D’OPEC (Organisation of Petroleum Exporting Countries) huet vrun e puer Stonnen décidéiert fir d’Produktioun vum Uelleg erofzesetzen. An Zukunft (ab dem Oktober) sollen all Daag 520,000 Barrel manner produzéiert ginn.
Natiirlech stéisst dat net op Freed an der Welt. D’EU seet: “We believe that OPEC should not reduce or increase its production into the market.” An d’Amerikaner sinn och net esou glëcklech iwwert dës Entscheedung. Mee zumools de Camp vum Demokrat Obama schéngt dat net zegefallen. Schliesslech giff säi Plang e luesen Ofzuch vun der OPEC virgesinn an d’Opbauen vun “grengen” Energien. Den Republikaner John McCain wëll jo sowisou no Uelleg an Amerika bueren (Naturschutzgebidd zu Alaska). Dës Décisioun vun der OPEC spillt also ewuel och eng grouss Roll am amerikaneschen Waalkampf.
Wëll –an dat ass kloër– déi Reduktioun wäert de Präiss an d’Luut goe loosen. Joërelang schwätzen Politiker dovunner “emzestéichen”. Verspriechen ginn am Wahlkampf gemaach. Mee schons an den Sondéierungsgesprächer sinn déi erem vergiess.
De Beschloss fir déi 520,000 Barrel den Daag manner zeproduzéieren koum zwar e Mettwoch de Moien och fir d’Experten iwwerraschend, mee trotzdem hätt een kéinnten e besschen besser drop virbereed sinn. Während de Marché nach ganz (laang) roueg bliwwe war; de Präiss vun 1 Barrel ass erréicht am Nometten iwwert 100 $ komm, ier en dunn erem erofgesackt ass; gouf hannert de Kulissen schons ferm diskutéiert.
Schliesslech schafft d’OPEC mat Russland zesummen. Dass zumools d’EU elo komplett ofhängeg ass vun dëser Entscheedung, gesäit een dorunner, dass d’Europäer den Uelleg vun der OPEC an de Gaas vun de Russen kréien. An der EU sëlwer gett eigentlech net vill Grousses an der Energiebranche produzéiert. Esou haat esouguer den briteschen Premier Gordon Brown(!) am Ufank vum Kaukasuskonflikt gewarnt, dass “keen Land” Europa dierft am “Energie-Würgegrëff” hun.
Mee scheinbar hun se net nemmen an Groussbritanien opgehaalen op den Gordon Brown zelauschteren.
An dem Claude Turmes (Déi Gréng) säin néit EU-Gesetz fir d’Förderung vun den ernéierbaren Energien kennt villeicht e besschen zespéit –wann een dat iwwerhaapt kann bei esou engem Thema behaapten. Mat deem Gesetz wäeren nämlech, esou den Claude Turmes, déi “gréng” Energien 2020 an Europa d’Nummer 1.
Wëll sech d’Laag op der Bourse nach momentan a Grenzen hällt, dierft een gespaant sinn fir wéi laang dat nach de Fall ass. Eent ass kloër, sollten d’Präisser erem dramatesch steigen sinn et zumools déi “kléng” Bierger, déi momentan sowisou net all zevill hun, vun der Europäischer Unioun, déi als éischt dovunner getraff ginn…