Dass d’Medien wichteg sinn an esouguer eng extrem grouss Roll spillen wëes ewuel jiddereen. Eigentlech misste mer esouvill Zeitungen ewéi méiglech liesen. Leider liesen awer ewuel de gréissten Deel vun der lëtzebuergescher Bevölkerung “nemmen” d’Luxemburger Wort an lauschteren och “nemmen” den RTL.

Waat d’Medien emstand sinn zemaachen, wann een hinnen dann bis eng Kéier d’Kontroll ginn huet an een all aaner Informatioun eigentlech direkt ofléent, wéist den Michael Moore nach eng Kéier. Fir genee zesinn seet hien et eigentlech a séngen néisten Film “Slacker Uprising” (gedréit 2004), deen nemmen an den USA iwwert den Internet kann gekuckt ginn. Hei dann awer deen Extrait, deen ewuel alles ausseet:

Ech wëes natiirlech, dass een de Michael Moore entweder gäeren huet oder och net, mee waat den Häerr Moore do gesoot huet stemmt zu 100 Prozent. An et stemmt fir all Land!

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.