En éischte kléngen Update vum dretten Daag vun der Convention vun den Demokraten zu Denver, Colorado.

Dir musst iech den 27. August 2008 an äerem Kalenner ukräizen. Op dësem Daag schréiwt d’Demokratesch Partei an Amerika Geschicht an huet per Akklamtioun (ugefroot vum Hillary Rodham Clinton) fir déi éischte Kéier en schwarze Mann als Präsidentschaftskanidat vun enger grousser Partei gewielt.

Den 27. August 2008. E grousse Schrëtt fir d’Menschheet. Den Barack H. Obama, gebuer zu Hawai, Bouw vun engem Kenianer an enger Fra vu Kansas, liewt fir e puer Joër als Kand an Indonesien, kennt zereck an Amerika, schafft sech mat Stipediumen erop, schafft dunn als “community organiser”, gett en State Senator zu Illinois, gett deno en US-Senator an ass elo offiziell Präsidentschaftskanidat!

Den 27. August 2008. En Daag deen an d’Geschicht ageet. Baal 45 Joër no deser Ried:

Markéiert iech dësen Daag am Kalenner. Verhaalt en. D’Welt huet sech wéider verännert an eng besser Richtung. Vun haut un liewe mer nach e besschen méi zesumme ewéi nach geschter.

[Méi an e puer Stonnen…]

Edit (28. August 2008; 3:25 Auer): Fir alleguerten déi dësen Moment vun der Geschicht net live materliewt hun, hei dann de Video:

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

2 Comments

  1. Effektiv e groussen Dag, e gréisseren Dag erwarden ech mer fir November. Deen Dag un deem d’US and A hoffentlech dee Mann wielen deen se verdingen an néideg hunn. Och wann eis Hoffnung, ugedriwen vun der (bislo) erfollegräicher Kampagn, villäicht an e puer Méint gebremst gëtt well den “Change” awer net sou schnell do ass wéi gewënscht. Am Moment op alle Fall hängt et op ménger Toilette an ech soen et mat Stolz: Obama is my Homeboy.

    An emmer schéi weider maachen mat dem Coverage!

    Reply

  2. 🙂 Haut kéinnt entscheedent ginn fir den November, ewéi ech a mengem läschte Commentaire geschriwwen hun.
    An “Change” wäert schons direkt kommen. Wéi laang et dauert bis dass mir Europäer et hei spieren ass eng aaner Saach. 😉

    Machen ech, maachen ech…

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s