Mam Titel vun dësem Post ass eigentlech scho baal alles gesoot. No e puer gudden Deeg fir den John McCain huet d’Finanzkriis an den USA d’Spill erem op d’Kopp gedréit. Den Obama haat am Feld vun der Economie souwisou d’Nues kloër fir, mee nodeems et dann elo grouss an den Medien waar, huet sech dat nach vergréissert. Awer och ewuel d’Ausso vum John McCain: “The fundamentals of our economy are strong.” op deem Daag ewou e puer Dausend Amerikaner hier Aarbescht verluer hunn, waar ewuel net grad de cleversten Schachzuch vum Republikaner.

A wann een dann elo an d’State Polls kuckt esou gesäit een dass zimlech vill geschidd ass.
Elo muss een dann eigentlech nemmen soen, dass den John McCain Montana (MT; 3 Wahlmänner) ewuel sécher wäert kréien. Mee eppes waat d’läschte Kéier nach net ganz kloër waar ass de Faite dass Colorado (CO; 9 Wahlmänner) wäert ewuel blo ginn. Fir den Obama heescht et dann och d’Staaten Minnesota (MN; 10 Wahlmänner) erem ofginn an Wisconsin (WI; 10 Wahlmänner). Alerdéngs, an dat ass ewuel vill méi schlëmm fir den McCain, dësen muss nämlech elo erem em Missouri (MO; 11 Wahlmänner) an Indiana (IN; 11 Wahlmänner) ‘oofginn’. Dëst sinn eigentlech 2 “red states”. An och de Faite dass hien elo jhust nach 4% fir léit zu West Virginia (WV; 5 Wahlmänner), waat ebenfalls als “red state” dierf agestuft ginn, wäert sénger Campagne net gefaalen.
Dozou kennt dann nach dass den Obama wéiderhin ganz staark den McCain an aaneren “red states” enner Drock setzt ewéi zum Beispill zu Virginia (VA; 13 Wahlmänner) an North Carolina (NC; 15 Wahlmänner).
Eenzegen Liichtbléck fir den McCain. Pennsylvania (PA; 21 Wahlmänner) ass elo en Toss-Up State. Eigentlech wielt PA blo, mee schéinbar ginn et dëst Joër e puer Problemer fir d’Demokraten.

Da bléiwen natiirlech nach déi aal Bekannten: Florida (FL; 27 Wahlmänner), Ohio (OH; 20 Wahlmänner), New Hampshire (NH; 4 Wahlmänner).

Jiddefalls mellt CNN elo dass den John McCain elo awer wëll den Owend un der Debat deelhuelen. Dat aanert wäer och e zeschéinen Cadeau fir den Obama gewiercht. Alleng vrun Milliounen vu Léit de Géigner seng Positiounen kritiséieren an séng zeluewen. Ewéi den Obama an der Woch selwer gesoot huet: “Als President muss een och e puer Saachen gläichzäiteg kennen maachen.” Als “inoffizielle” Grond waar jo am Internet kurséiert, dass den McCain sech net gudd firbereed huet. Mol den Owend/an der Nuecht kucken op dat stemmt.

[Falls et klappt. Dh ech net zemidd sinn oder soss eppes do teschend kennt, wäert ech probéieren während der Debatt LIVE-Blogging hei zemaachen. Falls et net klappt, gett et ewuel spéistens ma den Owend e kompletten Post driwwer mat éischten Emfroresultater no der Debatt.]

EDIT: (26. September 2008; 19:54 Auer):
Den Jon Stewart a sénger genialer Manéier iwwert den John McCain séng Aussoen zenter dem Ufank vun der Finanzkriis (15. September 08):

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s