters, and you are the least important part.

– 35′: Salut an häerzlech wëllkomm bei dësem éischten LIVE-Blogging op Oppenen Bréif. Fir alleguerten déi déi net wëssen waat LIVE-Blogging ass: LIVE-Blogging heescht dass de Blogger iwwert bspw. en Event bloggt während dësen Event nach am Gaangen ass. Esou wäert sech also dësen Post bis no der Debatt nach e puer Mol veränneren. An dir sidd dann hei iwwert alles informéiert, falls der dann eben net vrun der Télé setzt an iech d’Debatt ukuckt. Elo ass et dann also och jhust nach eng Hallefstonn ier d’Debatt ufänkt an déi geet jo bekanntlech haaptsechlech em “National Security & Foreign Policy” (jo, net iwwert d’Economie!). Iwwert d’Economie geet et erréicht an der 3. an läschter Debatt den 15. Oktober.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. Also bis elo hun ech nach keen Live-Blogging “erliewt”. – Daat heiten ass do keng Ausnahm. Do war ech wuel e besse speit un. Majo dei nächsten keier wärt ech secher mol dobai sin. – Feed ass abonneiert!

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s