En éischte kléngen Update vum dretten Daag vun der Convention vun den Demokraten zu Denver, Colorado.
Dir musst iech den 27. August 2008 an äerem Kalenner ukräizen. Op dësem Daag schréiwt d’Demokratesch Partei an Amerika Geschicht an huet per Akklamtioun (ugefroot vum Hillary Rodham Clinton) fir déi éischte Kéier en schwarze Mann als Präsidentschaftskanidat vun enger grousser Partei gewielt.
Den 27. August 2008. E grousse Schrëtt fir d’Menschheet. Den Barack H. Obama, gebuer zu Hawai, Bouw vun engem Kenianer an enger Fra vu Kansas, liewt fir e puer Joër als Kand an Indonesien, kennt zereck an Amerika, schafft sech mat Stipediumen erop, schafft dunn als “community organiser”, gett en State Senator zu Illinois, gett deno en US-Senator an ass elo offiziell Präsidentschaftskanidat!
Den 27. August 2008. En Daag deen an d’Geschicht ageet. Baal 45 Joër no deser Ried:
Markéiert iech dësen Daag am Kalenner. Verhaalt en. D’Welt huet sech wéider verännert an eng besser Richtung. Vun haut un liewe mer nach e besschen méi zesumme ewéi nach geschter.
[Méi an e puer Stonnen…]
Edit (28. August 2008; 3:25 Auer): Fir alleguerten déi dësen Moment vun der Geschicht net live materliewt hun, hei dann de Video: