Haut de Moien waar et dann un der Demokratescher Partei fir sech schons esou lues a lues fir den Wahlkampf ze positionnéieren. An esou ass et dann elo offiziell, dass den Claude Meisch de Spëtzekanidat vun den Liberalen am Juni wäert sinn. Den aktuelle Parteipresident gouf eestëmmeg vum Comité Directeur vun der DP gewielt.
Den Député-Maire vun Déifferdeng probéiert also d’DP erem an d’Majorität zeféieren. Nach eng secherlech gudd Nooricht ass déi, dass no der CSV an deenen Gréngen, och d’DP décidéiert huet getrennte Leschten zemaachen. D’LSAP ass sech nach net secher waat sie maachen an den adr ass d’ailleurs dofir fir d’Dueblekanidaturen beizebehaalen.
Am folgenden hunn ech e puer Links dru gehaangen fir den Claude Meisch e beeschen wéider „firzestellen”:
* Questions Parlementaires vum Claude Meisch
* Claude Meisch zur Bildungspolitik
* Claude Meisch zur Emwëltspolitik
* Kannerbetréiung
an déi 2 ewuel “wichtegsten” Rieden déi hien a läschter Zäit ginn huet:
* Äntwert op d’„Ried zur Laag vun der Natioun”
* Ried um Nationalkongress vun der DP
[Posts iwwert déi aaner Spëtzekanidaten, wann se dann bekannt ginn, komme geschwënn. ;)]