Haut um 45sten Gebuertsdaag vun der weltberühmter “I Have A Dream” Ried vum Dr Martin Luther King, gett den Barack Obama als éischten Schwarzen séng “Acceptance Speech” fir de Posten als Presidentschaftskanidat vun enger grousser Partei, an domatter theoretesch gudd Chancen huet am November zegewannen.

Den August war awer bis nach Ufank der Woch deen vu séngem Géigner John McCain. Dësen huet de Krich am Kaukasus genotzt fir séng Punkten an der Aussepolitik zeverbesseren a konnt ganz am Ufank vum Mount d’Republikaner e besschen méi op séng Säit zeihen an deems hien den Barack Obama als “the biggest celebrity in the world” duergestallt huet.

Mee trotzdem schéngt d’Enn vum August dem Junior Senator vun Illinois zegehéieren. Vill Léit hun geduercht d’Demokraten giffen sech op dësem Parteidaag zu Denver (Colorado) d’Käpp aschloen. Mee esou sollt et dach net kommen. Den Barack an zumools d’Michelle Obama konnt sech nach eng Kéier wéissen. Wichteg, wëll seng Popularität dach stark ennert dem laangen Virwaalkampf gelidden huet. Den Senator Edward “Teddy” Kennedy huet vun “new hope” geschwaat. Op sénger –ewéi hien selwer gesoot huet– läschter Convention, huet de Brudder vum JFK an RFK de Staaf wéiderginn un déi nächst Generatioun, un den Barack Obama.
An um Dennschten huet den Dennis Kucinich Amerika erwescht, den Sen. Bob Casey Jr. (Pennsylvania) huet “only 4 more months” fir d’Bush/McCain-Republikaner ugekennegt an d’Hillary Rodham Clinton huet ewuel eng vun hiere beschte Riede ginn.
Geschter dunn koum ewuel eng vun deenen beschten Rieden (wann net esouguer déi bescht iwwerhaapt) vum John Kerry, déi hien je ginn huet. Et freet een sech elo nach firwaat hien vrun 4 Joër de grousse Fehler gemaach huet d’Republikaner net op sénger Convention unzegräifen. An den Bill Clinton huet et geschter op de Punkt bruecht: d’Hillary wäert fir den Obama stemmen. Dat mécht der schons 2 vun éis. Dat mécht der esouguer 18 Milliounen vun éis.
Op dat awer antrefft? Je verschidden Hardcore-Clinton Supporteren, oder och ewéi se sech d’ailleurs sëlwer nennen P.U.M.A.s (Party Unity, My Ass) wäerten ewuel awer de 4. November net fir den Obama wielen.

Wann een sech “State polls” ukuckt, schéngt sech den Obama lues a lues erem ze erkréien. Läschten Emfroën (gefroot gouf um den Dennschten!) léit hien elo mat iwwer 10 Prozent fir am “swing state” New Mexiko, huet e Virsprong am “red state” Colorado an am “red state” Virginia kritt, huet e kléngen Virsprong zu Nevada erausgeholl a konnt dem McCain säi Virsprong zu Ohio elo ausgläichen.
Et kéinnt also en méiglechen “convention bounce” ginn fir den Obama. Dee gréissten “Convention bounce” huet 1992 den Bill Clinton aréscht gehaat, mat engem 16% Sprong ass hien aus der DNC erauskomm. An de Bill Clinton kruut deemols vun de Republikaner och virgeworf “ze jonk” zesinn a “keng Erfahrung” zehun. Seng Äntwert geschter dorops: “It didn’t work in 1992 because we were on the right side of history. It won’t work in 2008 because Barack Obama is on the right side of history.”

Mee den Barack Obama huet et haut (an dofir den Titel) selwer an der Hand. Och wann den Gov. Bill Richardson vun New Mexiko, de Parteipresident Howard Dean, den Musiker Stevie Wonder, de Musiker Will.I.Am, d’Sängerin Sheryl Crow an den Nobelpreisträger Al Gore d’Publikum waarm maachen, esou MUSS haut den Owend eng kloër Nooricht eriwwer kommen. Hien muss nach eng besser Ried haalen ewéi déi déi hien schons an de Virwaale gehaalen huet. Hien muss nach méi d’Léit matrappen. D’Hillary Clinton wäert och ennert deenen baal 80.000 Léit am Footballstadion sinn, an vielleicht wäer et jo net schlecht och d’Madame Clinton op d’Bühn zeruffen. E kloërt Bild mussen d’Léit kréien. Den Barack Obama hätt sech d’Laat selwer net méi heich kennen setzen. Zesummen mat der Demokratesch Partei, mat dem DNCC (Democratic National Convention Committee), haat den Obama bis ewell e super Programm opgesaat.
Lues a lues huet sech dat Ganzt gestéigert. An elo muss hien et selwer maachen. Seng Campagne huet d’Supporteren opgefuerdert “Convention Watch Party” zemachen an honnerten vu Léit organiséieren der haut den Owend quesch duerch ganz Amerika. Baal 80,000 Léit am Stadion sëlwer. Dass d’ailleurs zenter dem John F. Kennedy keen Politiker méi gewiercht, deen seng “Acceptance Speech” vrun de Léit an net nemmen” vrun den Delegéierten gehaalen huet. Milliounen vu Léit déi vrun den Télé’en setzen an nokucken. Mécht den Obama haut eng schlecht Figur, wäert den McCain ewuel d’nächst Woch no der RNC e Virsprong eraushuelen, deen schwéier gett erem opzehuelen.

Amerika kuckt haut ganz op den Junior Senator vun Illinois. Séng gréissten a wichtegsten Ried steet un. Eng déi iwwert de Verlaaf vun dëse Wahlen entscheede kéinnt.

Also, Mr Obama elo oder (wahrscheinlech) nii.

[Edit (28. August 2008; 23:32 Auer): Et heescht wirklech elo oder nii fir den Obama. An enger néister Gallup-Emfro huet den Obama am ganze Land wäerend deenen éischten 2 Deeg 6% u Popularität gewonnen an léit elo erem 6% vrum McCain. Gallup-Emfroën sinn bekannt dofir extrem genee zesinn, bis elo hunn déi sech an der Geschicht vun den USA selten verschätzt gehaat.]

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s