[Fir d’alleréischt well ech jhust hei soen, dass ech natiirlech iwwert dem Obama séng Ried wäert schréiwen, mee ech wäert dëst erréicht am Wochereckbléck maachen, wa kloër ass waat d’Convention dem Obama an den Emfroën bruecht huet.]

An elo zur grousser Nooricht vun haut: den republikaneschen Presidentschaftskanidat John McCain huet d’Madame Governor Sarah Palin vun Alaska op den Ticket geholl. D’Madame Palin ass 44 Joër aal an huet (zanter dem Abrëll) 5 Kanner. Sie huet Journalismus studéiert an ass zanter baal 2 Joër Gouvernorin vun Alaska. Dëst ass hieren éischten “gréisseren” Job, deen se kritt huet. Sie war ni am US-Senat, ni am Kongress an esouguer nach ni am “State Senate” vun Alaska. An domatter dierft dem John McCain säin Haaptargument fort sinn. Hien huet emmer widderholl, dass den Obama keng Erfahrung hätt an huet dann elo eng Fra als “running mate” geholl, déi nach manner Erfahrung huet ewéi säin Géigner. Dass dat Argument fort ass, huet elo och d’Obama Campagne dem amerikaneschen Noorichtesender CNN matgedeelt.

Firwaat wäer Erfahrung beim “running mate” net schlecht?
Ma wann d’Sarah Palin mam John McCain d’Wahlen gewënnt, ass sie Vice-President. Sollt den John McCain, deen haut säin 72. Gebuertsdaag féiert, schwéier krank ginn oder esouguer stierwen, giff de Vice-President den “commander in chief” ginn.
Dass um CV vun der Madame Palin nach vill Erfahrung feelt, huet een och un der Ukennegung gesinn. Vill méi ewéi d’Opzielen vun de Kanner an d’Aussoe, dass sie Gov. zu Alaska wäer, ass net komm.
Den John McCain spillt mat dëser Card e ganz geféierlecht Spill. Vielleicht geet et op a jiddereen luewt hien, oder de Schoss geet no hanne lass an d’Republikaner erliewen en “nightmare” den 4. November.

Firwaat dann elo d’Madame Palin?
Méi kloër konnt den McCain et awer elo net maachen. Mam Palin als “running mate” geet et drems déi Fraen vum Hillary Clinton zekréien. Dofir huet d’Madame Palin jo och direkt d’Madame Clinton ernimmt. Komesch, wëll am Ufank vun den Virwahlen hun d’Republikaner d’Hillary Clinton nach “this bitch” genannt. Ewéi séier een dach kann séng Meenung iwwert een änneren.
Kloër ass awer och, dass den McCain domatter déi Konservativ aus sénger Partei well hannert sech kréien. D’Madame Palin ass komplett géint d’Ofdréiwung a komplett dogéint Homosexuellen méi Rechter zeginn.
Laut éischten Aussoen schéngt dat geklappt zehun an vun den Konservativen gouf et nemme Luew fir dëse Choix. Mee aaner Republikaner sinn onzefridden, well d’Madame Palin keng Erfahrung huet. Een huet esouguer alleguerten seng John McCain Schelder, déi hien vru séngem Haus opgestallt haat, elo erausgeholl an zerappt.

Wäerten d’Fraléit sech blende loosen?
Dat ass eng ganz interessant Fro. D’Fraen hu schons oft (zumools an Amerika) eng Waal entscheed an dierft ee gespaant sinn ewéi sie drop reagéieren. Allerdéngs sinn déi jonk Fraen, déi Clinton-Supporteren waaren, éischter d’accord Defaite vun hierem Kanidat anzegesinn an fir den Obama zestemmen. Et sinn zumools déi äler Fraen, déi nach Problemer mam Obama hun, ob déi et dann och wäert ukommen. Op déi eng 44-jähreg Mamm wäerten gäeren hun?
Eischt Reaktioun vun den Fraléit ass éischter ganz zereckhaalend an verschiddener soen, dass sie giffen “doduerch gesinn”, duerch dësen Choix vum McCain.

D’Madame Palin muss also an der VP-Debatt géint den erfahrenen Joe Biden untrieden. D’Madame Palin, déi 3 Joër méi jonk ass ewéi den Barack Obama, kinnt et do schwéier kréien. Mee zumools den Joe Biden muss oppassen. Bréngt hien zevill op, gesäit et aus ewéi wann hien, de groussen aale Mann, déi kléng jonk Fra a Grond a Bueden giff fäerdeg maachen. Dat giff Sympathiepunkten fir d’Palin bedéinten. Et wäer ewuel am beschten, wann den Joe Biden Debatt mat 7-10% giff gewannen.

Mee egal wéi, Geschicht gett och op der RNC (Republican National Convention) zu St. Paul (Minnesota) geschriwwen, wann fir déi éischte Kéier an der Geschicht vun den Republikaner eng Fra offiziell wäert de Kanidat vun hinnen sinn fir den Posten als Vice-President.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s