Sou ier elo een an de Kommentarer freet:
Jo, ech hu keen Wochereckbleck gemaach vun den Wahlen an Amerika (awer dofir hun ech jo awer déi ganz läscht Woch komplett iwwert se bericht)
Nee, dat waat ech am Post iwwert Gov. Sarah Palin geschriwwen hun ass net alles dat waat ech wëes. Ech hun an deenen läschte Stonnen honnerten vun Internetsäiten iwwert d’Madame Palin gelies an tausenden vun Kommentarer.
Jo, alles waat ech gelies hun a waat och (no enger grendlecher Préifung) wouer ass– et ginn extrem vill falsch Gerüchter och elo an d’Welt gesaat– wäert ech hei posten.
Firwaat déi Paus?
Ech sinn an deenen nächsten Deeg net am Land, e.a. ginn ech him hei Äddi soen. (Well een nemme als Member Ticket’en kritt huet, hun sech déi puer Euro fir dës Saison séch schons erem gelount 🙂 An ech wäert och die hei live gesinn)
Nächste Weekend gett et dann awer e kompletten Post iwwert Amerika an wahrscheinlech och erem iwwert Lëtzebuerg, elo ewou d’Rentrée vrun der Diir steet, muss natiirlech och doriwwer gepost ginn 😀
Bis d’nächste Weekend,
Tom
P.S. Dofir léen ech iech awer wirklech un d’Häerz fir op YouTube *gratis* a *legal* de Film “No End In Sight” zekucken. Et ass e super Dokumentarfilm an ech wäer dann och frou wann dir ewéi ech esou e Film gifft ennerstetzen an dir gifft iech en op DVD kaafen.
Fir d’éischt kuckt de Film awer emol hei: YouTube