Genee 60 Deeg vrun de Wahle kucken ech elo emol op déi vergaangen 1 1/2 Woch zereck:

Dem Obama séng Ried d’läscht Woch gouf als eng vun deenen beschten Rieden zenter dem John F. Kennedy ugesinn. Scharf. Kloër. Direkt. Konkret. Ech selwer hun den Obama an deenen läschten 4 Joër nach nii esou gesinn. An hien huet eigentlech genee dat gemaach, waat vun him verlaangt ginn ass. Den junior Senator vun Illinois huet vrun 85.000 Léit –dausenden stungen nach vrun den Dieren– séng Acceptance Speech ginn, déi no den Emfroën och bei dem amerikaneschen Bierger gudd ukomm ass. Iwwer 50% hu séng Ried gudd oder esouguer als excellent agestuft. Esou een héische Score haat net emol den Bill Clinton séng super Ried 1992 oder dem Reagan séng 1980.
Den Barack Obama huet d’Situatioun vu sénger Famill duergestallt, huet déi vun baal allen Amerikaner duergestallt, huet säin “Change” définéiert, huet alt erem drop obmierksam gemaach, dass muss op ernéierbar Energien gesaat ginn, huet ugekennegt hannert d’Terroristen am Afghanistan zegoen, huet ugekennegt de Krich am Irak op en Enn zebrengen, huet Krankeversecherung fir jiddereen ugekennegt, huet säi Plang fir méi Aarbeschtsplazen an Amerika opgeluegt. D’Campagne vum John McCain huet zwar du gesoot, den Obama wäer nach emmer net prett fir President zeginn, mee daat Argument hun se sech nemmen e puer Stonnen méi spéit selwer futti gemaach…

Fazit vum Obama sénger Ried waar en 8% “Convention Bounce” an dee konnt och den Ufank vun der RNC an d’Madame Palin hier Nominatioun net grouss änneren. (Waat d’RNC konkret bruecht huet, kennt am spéiden Owend resp. de Weekend eraus).

An d’Ried vun der Gov. Sarah Palin huet zwar fir vill Applaus bei den Delegéierten gefouert, mee och fir ganz vill Enthusiasmus bei den Unhänger vum Obama. D’Madame Palin haat nämlech an hierer Ried den Demokrat e besschen zevill kritiséiert an och séng Tätegkeet als “community organiser” (Léit, déi aaneren Léit hellefen wanns se hier Plaaz verléieren. Sierf et fir se moralesch erem opzebauen an hinnen hellefen eng néi Schaff zefannen oder hinnen hellefen hier aal Plaatz erem zekréien). Dorops hinn huet déi amerikanesch “Community Organiser” „Gewerkschaft” d’Sarah Palin opgefuerdert sech bei allen –fréieren an aktuellen– Community Organiseren ze entschellegen. Bis ewell blouf awer esou eppes aus, genee ewéi iwwerhaapt en eenzegen Interview vun der Madame Palin zenter hierem Optrëtt mam John McCain d’läschte Weekend. Eppes waat der Press net gefällt an dorops hinn hu sie selwer emol Léit an Alaska gescheckt fir Informatiounen iwwert d’Sarah Palin erauszefannen. “Troopergate” an den “Baby-Skandal” waaren séier verbreed an dat ass der Madame Palin net gaangen, déi dunn och an hierer Ried, déi iwwerengs vun engem fréieren Campagne-Matarbeschter vum George W. Bush geschriwwe gouf, d’Medien vernannt a sie kéinnt domatter e grousse Fehler gemaach hun. 5 Deeg vrun de Wahlen kennt d’Resultat iwwert Troopergate-Affäre eraus. Ass d’Madame Palin schelleg, kéinnt dat eng knapps Woch vrun de Wahlen d’Victoire fir den Obama bedéiten. D’Press wäert ewuel elo nach méi scharf mat hier emgoen an hier Influence ass bekannt, d’Medien gi jo och net fir näischt den 4. Pouvoir genannt. A wéi soot den Obama: “Ech huelen un, dass d’Madame Palin wëll ewéi jiddereen behandelt ginn an da gehéiert dat dozou. Ech erliewen dat elo schons zenter 19 Méint, d’Madame Palin zenter 4 Deeg.”
Eppes waat an hierer Ried gefehlt huet waaren Ukennegungen vun enger McCain/Palin Regierung. Dat eenzegt waat do grouss erausgestach huet war “drill now” an dass Amerika endlech soll am Naturschutzgebidd vun Alaska no Uelleg bueren. Da giffen se och nach méi fir d’Léit maachen. Stéieren orofsetzen. An Amerika giff méi “gréng” ginn. Da misst se awer –menger Meenung no– méi um Obama sénger Säit stoen, waat och Ufank August nach de Fall waar ewéi sie dem Obama säin Energieplang geluewt huet. Mee dee Luew e Mettwoch net méi verhaanden.

Interessanterwéis huet d’Madame Palin elo net méi vun der “Bridge to Nowhere” geschwaat. Vrun enger Woch nach huet sie behaapt “Thanks. But no thanks.” zu däer Bréck gesoot zehunn. E puer Stonnen méi spéit koum eraus, dass d’Madame Palin komplett fir de Bau vun däer Bréck waar. Ewéi déi awer zu engem nationale Witz gouf an d’Regierung net alles wollt bezuelen, huet d’Gov. Palin d’Saach ofgebloosen.
Wëll Problemer mat de Finanzen haat d’Madame Palin schons an hierer klénger Gemeng (7.000 Awunner) als Buergermeeschter gehaat an sie huet d’Gemeng mat engem Rekord-Defizit verloos.
An déi ganz Saach vun der Bridge To Nowhere steet iwwerengs och op Wikipedia. Daat haat d’Campagne vum John McCain vergiess gehaat zeverbesseren. Séng Campagne haat nämlech kuerz no der Bekanntgaab vum Sarah Palin däer hier Wikipedia-Säit “verbessert” a “verschéinert”.

D’Republikaner hun dann elo och ganz stolz gesoot gehaat, dass an deenen 24 Stonnen no der Ried vum Sarah Palin 1 Millioun $ u Spenden komm ass. D’Campagne vum Obama huet natiirlech direkt reagéiert an hier Statistik firgeluecht: 10 Milliounen US-Dollar an deenen 24 Stonnen. Dat ass en néie Rekord.

A ganz éierlech esou laang d’Republikaner –an zumools d’Sarah Palin– net kloër soen waat konkret se wëlle maachen an se nemmen de Géigner an den Dréck zéien, wäert dat wahrscheinlech och nach esou wéider goen. An déi liberal Blogger maachen wéiderhin de Geck, dass d’Sarah Palin nach vrun engem Mount op der Télé gefroot huet, waat dann elo eigentlech en Vice-President mécht. Doropshinn gouf natiirlech den Lien teschend dem Bush an dem McCain méi grouss. Den Obama huet vun Ufank un déi scharf a knaschteg Attacken ugekennegt an elo treffen se esou lues a lues an. Dat gett de Léit d’Gefill, dass hien eben vrun allen aaneren gesäit waat op hien, a säi Land, duerkennt. Dat bedéit méi Confidence an dat bedéit méi Stemmen.
Stemmen, déi den Senator vun Arazona onbedengt brauch, schliesslech huet sech d’Laach an deenen läschten Deeg fir hien verschlechtert. An déi nächst 14 Deeg gi fir McCain/Palin de éischten groussen Test.
Méi doriwwer gett et awer erréicht dëse Weekend…

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s